Eng 65 Awunner aus eisem Kanton sinn de 29. Mäerz op eiser Info-Versammlung iwwer di verschidde Notzungsméiglechkeeten a Bäihëllefen am Beräich vun der Solar-Energie op de neiste Stand bruecht ginn. Des Veranstaltung ass vum EnergieAtelier, Klimapakt vum Réidener Kanton an Energiepark zesummen organiséiert ginn.

Wann Dir Froen hutt zu dësem Thema, rufft eis un! Tel. 26 62 08 01

2015 si 44% vum gesamte Stroumverbrauch an eisem Kanton um Territoire vun eisem Kanton mat erneierbaren Energien produzéiert ginn. De Kanton huet sech als Ziel gesat bis 2020 een Undeel vun mindestens 50% z’erreechen, dat heescht, dass d'Hallschent vum Stroum, dee mir am Kanton verbrauchen, am Kanton mat erneierbaren Energien produzéiert soll ginn.