Wat soen eis nei Gemenge-Responsabel zum Klimaschutz?

Op de Klima-Konferenzen huet d’Welt-Gemeinschaft sech ganz éiergäizeg Klimaschutz-Ziler gesat. Et ass bal all Land kloer, dass mir all zesumme musse versichen eis CO2-Emissiounen an de Grëff ze kréien. 

Mir froe mir bei de neie Gemengen-Responsabelen aus dem Réidener Kanton no wat si zum Erreeche vun dësen Ziler wëlle bäidroen.

Ugefaang hu mir zu Biekerech. De Buergermeeschter Thierry Lagoda a seng Schäffen Claude Loutsch a Marco Fassbinder hu sech kuerz no de Gemengewahle bereet erkläert eis iwwert hiert Engagement fir d’Klima z’informéieren.

Wat wëll Dir di nächst 6 Joer fir de Klimaschutz maachen? Wat fir konkret Projeten hudd Dir geplangt? Wat sinn är Ziler am Klimapakt?

Leider hat de neie Schäfferot hat nach net d’Méiglechkeet sech mam Gemengerot iwwer d’Klima-Ziler vun de kommende 6 Joer ofzestëmmen. Mee, mir kënnen awer lo scho verroden, dass eis Politik sécherlech eng logesch Suite vun den Engagementer aus der Vergaangenheet wäert sinn. Folgend Projete wëlle mir deemno scho mol sécher ugoen:

  • mir hunn eis virgeholl all Joer 2-3 kommunal Stroossen op LED-Beliichtung ëmzerüsten.
  • A punkto Mobilitéit, plange mir een neien direkte Fousswee vun der Kräizerbucherstrooss zu Schweech bis bei d’Ielwener Schoul ze bauen an all Joer sollen zwee Bus-Arrête moderniséiert ginn.
  • Bei de Gemenge-Gefierer, wäerte mer eise VW Polo mat engem Elektro-Auto ersetzen.
  • Eist Drénkwaasser-Netz wäert permanent iwwerwaacht ginn an eng Rei al Waasserleitunge ginn erneiert.
  • Mat dem Jugendbau, der Buvette an dem Musekssall sollen och di leschte Gemengegebaier mat erneierbaren Energien (Biomasse) gehëtzt ginn. Dann hätte mer 100% vun eise kommunale Gebaier op erneierbar Energien.

Mir wëllen eis am Klimapakt 2019 ernéits auditéiere loossen an hoffen ee Resultat iwwer 80% ze erreechen!

Wéi versicht Dir är Awunner mat an d’Klima-Boot ze kréien an ze motivéiere matzemaachen?

D’Gemeng Biekerech gëtt nieft de kantonale Subside fir effizient Elektrogeräter och kommunal Subsiden: engersäits fir ekologesch Isolatiounsmaterialien an anerersäits fir bestehend Heizungen duerch nei an effizient Heizungen op Basis vun erneierbaren Energien z’ersetzen.

An eiser Ëmwelt- a Mobilitéitskommissioun, souwéi an eisem Klimateam hu mir vill engagéiert Bierger an hier innovativ Iddien beaflossen eis Politik schonn zënter Joren. 
Dësweideren, ënnerstëtze mir de Réidener EnergieAtelier mat senger gratis Berodung.

Wat sinn di wierkungsvollst Klima-Projeten, déi Dir an der Vergaangenheet ëmgesat hutt?

D’Fernwärmenetz mam Uschloss vu bal 250 Haiser/Gebaier ass eiser Meenung no dee Klima-Projet, deen eis Gemeng iwwer hier Grenzen eraus bekannt gemaach huet. D’Fernwärmenetz gëtt vun der gemeinschaftlecher Biogas-Anlag an der kommunaler Holzhackschnëtzel-Anlag gehëtzt. All Woch komme Gruppen aus der ganzer Welt op Biekerech fir eis Energie-Tour ze maachen.

