Wat soen eis Gemenge-Responsabel zum Klimaschutz?

Wat wëll är Gemeng di nächst 5 Joer fir de Klimaschutz maachen?

An de nächste Jore wëlle mir eis Stroossebeliichtung weider op LED ëmrüsten, fir manner Stroum ze verbrauchen. Mat enger LED vun 31 Watt spuere mir d’Hallschent u Stroum verglach mat enger aler Luucht vu 70 Watt. Eis ganz Stroossebeliichtung huet 2017 240.493 kWh verbraucht, dat ass méi wéi all eis Gemengegebaier zesummen, souvill wéi 50 Haushälter pro Joer verbrauchen. Mir versichen och elo fir bannen an eise Gebaier d’Beliichtung an den nächste Jore méi effizient ze maachen.

An eisem Centre Culturel Op der Fabrik plange mir een Ubau a wëllen dann den Daach mat isoléieren an eng Photovoltaik-Anlag dropleeë fir Stroum ze produzéieren.  

Wat d’Wandkraaft ugeet, envisagéiert eis Gemeng fir sech finanziell um geplangte Wandpark vum Réidener Kanton ze bedeelegen a begréisst et, dass ee Repowering, also eng Erneierung, vun den zwee Wandrieder zu Rëmmereg ugeduecht ass.

Mir fannen et Schued, dass mir eist Waasserrad bei der Fabrik net méi däerfe benotzen, wëll net méi genuch Waasser am Kanal ass fir d’Rad dréinen ze dinn. Virun e puer Joer ass d’Roudbaach nämlech uewerhalb vum Waasserrad revaloriséiert ginn an d’Waasserwirtschaftsamt wëll ee Maximum u Waasser an der Baach (net am Kanal) behale wéinst de Liewewiesen.

 Wéi versicht Dir är Awunner mat an d’Klima-Boot ze kréien an ze motivéiere matzemaachen?

Zënter dësem Joer organiséiere mir regelméisseg eise Bierger-Atelier, wou all d’Awunner aus eiser Gemeng invitéiert gi matzemaachen. Jidderee ka seng Iddie fir eng liewenswäert a nohalteg Gemeng mat erabréngen a mir diskutéieren se zesummen.

An eisen Dauler Noriichten (Buet), déi 4mol am Joer erauskommen, publizéiere mir vill Artikelen iwwer Klimapakt-relevant Themen: Energie, Waasser, Mobilitéit, ...

Mir sinn zënter laangem eng pestizidfräi Gemeng a schaffen intensiv mam SICONA zesumme fir Päiperlecks- a Wiseblummen souwéi Bongerten unzeplanzen an ze erhalen.

Wat sinn di wierkungsvollst Klima-Projeten, déi Dir an der Vergaangenheet ëmgesat hutt?

De Klimaschutz gëtt zënter de 1990er grouss geschriwwe an eiser Gemeng, mir ware laang bekannt als déi Gemeng mat de 4 erneierbaren Energiequellen (Wand, Waasser, Holz a Sonn).

Praktesch all eis kommunal Gebaier gi mat Holz aus eise Bëscher gehëtzt, mir hunn zwou Photovoltaiks-Anlagen op kommunalen Diech leien, eis nei Maison Relais ass am Passivhaus-Standard gebaut ginn, kierzlech ass eise Shared-Space ëm d’Schoul ageweit ginn (den éischten am Norden), mir leeë grousse Wäert op de Vëlos- a Foussgängerverkéier an all eis Gemengestroosse sinn 30er Zonen.

Fir all dës Efforten ass eis Gemeng dëst Joer mam Klimapakt Gold Label ausgezeechent ginn.

Wat sinn ärer Meenung no méiglech Léisunge fir Lëtzebuerg an der Klima-Politik?

Mir kommen net laanscht eng CO2-Steier, Verschmotze muss am Porte-Monni wéi doen.

Den ëffentleche Verkéier muss zäitlech genau sou, oder besser nach, méi séier si wéi de Privatauto an et soll op Elektromobilitéit gesat ginn.

D’Vëlosweeër solle méiglechst séier massiv ausgebaut ginn, de Moment brauch d’Ëmsetzung vun all dëse Projete vill ze laang. D’Trottoire solle propper tëschent de Foussgänger a Vëlosfuerer getrennt ginn an d’Elektrovëloe solle richteg gefördert ginn.

Den Aménagement vun den Dierfer a Stied muss verbessert ginn, hei solle mir eis an Holland inspiréiere goen! Prioritéit soll op di nohalteg Mobilitéit gesat ginn, d’Stied an d’Dierfer solle fir een optimaalt Zesummeliewe vun den Awunner ausgeriicht sinn, net fir d’Autoen, déi séier derduerch fueren.  

Wat bréngt der Préizerdauler Gemeng d’Zesummenaarbecht am Kanton um Niveau vum Klimaschutz?

Iwwert de Syndikat vum Réidener Kanton gi Projeten ëmgesat, déi eng Gemeng eleng net kënnt finanzéieren. Et mécht och einfach kee Sënn, dass all kleng Gemeng hier eegen Infrastrukture wéi eng Museksschoul, eng Schwämm, Altersheem asw géing op d’Bee stellen.

Mir profitéiere vill vun dëser Zesummenaarbecht um kantonale Niveau.

An elo huet jidderee vun Iech nach ee Wonsch...

Marc Gergen: Ech wënsche mir esou séier wéi méiglech eng Vëlos-Ubannung op dem kierzte Wee aus dem Daul op Réiden an den Atert Lycée.

Dësweidere wënschen ech, dass eise Staat méi op de Wee geet vu grousse Fräiflächen-Photovoltaik-Anlagen, wou d’Bierger sech kënne mat akafen an déi gläichzäiteg fir extensiv Notzung vun Déieren gebraucht kinnte ginn.

D’Kanner solle vu klengem un an der Schoul fir ee respektvollen Ëmgang mat eiser Ëmwelt an eise Ressourcë sensibiliséiert ginn.

An zu gudder Lescht, géing ech mir wënschen, dass verschidden nei Trends méi kritesch hannerfrot ginn. Eng Fro hei wier, wou de ville Stroum fir d’Elektro-Autoe soll hierkommen?"

René Zigrand:Ech wënsche mir dat jidder eenzelne kapéiert, datt säin Handelen, seng Liewens Aart an Weis, seng Consommatioun vun Energie a Matière Première, säi Respekt am Ëmgang mat der Natur ee minimalen Afloss op eist Klima huet. Mir sinn och nëmmen een Stéck Puzzel vun dem Ganzen.

Mir hunn awer d’Chance an d’Méiglechkeet zu engem groussen Deel ze décidéieren ob d’Déieren an d’Planzenaarten verschwannen oder iwwerliewen, wat fir eng Welt eis Nokommen virfannen. Déi Chance solle, nee, musse mir notzen.”

 

D'Klima-Interviewe vun den aner Gemengen fannt Dir hei: