Vum 16. Juni bis den 3. Juli huet fir zweete Kéier d'Kampagne "Mam Vëlo an den ALR" stattfonnt.

Den éischten Dag vun der Kampagne ass eng Stärentour aus allen Ecker vum Kanton bis an den Atert Lycée organiséiert ginn, begleet jeweils vun engem Proff.

All Dag kruten d'Schüler um Vëlo ee Croissant an eng Scholokasmëllech vum ALR spendéiert. Insgesamt sinn 157 Schüler matgefuer, ee Resultat dat d'Organisatoren immens freet. Bewonnernswert ass och dass vill Schüler iwwer 20 Kilometer fir ee Wee gefuer sinn! Di duerchschnëttlech Distanz fir ee Wee loung bei 11 Kilometer a während den 2 Woche sinn am ganzen 14'000 Kilometer gefuer ginn. Zuguer während der 2. Woch, wou d'Wieder vill méi fiicht wor, sinn all Dag nach eng ronn 60 Schüler mam Vëlo komm.

Den 3. Juli sinn all di deelhuelend Schüler mam Vëlo den Tour de France op Räichel kucke gaang.

Mir hoffen, dass d'Loscht Vëlo ze fueren och nach no der Kampagne bäihällt an dass d'Vëlosstänneren och weiderhin aus alle Neite platzen!

Ee ganz grousse Merci un all d'Proffen, déi des Kampagne erméiglecht hunn, an d'Schüler déi matgefuer sinn!