Och wann eis Sportshal an eis Maison Relais Dillendapp schonn e puer Joer hunn, haten si, wéi se gebaut goufen, exemplaresch Isolatiounswäerter. Op ville Gemengegebaier leie Photovoltaik-Anlagen, déi a Biergerhand sinn.

Wat si ärer Meenung no méiglech Léisungen fir Lëtzebuerg an der Klima-Politik?

Lëtzebuerg muss verstäerkt op erneierbar Energien setzen a besonnesch d’Photovoltaik a d’Biogas – Anlagen sou ënnerstëtzen, dass se och haut a muer nach rentabel sinn. De Klimapakt a Klimafong sinn di beschten Instrumenter fir Klimaschutz an de Gemengen ëmzesetzen an d’Bierger mat anzebannen.

Fir d’Entreprise’en mat an d’Boot ze kréien, muss de Staat eiser Meenung no méi aktiv ginn. Do hunn mir Gemengen wéineg Handhab.

Mir fannen och, dass di energetesch Kontroll vun neien Haiser (Passiv-Hausstandard) muss vum Staat iwwerholl ginn well d’Gemengen di néideg Kapazitéit net hunn

Wat bréngt der Biekerecher Gemeng d’Zesummenaarbecht am Kanton um Niveau vum Klimaschutz?

Dank dëser Zesummenaarbecht kënne mir Projeten ëmsetzen, déi mir eleng als Gemeng net hätte kinnten ugoen. E puer Beispiller hei wieren: d’Mobilitéits- a Vëloskonzept, d’Wandkraaft, de Projet an eisen Aktivitéitszone fir méi Kreeslafwirtschaft,...

A lo huet jidderee vun Iech nach ee Wonsch...

Thierry Lagoda: “Déi Dynamik, déi sech op regionalem an och op nationalem Niveau duerch de Klimapakt entwéckelt huet, soll ongebremst weiderlafen. Et sinn déi Bottom-Up-Aktiounen, d.h. Moossnamen, déi vun de Bierger mat entwéckelt an doduerch och matgedroen ginn, déi eis am Klimaschutz weiderbréngen.”

Claude Loutsch:Ech géing mer wënschen, dass virun allem beim Ëmweltschutz méi mat den Akteuren, virun allem  mat alle landwirtschaftliche Betriber, géif zesummen geschafft ginn, fir dass och den Beruf vum Bauer an Zukunft nach eng Perspektive zu Lëtzebuerg huet.”

 Marco Fassbinder: "Ech wënsche mir dat an de nächste Méint a Joren nach méi Leit aus eiser Gemeng vum Fernwärmenetz a vu gemeinschaftleche Photovoltaikanlagen op Gemengegebaier kënne profitéieren.

Wat soen eis Gemenge-Responsabel zum Klimaschutz?

Wat wëll är Gemeng di nächst 5 Joer fir de Klimaschutz maachen?

An de nächste Jore wëlle mir eis Stroossebeliichtung weider op LED ëmrüsten, fir manner Stroum ze verbrauchen. Mat enger LED vun 31 Watt spuere mir d’Hallschent u Stroum verglach mat enger aler Luucht vu 70 Watt. Eis ganz Stroossebeliichtung huet 2017 240.493 kWh verbraucht, dat ass méi wéi all eis Gemengegebaier zesummen, souvill wéi 50 Haushälter pro Joer verbrauchen. Mir versichen och elo fir bannen an eise Gebaier d’Beliichtung an den nächste Jore méi effizient ze maachen.

An eisem Centre Culturel Op der Fabrik plange mir een Ubau a wëllen dann den Daach mat isoléieren an eng Photovoltaik-Anlag dropleeë fir Stroum ze produzéieren.  

Wat d’Wandkraaft ugeet, envisagéiert eis Gemeng fir sech finanziell um geplangte Wandpark vum Réidener Kanton ze bedeelegen a begréisst et, dass ee Repowering, also eng Erneierung, vun den zwee Wandrieder zu Rëmmereg ugeduecht ass.

Mir fannen et Schued, dass mir eist Waasserrad bei der Fabrik net méi däerfe benotzen, wëll net méi genuch Waasser am Kanal ass fir d’Rad dréinen ze dinn. Virun e puer Joer ass d’Roudbaach nämlech uewerhalb vum Waasserrad revaloriséiert ginn an d’Waasserwirtschaftsamt wëll ee Maximum u Waasser an der Baach (net am Kanal) behale wéinst de Liewewiesen.

 Wéi versicht Dir är Awunner mat an d’Klima-Boot ze kréien an ze motivéiere matzemaachen?

Zënter dësem Joer organiséiere mir regelméisseg eise Bierger-Atelier, wou all d’Awunner aus eiser Gemeng invitéiert gi matzemaachen. Jidderee ka seng Iddie fir eng liewenswäert a nohalteg Gemeng mat erabréngen a mir diskutéieren se zesummen.

An eisen Dauler Noriichten (Buet), déi 4mol am Joer erauskommen, publizéiere mir vill Artikelen iwwer Klimapakt-relevant Themen: Energie, Waasser, Mobilitéit, ...

Mir sinn zënter laangem eng pestizidfräi Gemeng a schaffen intensiv mam SICONA zesumme fir Päiperlecks- a Wiseblummen souwéi Bongerten unzeplanzen an ze erhalen.

Wat sinn di wierkungsvollst Klima-Projeten, déi Dir an der Vergaangenheet ëmgesat hutt?

De Klimaschutz gëtt zënter de 1990er grouss geschriwwe an eiser Gemeng, mir ware laang bekannt als déi Gemeng mat de 4 erneierbaren Energiequellen (Wand, Waasser, Holz a Sonn).

Praktesch all eis kommunal Gebaier gi mat Holz aus eise Bëscher gehëtzt, mir hunn zwou Photovoltaiks-Anlagen op kommunalen Diech leien, eis nei Maison Relais ass am Passivhaus-Standard gebaut ginn, kierzlech ass eise Shared-Space ëm d’Schoul ageweit ginn (den éischten am Norden), mir leeë grousse Wäert op de Vëlos- a Foussgängerverkéier an all eis Gemengestroosse sinn 30er Zonen.

Fir all dës Efforten ass eis Gemeng dëst Joer mam Klimapakt Gold Label ausgezeechent ginn.

Wat sinn ärer Meenung no méiglech Léisunge fir Lëtzebuerg an der Klima-Politik?

Mir kommen net laanscht eng CO2-Steier, Verschmotze muss am Porte-Monni wéi doen.

Den ëffentleche Verkéier muss zäitlech genau sou, oder besser nach, méi séier si wéi de Privatauto an et soll op Elektromobilitéit gesat ginn.

D’Vëlosweeër solle méiglechst séier massiv ausgebaut ginn, de Moment brauch d’Ëmsetzung vun all dëse Projete vill ze laang. D’Trottoire solle propper tëschent de Foussgänger a Vëlosfuerer getrennt ginn an d’Elektrovëloe solle richteg gefördert ginn.

Den Aménagement vun den Dierfer a Stied muss verbessert ginn, hei solle mir eis an Holland inspiréiere goen! Prioritéit soll op di nohalteg Mobilitéit gesat ginn, d’Stied an d’Dierfer solle fir een optimaalt Zesummeliewe vun den Awunner ausgeriicht sinn, net fir d’Autoen, déi séier derduerch fueren.  

Wat bréngt der Préizerdauler Gemeng d’Zesummenaarbecht am Kanton um Niveau vum Klimaschutz?

Iwwert de Syndikat vum Réidener Kanton gi Projeten ëmgesat, déi eng Gemeng eleng net kënnt finanzéieren. Et mécht och einfach kee Sënn, dass all kleng Gemeng hier eegen Infrastrukture wéi eng Museksschoul, eng Schwämm, Altersheem asw géing op d’Bee stellen.

Mir profitéiere vill vun dëser Zesummenaarbecht um kantonale Niveau.

