D’Biekerecher Millen, CELL, den EnergieAtelier an de Klimapakt hunn den 10. Mäerz op de Film-Owend “DEMAIN” an den Atert-Lycée invitéiert.

Dëse Film weist Léisungen op di aktuell ekologesch, ekonomesch a sozial Krisen an eiser Welt. Am Film hu mir vill innovativ Mënschen an Initiative kenne geléiert, déi an de Beräicher Energie, Economie, Ernährung, Educatioun an Demokratie hire Beitrag leeschte fir eng méi nohalteg, gerecht, gesond a glécklech Welt.

Nom Film, dee richteg begeeschtert a matgerappt huet, sinn dem Public eis lokal „Helden“ an hier Initiative virgestallt ginn. Beim uschléissende Patt & Fingerfood sinn di vill Andréck diskutéiert an ausgetosch ginn.