Klima.lu - Klimapakt Réidener Kanton

                  

Toggle Navigation
  • Home
  • Kanton Redingen
  • Tipps zum Klimaschutz
    • Essen
    • Heizen
    • Büro
    • Auto fahren
    • Möbel
    • Kleider
    • Kochen
    • Beleuchtung
    • Kühlen
    • Waschen
    • Berechnen Sie Ihren CO2 Fußabdruck!
  • Klimapakt
    • Allgemeines
    • Nutzen
    • Mitmachen
  • Klimaschutz
    • Weltklimarat
    • Energieverbrauch
    • Treibhauseffekt
    • Erneuerbare Energien
    • Energiewende
  • Témoignagen vu Klimaschützer
    • Témoignagen - Beckerich
    • Témoignagen - Ell
    • Témoignagen - Groussbus
    • Témoignagen - Préizerdaul
    • Témoignagen - Rammerich
    • Témoignages - Réiden
      • Energie „made in“ Noojhem
    • Témoignages - Sëll
    • Témoignagen - Useldeng
    • Témoignagen - Viichten
    • Témoignagen - Wahl
  • Links
  • Kontakt
  • Literatur
  • Archiv
  • Vëlo am Westen
    • Kaart Vëlo
  • Klima-Interview Schäfferéit
    • Klima-Interview Gemeng Biekerech
    • Klima-Interview Gemeng Ell
    • Klima-Interview Gemeng Groussbus
    • Klima-Interview Gemeng Useldeng
    • Klima-Interview Gemeng Préizerdaul
    • Klima-Interview Gemeng Réiden
    • Klima-Interview Gemeng Rammerich
    • Klima-Interview Gemeng Sëll
  • Klima-Fakten
    • Klima-Fakten der Gemeinde Beckerich
    • Klima-Fakten der Gemeinde Ell
    • Klima-Fakten der Gemeinde Groussbus
    • Klima-Fakten der Gemeinde Useldingen
  • Mobilität
  • Wandpark

Resultater Mobilitéitsëmfro 2020

Resultater vun der Ëmfro fir eng zäitgeméiss Mobilitéit am Kanton Réiden

Résultats du sondage pour une mobilité opportune au Canton de Redange

(LU) Am Kader vun der Mobilitéitswoch 2020, gouf am Kanton Réiden eng anonym Ëmfro iwwer d’Mobilitéitsverhalen a Corona-Zäiten organiséiert. Et hunn insgesamt 200 Awunner matgemaach, deene mir villmools Merci hei wëlle soen.

Dir fannt d'Grafike mat all de Resultater hei.

(FR) Dans le cadre de la semaine de la mobilité 2020, le Canton de Redange a lancé une enquête de notre mobilité en période de la pandémie du Corona. En total, 200 citoyens ont participé et nous leur en remercions chaleureusement.

Vous trouvez les graphiques avec les résultats ici.

 

Résumé (uniquement en luxembourgeois)

Home-Office
Een Drëttel huet nach ni am Home-Office geschafft, wëll et net méiglech ass. Ee Véierel schafft net méi am Home-Office. 4% sinn nach ëmmer am Home-Office a 16% schaffen nach deels vun doheem aus. De Rescht geet nach an d’Schoul oder schafft net, oder net méi.
Fir 55% wier den Home-Office zumindest deelweis eng Optioun. Bei 32% ass den Home-Office wéinst der Aktivitéit vum Beruff net méiglech. De Rescht geet nach an d’Schoul oder schafft net, oder net méi.

Summervakanz 2020
Genee 50% hunn hier Summervakanz dëst Joer am Land verbruecht, déi aner Hallschent war fir hier Vakanz an d’Ausland.

Notze vum HORESCA-Bong
Gutt ee Véierel huet bis de September de Bong schonn ageléist. 40% haten zu deem Zäitpunkt nach Wëlles et ze maachen, an een Drëttel notzt dëse Bong net. Vun deenen, déi de Bong benotzt hunn, hunn di meescht (52%) eng Nuecht an engem Hotel zu Lëtzebuerg verbruecht, een Drëttel ass 2-3 Nuechte bliwwen, 15% si méi wéi 4 Deeg bliwwen.

Ze Fouss goen
40% gi méi ze Fouss säit dem Lockdown, fir 60% huet sech näischt geännert mat der Kris. Déi grouss Majoritéit geet ze Fouss fir an d’Natur spadséieren ze goen, 30% ginn am Alldag ze Fouss (Kommissiounen, Schoul, Schaff,...).

Ursaache fir net méi ze Fouss ze goen
Vill Bierger wëssen net wou se sollten ze Fouss am Duerf higoen, wëll net méi vill Betriber oder Aktivitéiten an den Dierfer sinn (37%). Gutt ee Véierel huet keng Zäit fir ze Fouss ze goen. 16% fillen sech net sécher als Foussgänger, a wënsche sech méi ofgeséchert Foussgängerinfrastrukturen.

Kaf vun engem neie Vëlo säit Mäerz 2020
11,5% hu bis Enn September een neie Vëlo kaf, bei 15% ass et nach geplangt. Am meeschte gouf een Toure-Vëlo kaf (3,5%), 2. Favorit sinn E-Bike an E-MTB (je 2,5%).

Vëlo fueren
17% hunn uginn, dass si méi Vëlo fuere säit dem Lockdown. 23% fuere genee esouvill. 18% notzen de Vëlo och fir op d’Schaff ze fueren oder fir Kommissiounen ze maachen. 80% notzt de Vëlo nëmme fir Fräizäitzwecker oder guer net. 8% vun de Befrote fuere bal all Dag Vëlo, 10% ëmmerhin 2-3x d’Woch. 14% fuere ronn 1x an der Woch. 19% ronn 1x am Mount, 16% fueren ee bis zweemol am Joer. Praktesch een Drëttel fiert ni Vëlo.

Evaluatioun vun der Vëlosinfrastruktur am Kanton Réiden
12% fannen d’Vëlosinfrastruktur ganz gutt, 36% fannen se gutt, 25% mëttelméisseg, 8% schlecht an 2% ganz schlecht. 17% hu keng Anung iwwer d’Vëlosinfrastruktur am Kanton.
Eis Awunner wënschen sech folgend Verbesserunge, fir dass méi Vëlo gefuer gëtt (méi Optioune méiglech):
- 37% méi Sécherheet ausserhalb vun den Uertschaften
- 33% méi direkt Verbindungen
- 30% méi Zäit am Alldag
- 25% méi Sécherheet an den Uertschaften
- 25% méi lokal Akaafsméiglechkeeten
- 15% méi Méiglechkeeten de Vëlo sécher bei de Bushaltestellen ofzestellen
- 15% méi Informatiounen zu de Vëlospisten
- 13,5% een E-Bike
- 8,5% eng besser Beschëlderung
- Soss Wënsch: méi Vëlospisten, eng direkt Verbindung op Miersch, keng Autoen op de Vëlospisten, Groussbus un d’Vëlosnetz uschléissen, Vëlospiste laanscht déi Haaptverkéiersachsen, den Iwwergang bei der Nidderpallener Gare ofsécheren, méi Kontrolle fir di 1,5m Distanz tëscht Auto a Vëlo ze garantéieren,…
11,5% hunn uginn, dass si ni wäerte Vëlo fueren.

E-Bike
20% vun de Befroten hunn een E-Bike, 67% hu keen E-Bike an 13% plangen sech een unzeschafen.

Ëffentlechen Transport
10% notzen den ëffentlechen Transport méi oft säit e gratis ass. Fir 67% huet sech näischt geännert um gratis ëffentlechen Transport. 10% notzen de Bus an Zuch manner oft, wëll et säit der Kris manner Uläss ginn. 8% notzen e manner wëll se Bedenken hunn (Mask droen,…).

Akafen
35% ginn un, dass si säit der Kris méi bewosst akafen, 10% kafe méi online an, 15% gi manner fir Konsumartikelen (Kleeder....) aus, 37% hunn hier Gewunnechten net changéiert (deels wëll se scho souwisou regional akafen).


Dës Resultater hëllefen eis fir di richteg Prioritéiten ze setzen. Mir soen Iech Merci fir Äert Matmaachen.

Anhänge:
Diese Datei herunterladen (Resultate Umfrage 2020 - FR.pdf)Résultats sondage mobilité198 KB
Diese Datei herunterladen (Resultate Umfrage 2020 - LU.pdf)Resultater Mobilitéitsëmfro 2020202 KB

Zäitbong

Ee grousst Lach am Portemonni a Krëschtdag virun der Dier?

Keng Panik, schenkt Ären Allerléiwsten einfach e bessi vun deem Kostbarsten wat mir hunn - ZÄIT.

 

Verschenkt een Zäitbong!

Wéi wier et zum Beispill mat engem Zäitbong fir:

- eng entspaanend Kappmassage

- zesumme Fotoe vu fréier ze kucken

- een nach onbekannten Trëppeltour zesummen ze spadséieren

- ee selwer gemaachten Dinner for two

- ee Monopoly Spillowend doheem

-....