An elo huet jidderee vun Iech nach ee Wonsch...

Marc Gergen: Ech wënsche mir esou séier wéi méiglech eng Vëlos-Ubannung op dem kierzte Wee aus dem Daul op Réiden an den Atert Lycée.

Dësweidere wënschen ech, dass eise Staat méi op de Wee geet vu grousse Fräiflächen-Photovoltaik-Anlagen, wou d’Bierger sech kënne mat akafen an déi gläichzäiteg fir extensiv Notzung vun Déieren gebraucht kinnte ginn.

D’Kanner solle vu klengem un an der Schoul fir ee respektvollen Ëmgang mat eiser Ëmwelt an eise Ressourcë sensibiliséiert ginn.

An zu gudder Lescht, géing ech mir wënschen, dass verschidden nei Trends méi kritesch hannerfrot ginn. Eng Fro hei wier, wou de ville Stroum fir d’Elektro-Autoe soll hierkommen?"

René Zigrand:Ech wënsche mir dat jidder eenzelne kapéiert, datt säin Handelen, seng Liewens Aart an Weis, seng Consommatioun vun Energie a Matière Première, säi Respekt am Ëmgang mat der Natur ee minimalen Afloss op eist Klima huet. Mir sinn och nëmmen een Stéck Puzzel vun dem Ganzen.

Mir hunn awer d’Chance an d’Méiglechkeet zu engem groussen Deel ze décidéieren ob d’Déieren an d’Planzenaarten verschwannen oder iwwerliewen, wat fir eng Welt eis Nokommen virfannen. Déi Chance solle, nee, musse mir notzen.”

 

D'Klima-Interviewe vun den aner Gemengen fannt Dir hei:

Wat soen eis nei Gemenge-Responsabel zum Klimaschutz?

Wat wëll är Gemeng di nächste 6 Joer fir de Klimaschutz maachen? Wat sinn är Ziler am Klimapakt?

Mir bedeelegen eis um kantonale Projet vum Wandpark Réidener Kanton. Eng vun de 6 Wandmille soll an eis Gemeng stoe kommen.

De Moment beschäftege mir eis méi intensiv mat der Mobilitéit an eiser Gemeng. Am Kader vun der leschter Mobilitéitswoch hate mir eng Table Ronde mat eise Bierger organiséiert fir Iddie vu baussen ze kréien. D’Aféierung vun 30er Zonen op eise Gemengestroossen ass deemno envisagéiert. A punkto Fouss- a Vëlosweeër versiche mir weiderhin nei Verbindungen ze schafen (Beispill: PAP Millewiss - Haaptstrooss, Ell - Kolpecher Schlasspark). Et ass eis wichteg, dass sech all Schoulkand an all Bierger sécher an op direktstem Wee ze Fouss oder um Vëlo an eiser Gemeng ka beweegen.

Eng weider Prioritéit ass de Quelleschutz. Och wa mir bal 95% vun eisem Drénkwaasser vun der DEA (Distribution d’Eau des Ardennes) kréien, hu mir zwou Buerungen, déi mir exploitéieren.

Bei eise Gemengegebaier, wëlle mir eis bestehend Gebaier op de Leescht huelen an do steet eise Centre Culturel Camille Ney ganz vir op der Lëscht. Hei solle punktuell energetesch Moossnamen ergraff ginn, déi och zur Verbesserung vum Confort solle bäidroen.

Am Klimapakt war virgesinn, dass mir dëst Joer eis géinge fir Gold zertifizéiere loossen. Aus Zäitgrënn hu mir dat awer leider missen op d’nächst Joer verleeën.

Wéi versicht Dir är Awunner mat an d’Klima-Boot ze kréien an ze motivéiere matzemaachen?

Mir versiche reegelméisseg Bierger-Versammlungen z’organiséieren, fir Impulser a Réckmeldunge vun eise Bierger ze kréien. Duerch verschidden Aktiounen, wéi zum Beispill während der Mobilitéitswoch oder um Kolpecher Schlassfest, versiche mir eis Bierger ze erreeche fir hier Bewosstsinn a punkto Klimaschutz unzereegen. An all Buet, publizéiere mir e puer Säite vum Klimateam a vum EnergieAtelier.

