Wousst Dir, dass 2017 dat Internationaalt Joer vum nohaltegen Tourismus ass?

Den Tourismus huet sécherlech ee grousst Potenzial fir d'Liewensbedingunge vu ville Mënschen a méi aarme Regiounen a Länner ze verbesseren a sou den Zieler fir nohalteg Entwécklung - de Sustainable Develpment Goals (SDG)- vun de Vereente Natioune (UN) méi no ze kommen.

Den Tourismus dréit awer leider och oft zur Iwwernotzung vu Ressourcen (z.B. Waasser), zur Klima-Erwiermung (z.B. duerch de Fluchverkéier) an zur Verschmotzung (z.B. Offall) vun der Natur bäi.

Wéi kann ech méi nohalteg reesen?

-        De gréissten Energie-Opwand an der Vakanz geet op de Konto vum Transport. Besonnesch di ëmmer méi heefeg a méi laang Fluch-Reesen schueden eisem Klima, well d’Ofgasen an den übleche Fluch-Héichten eng 4-fach Treibhaus-Wierkung hu par Rapport zum Buedem. Fir Destinatiounen ënner 1000 km, am beschten den Zuch huelen! A wa Fliger, dann wa méiglech d’Emissiounen kompenséieren (op myclimate.lu, atmosfair.de...)!

-        Firwat ëmmer wäit fort, wann et am noen Europa och vill spannend Plazen z’entdecke ginn? Wéi wier et mat enger Iesel-Wanderung an de franséische Séi-Alpen, enger Vëlostour laanscht d’Musel bis op Koblenz oder enger kulinarescher Spadséier-Vakanz am wonnerschéine Piemont (Norditalien)?

 

-        Am beschten Hotellen oder Schlof-Méiglechkeeten eraussichen, déi nach a lokalen Hänn sinn a wou d’Suen an der Regioun bleiwen, also keen All-Inclusiv ;-) ! Ëmmer méi Hotellen a Pensiounen leeë Wäert op ee schounenden Ëmgang mat eise Ressourcen (Waasser, Energie, Offall,...) an op regional a biologesch Liewensmëttel. Ëmfrot Iech!

-        Recherchéiert sou vill wéi méiglech iwwer är Destinatioun - Geschicht, Kultur, Natur, Gewunnechten,... fir ee Gefill fir Land a Leit ze kréien! Firwat net e puer Wieder vun der Sprooch léieren? Probéiert di lokal Spezialitéiten a notzt di lokal Offeren!

-        Respektéiert d’Natur an d’Mënschen, sou wéi Dir et och doheem géingt maachen!

Test Dech sëlwer wéi nohalteg Du rees!!