Hei kënnt Dir Ären Zäitbong gratis eroflueden oder kommt ee bei eis an d'Infostuff fir 1€ sichen.

Anhänge:
Diese Datei herunterladen (Zaitbong.pdf)Zaitbong.pdf1852 KB

Tour du Duerf 2020 am Kanton Réiden: 325 Vëlosfuerer & 58.251 km

Wärend den 3 Woche vum Tour du Duerf sinn di 325 Vëlosfuerer aus eisem Kanton 1,5mol ëm den Äquator gefuert! Insgesamt goufen 58.251 km pedaléiert, méi wéi dat duebelt vum leschte Joer.

Den 2. Oktober goufen di beschten Teams aus all Gemeng an aus dem Kanton geéiert an all deelhuelende Vëlosfuerer krut ee Finisher-Diplom iwwerreecht. Di 10 Gemengen an hiere Syndikat soen all de Vëlosfuerer ee ganz grousse Merci a freeën sech op di nächst Editioun.

Bis dohinner, wënsche mir Iech nach vill flott Momenter um Vëlo!

Resultater

Team mat de meeschte Kilometer

Biekerech: Orbea 792km

Ell: Velofrenn 4.014km                                    -  2. Plaz am Kanton

Groussbus: Die Gleissens 2.154km

Préizerdaul: Offenes Team-Préizerdaul 1.217km

Rammerich: Sunshine Bikers & CIS Rammerich  3.215km

Réiden: Offenes Team -Réiden 2.429km

Sëll: Offenes Team - Sëll 1.289km

Useldeng: Iewerlenger Biergriders  3.785km    - 3. Plaz am Kanton

Viichten: Steve's Team 472km

Wal: Velo Wal 5.875km                                - 1. Plaz am Kanton

Gemengeclassement Absolut Kilometer:

1. Wal: 13.392km     2. Ell: 10.317km   3. Useldeng: 10.274km   4.Rammerech: 7.588km  5.Groussbus: 5.038km    6. Réiden: 3.545km     7. Biekerech: 3.042km   8. Préizerdaul:  2.525km  9. Sëll: 1.583km   10.  Vichten: 505km

Gemengeclassement Kilometer pro Awunner:

1. Wal 12,95km    2. Ell: 7,24km    3. Useldeng: 5,29km    4. Groussbus: 4,53km   5. Sëll: 1,85km    6. Rammerech: 1,69km   7. Préizerdaul: 1,49km   8. Réiden: 1,22km  9. Biekerech: 1,12km    10. Vichten: 0,38km

Meeschte Kilometer vu Gemengeréit

1. Wal: 89,2km  2. Préizerdaul: 73,0 km  3. Groussbus: 16,4km   4. Ell: 3,9km  5. Sëll: 3,5km   6. Rammerich: 0,9km   7. Useldeng: 0,7km   8. Vichten / Réiden / Biekerech: 0 km

Meeschten aktiv Gemengeréit

1. Préizerdaul: 6    2. Groussbus & Wal: 5     4. Sëll: 2     5. Ell / Rammerich / Useldeng: 1    6. Bierekech, Réiden, Viichten: 0

Meeschten aktiv Vëlosfuerer

1. Wal: 63    2. Useldeng: 62    3. Ell: 53    4. Rammerich: 42    5. Groussbus: 35    6. Réiden: 24    7. Biekerech: 20     8. Sëll: 15    9. Préizerdaul: 11    10. Viichten: 4

 

  • Aktuelle Seite:  
  • Startseite

Nächst Veranstaltungen

No events

Gemeinden

  • Gemeinde Beckerich
  • Gemeinde Ell
  • Gemeinde Grosbous
  • Gemeinde Préizerdaul
  • Gemeinde Rambrouch
  • Gemeinde Redange
  • Gemeinde Saeul
  • Gemeinde Useldange
  • Gemeinde Vichten
  • Gemeinde Wahl

Kürzlich hinzugefügt

  • Ënnerwee ouni CO2
  • Zäitbong
  • Resultater Mobilitéitsëmfro 2020
  • Tour du Duerf 2020 am Kanton Réiden: 325 Vëlosfuerer & 58.251 km
  • Vëlos-Tour mat eise Gemengevertrieder / Tour à vélo avec nos représentants politiques

Login Form

  • Benutzername vergessen?
  • Passwort vergessen?

KSM
MyEnergy

Nach oben

© 2021 Klima.lu - Klimapakt Réidener Kanton