Wat sinn di wierkungsvollst Klima-Projeten, déi Dir an der Vergaangenheet ëmgesat hutt?

De viregte Schäfferot huet un deem selwechte Strang gezunn a mir si frou dass dank hirem Asaz d’lescht Joer eist neit Passivhaus-Gebai vun der Maison Relais a Sportshal ageweit gouf. Gläichzäiteg hu mir ee Wärmenetz geluecht, un dat praktesch all eis kommunal Gebaier vun Ell ugeschloss sinn an dat iwwert eng nei Holzhackschnëtzel-Anlag gehëtzt gëtt. Eis Schoul gouf schonn 2005 am Niddregenergie-Standard gebaut an ass bis d’lescht Joer mat enger Pelletsheizung gehëtzt ginn. Dës gëtt elo just nach als Réserve fir d’Wärmenetz benotzt. Op der Schoul läit nach eng thermesch Solaranlag fir Warmwaasser-Produktioun. An op eiser neier Sportshal / Maison Relais läit eng nei Photovoltaik-Anlag. Um Atelier an op der Schoul läit och sou eng Anlag, déi iwwer d’Bierger aus eiser Gemeng finanzéiert gouf.

2013 huet d’Gemeng Ell een Elektro-Auto kaf an 2015 een Elektro-Vëlo.

Wat sinn ärer Meenung no méiglech Léisunge fir Lëtzebuerg an der Klima-Politik?

Sou laang mir den aktuelle Wuesstem net stoppen, gëtt alles war mir fir de Klimaschutz maachen, duerch de neien Zouwuess opgiess. Mir sinn am gaangen eis gutt Liewensqualitéit ewech ze schneiden, mam massiven Transport an deem ganze Verbauen. Loosst eis éierlech sinn, nohaltege Wuesstem gëtt et net!
Mir brauchen ee Paradigme-Wiessel, ee Wäerte-Wandel, ewech vum Konsum an dem Zwang ëmmer méi mussen ze besëtzen. Eisen aktuelle Verbrauch u Ressource läit wäit iwwer eise Verhältnisser. Bei dësem Wiessel, muss all Mënsch seng Responsabilitéit huelen a net egoistesch a kuerzfristeg denken, mee un de Wuel vun de kommende Generatiounen. An alle Beräicher, besonnesch an der Mobilitéit an an der nohalteger Energieproduktioun, ass nach Loft no uewen zu Lëtzebuerg.

Wat bréngt der Eller Gemeng d’Zesummenaarbecht am Kanton um Niveau vum Klimaschutz?

Als kleng Gemeng profitéiere mir immens vill vun dëser Zesummenaarbecht. Et ass evident, dass et méi sënnvoll ass zu 10 Gemengen zesummenzeschaffen, wéi wann all Gemeng hier eegen Zopp kacht. Ob dat elo bei der Schwämm, Musekschoul, Aktivitéitszone oder bei der Mobilitéit ass. Mir schaffen an all dëse Beräicher zesummen, et kennt een sech, et tauscht een sech aus, et léiert ee vuneneen. De Kanton mat all senge Syndikater an Initiativen huet fir eis just Virdeeler.

A elo huet jidderee vun Iech nach ee Wonsch...

Armand Schuh: „Ech wënsche mir, dass d’Atomzentral vun Tihange gëschter zougemaach gëtt! Wëll d’Gefor hei ass nach méi grouss wéi bei Cattenom.
An ech freeë mech 2020 eng Wandmillen zu Rued ze gesinn, dat ass definitiv méi berouegend unzekucke wéi d’Dampwolleke vu Cattenom.”

Heng Rasqué: „Ech wënsche mir, dass 2030 Cattenom ofgeschalt gëtt an dass mir bis da genuch grénge Stroum am Land produzéiere fir eisen eegene Verbrauch ze decken.”

Georges Weis: „Ech wënsche mir, dass mäer mat eisem Wuesstemszwang eis Natur nit méi onnëtz verbrauchen fir Saachen ze produzéieren, déi mer schlussendlech guer nit brauchen. Mäi Wonsch ass, dass mir zu Lëtzebuerg erëm léiere wat wierklech wichteg ass fir een zefriddent Liewen am Respekt mat Mënsch a Natur. Brauche mäer dee Wuesstum? Wier méi Biolandwirtschaft net eng Alternativ fir unzefänken?”

 

Wat soen eis nei Gemenge-Responsabel zum Klimaschutz?

Ufank des Joers huet eis de neie Busser Schäfferot verrode, wat si di nächste Joren a punkto Klimaschutz Wëlles hunn.

 

Wat wëll är Gemeng di nächste 6 Joer fir de Klimaschutz maachen? Wat sinn är Ziler am Klimapakt?

Eis läit eng héich Liewensqualitéit am Duerf um Häerz, dofir wäerte mir konsequent op Verkéiersberouegung mat 30er Zonen a Spill-Stroosse setzen.

Mir wëllen, dass een innerhalb vun eisen Dierfer net méi muss den Auto huelen, d’Verbesserung an den Ausbau vun de Fouss- a Vëlosweeër sinn dowéinst eng wichteg Prioritéit fir eis.

Bei neie Lotissementer fuerdere mir vill Gréngflächen mat Hecken a Beem. An iwwer Schoulaktivitéiten, ënner anerem an eisem Chalet pédagogique am Bësch, versiche mir de Kanner d‘Natur méi nozebréngen a si fir d‘Erhale vun eiser Ëmwelt ze sensibiliséieren.

Mir setzen eis och weider a fir eist eege Quellewaasser kënnen ze notzen a wäerten d’Quelleschutzzonen ëmsetzen.

D‘Gemeng wäert och weiderhi vill an d’Infrastrukture vum Ofwaasser (Kanal a Kläranlagen) stiechen, fir optimale Gewässerschutz ze garantéieren.

Eist Sprëtzenhaus gëtt ëmgebaut zum zukünftege Gemengenhaus an hei striewe mir den héchsten Energie-Standard un.

Am Klimapakt wëlle mir eis um aktuellen Niveau vun der Sëlwer-Médaille behalen a schaffen dem Ziel och weider zou.

Wéi versicht Dir är Awunner mat an d’Klima-Boot ze kréien an ze motivéiere matzemaachen?

Mir hunn elo kierzlech eng nei Kommissioun an d’Liewe geruff: d’Bauten-, Infrastruktur- an Ëmweltkommissioun. All Bierger aus der Gemeng ass invitéiert hei matzemaachen an seng Iddien anzebréngen.

Mir halen drop, dass dat lokaalt Holzpotenzial aus eise Gemenge-Bëscher genotzt soll ginn, dowéinst organiséiere mir all Joer eng Holz-Stee fir eis Awunner.

An eisem Gemengebuet kommunizéiere mir vill iwwer Ëmwelt-, Klima- an Energie-Themen. Mir versichen och zënter enger Zäit d’Schoulkanner ze sensibiliséiere  fir ze Fouss an d’Schoul ze kommen.

D’Gemeng gëtt Subside fir Photovoltaik- an thermesch Solar-Anlagen sou wéi fir Reewaassersammelanlagen, nieft de kantonale Primmen fir energieeffizient Haushaltsgeräter. Op der neier Maison Relais hu mir eis zweet  kommunal Photovoltaik-Anlag installéiere gelooss.

All Joer maache mir beim Dag vum Bam mat, zesumme mam Fierschter planzen eis Schoulkanner Hecken un.

Wat sinn di wierkungsvollst Klima-Projeten, déi Dir an der Vergaangenheet ëmgesat hutt?

Den Ubau vun eiser neier Maison Relais ass Passivhaus-Standard. Wéi gesot, läit do och eng Photovoltaik-Anlag um Daach.  Um Atelier läit eng éischt kommunal Photovoltaik-Anlag.

Virun zwee Joer hu mir ee Solar-Kadaster maache gelooss, wou ee ganz genau d’Solar-Potenzial vun ALL Daach an eiser Gemeng gesäit. Mir wënschen eis, dass méi Bierger heirop zréckgräifen. Et brauch een eist just unzeruffen a mir ginn Iech gäeren all d’Info zu ärem Daach (Tel: 838022-30 oder -31).

Zënter ville Jore schaffe mir zesumme mam SICONA fir d’Drëchen- a Fiichtwissen an eiser Gemeng ze ënnerhalen.  

Wat sinn ärer Meenung no méiglech Léisunge fir Lëtzebuerg an der Klima-Politik?

An eisen An si folgend Punkten Usätz fir Lëtzebuerg méi fit a punkto Klimaschutz ze maachen:

  • Aarbechtsplaze méi dezentraliséieren
  • Flexibiliséierung vun de Aarbechtszäiten
  • E-Mobilitéit promovéieren
  • Maut fir an d’Stad oder zu guer an d’Land eran
  • Méi erneierbare Stroum produzéieren an des Anlagen (Biogas, Wandmillen,...) och an der Landschaft akzeptéieren.
  • De lokalen Handel a lokal Produkter stäerken an ënnerstëtzen
  • Opfänk-Parkingen op de Grenzen ariichten
  • Tram ausbauen
  • Bezuelbare Wunnraum no bei den Aarbechtsplaze schafen
  • Verschidde Virschrëften iwwerdenken, wéi zB dass an der Maison Relais aus hygienesche Grënn net dierf d’Geméis aus dem Schoulgaart verschafft ginn a méi maachen fir den Anti-gaspillage alimentaire
  • Bewosstsinn-Bildung, Sensibiliséierung bei all de Bierger fir ee méi nohaltegen, respektvollen Ëmgang mat eise Ressourcen.

Wat bréngt der Groussbusser Gemeng d’Zesummenaarbecht am Kanton um Niveau vum Klimaschutz?

Zesummen si mir méi staark! Méi Käpp, méi Iddien! D’Zesummenaarbecht spornt un a fuerdert den Éiergäiz ;-) Zu 10 Gemengen huet ee sécherlech och méi Gewiicht wéi eng eenzel Gemeng. Gemeinsam Projeten ëmsetzen ass definitiv och méi rentabel! A mir léiere vun en een! Alles an allem, nëmme Virdeeler!

An elo huet jidderee vun Iech nach ee Wonsch...

Paul Engel: “Mäi Wonsch ass, dass mir all méi am Aklang mat der Natur liewen a wirtschaften a sou de kommende Generatiounen eng liewenswäert  Zukunft hannerloosse kënnen. Ech fannen, mir sollten och eng Kéier eng Diskussioun iwwer d‘Zukunft vum ländleche Raum zu Lëtzebuerg féieren: wéi kënnen eis Dierfer attraktiv bleiwen, souwuel um ekonomeschen, soziale wéi och kulturelle Niveau.”

Armand Olinger: “Et steet nach vill Aarbecht un a punkto Energie-Versuergung, Landwirtschaft, Mobilitéit, ... Ech wënsche mir, dass d’Bierger nach méi déi erneierbar Energien ënnerstëtzen. Et ka net sinn, dass ee weder Wandmillen, nach Biogas oder grouss PV-Anlagen an der Landschaft akzeptéiert an awer all Dag Stroum aus der Steckdous wëll hunn. Deemno: Du kanns dech net wäschen, ouni dech naass ze maachen.”

Marc Goelff: “Wa mir wëllen eise Kanner eng liewenswäert Welt hannerloossen, dann ass et un eis dat elo virzebereeden.”

 


 

Wat soen eis Gemenge-Responsabel zum Klimaschutz?

 

Wat mécht di Réidener Gemeng an dëser Legislatur-Period fir de Klimaschutz?

Wat fir konkret Projete si geplangt? Mir bauen eng Wandmillen, déi fir 1.200 Haushälter Stroum produzéiere wäert. Dës Wandmille gëtt 1 Kilometer nërdlech vum Lannenerbierg opgeriicht. Da wëlle mir nach op eise Gemengegebaier Photovoltaik-Anlagen installéiere loossen, fir Stroum ze produzéieren. All di kommunal Gebaier, déi sanéiert ginn, sollen energetesch verbessert ginn, wéi zum Beispill de Centre Culturel vu Nojem an Osper. De neie Pompjeesbau gëtt am Passivhausstandard gebaut a mat enger neier Holzhackschnitzel-Heizung gehëtzt.

Wéi versicht Dir är Awunner mat an d’Klima-Boot ze kréien an ze motivéiere matzemaachen?

Mir vergi Primme fir thermesch Solar- anlagen an iwwer de Réidener Kanton Primme fir spuersam Elektrogeräter.

Wat sinn di wierkungsvollst Klima-Projeten, déi Dir an der Vergaangenheet ëmgesat hutt?

Dozou gehéiert sëcherlech d’Biogas-Anlag, déi viru bal 20 Joer zesumme mat 29 Baueren opgeriicht gouf. Dës Biogas-Anlag hëtzt den Atert Lycée, d’Schwämm, d’Sportshal an de Cactus. Parallel produzéiert se vill Stroum (ca. 12.000 MWh/ Joer, entsprécht zwou geplangte Wandmillen). Een aner grousse Projet war eist Wärmenetz am Duerfkär vu Réiden mat enger Holzhackschnëtzel-Anlag, déi am Worréspark steet. All d’Gemengegebaier vum Duerfkär vu Réiden sinn un dëst Wärmenetz ugeschloss. D’Holz kënnt integral aus eise Gemengebëscher.

Wat sinn ärer Meenung no méiglech Léisunge fir Lëtzebuerg an der Klima- Politik?

Fir den Tanktourismus e bëssen ze bremsen, sollt nom Modell vun eisen däitschen Noperen eng LKW-Maut agefouert ginn. Eis héich Emissioune sinn haaptsächlech duerch de Verkéier be- déngt. Mussen d’Entreprisen all an der Stad sinn? Komm mir ënnerstëtzen, wann et méiglech ass, den Télétravail nach vill méi. Eng zweet Prioritéit ass d’Isolatioun vun den Haiser, wou muss versicht ginn Energie anzespueren.

Wat bréngt der Réidener Gemeng d’Zesummenaarbecht am Kanton um Niveau vum Klimaschutz?

D’Zesummenaarbecht um Niveau vum Kanton ass immens wichteg. Zu 10 Gemenge si mir vill méi staark a besser gerüst fir eppes ze erreechen, wéi eleng. Di interkommunal Zesummenaarbecht am Réidener Kanton ass virbildlech am Land. De Wandpark ass ee Projet vun dëser Zesummenaarbecht am Beräich vum Klimaschutz, dee mir och als
 Gemeng ënnerstëtzen.

An elo huet jidderee vun Iech nach ee Wonsch…

Henri Gerekens: „Ech wënsche mir, dass eis Kanner an all déi Generatiounen déi duerno kommen, et genau esou gutt hu wéi mir elo.“

Luc Pauly: „An Europa maache mir eis vill Gedanke fir eis Äerd ze schützen, mee wéi gesäit et a villen aner grousse Länner ausser- halb vun Europa aus? Ech wënsche mir, dass déi sech och all méi dru ginn fir eis Klima-Ziler ze erreechen.“

Tom Faber: „Musse mer 3-4 mol am Joer mam Fliger wäit an d’Vakanz fléien? Muss et ëmmer d‘Schëffscroisière sinn? Mir wëllen d’Welt retten an awer eis dëse Luxus net ewech huele loossen. Ech wënsche mir, dass d‘Leit sech erëm mat manner zefridde ginn.“

Unterkategorien