Wat soen eis Gemenge-Responsabel zum Klimaschutz?

Als Politiker sidd Dir ee Virbild fir är Bierger. Wat maacht Dir am Alldag fir de Klimaschutz?

Toni Rodesch: Bis zu mengem 20. Liewensjoer, hat ech d’Gléck fir ronn 7.000 Beem an eiser Gemeng unzeplanzen. Menger Meenung no gëtt an der ganzer Klimaschutz-Diskussioun net genuch Gewiicht op d’Uplanzung an eng gutt Bewirtschaftung vu Bëscher geluecht. Mäin Auto huet 15 Joer an eis Haus huet 300 Joer, ech versiche Saachen esou laang wéi méiglech ze (ënner)halen. An d’Vakanz geet et meeschtens ouni Fliger. Mir ginn net ze wäit fort an op der Destinatioun bléift den Auto stoen, da gëtt haaptsächlech gewandert oder Vëlo gefuer.Mir hu säit éiweg ee grousse Gaart, wou mir eist Geméis fir d’ganzt Joer uplanzen.

Myriam Binck: Fir déi alldeeglech Trajeten, bei deene meng 3 Kanner net mat ginn, benotzen ech den Elektro-Vëlo. Doheem wäschen ech mat niddregen Temperaturen a mir benotze praktesch ni den Trockner. Am Haus hu mir eis ganz Beliichtung op LED emgerüst a spueren esou vill Stroum. Mir hunn d’Gewunnecht eis Elektrogeräter, déi mir net méi brauchen mat der Famill an de Frënn auszetauschen. Gebrauchte Saachen si mir wichteg, mir ginn dowéinst haaptsächlech op Second Hand Mäert fir de Kanner hier Kleeder ze kafen. Meng eege Kleeder kafen ech och am léifsten op Vide Dressing Treffen. Wat mir och immens um Häerz läit, si kuerz Weeër an der Liewensmëttel-Produktioun. Ech wëll wësse vu wou meng Produkter hierkommen a kafen dowéinst regional Marken. Eis Holzheizung doheem gëtt eréischt ugemaach, wann et richteg richteg kal am Wanter ass, di aner Zäit hält den Uewen duer. A fir nach méi Stroum kënnen ze produzéieren, plange mir deemnächst eis Photovoltaik-Anlag ze vergréisseren.

Mike Bolmer: Eist Haus ass komplett aus Houlz an ass mat Hanf isoléiert, et ass vun engem Entrepreneur aus der Regioun gebaut ginn. Hëtze maache mir mat eiser Geothermie-Heizung (also d’Hëtzt gëtt aus dem Buedem gezunn) a mat Solarthermie. Mir hunn ee Bongert mat 15 Uebstbeem ugeplanzt, geschwënn droen se och Friichten. A wann ech an d’Duerf ginn, dann ze Fouss oder mam Vëlo!

Wéi sëtzt Dir als Klimapakt-Sëlwer Gemeng Klimaschutz konkret an der Gemengepolitik ëm?

Eis Gemeng huet immens vill Bëscher, déi zanter 50 Joer virbildlech bewirtschaft gi fir méiglechst vill CO2 opzehuelen. Mir wënschen eis och, dass eis Bierger selwer erëm méi uplanzen, dowéinst verschenke mir deemnächst ee Bam un all Neigebuerenen aus der Gemeng.

A punkto Mobilitéit, si mir am gaange Primme fir d’Elektro-Vëloen auszeschaffen a plangen E-Borne fir Vëloe bei wichtege Bushalte-Stellen z‘installéieren.

Ee Projet, deen eis di nächste Joer vill wäert beschäftegen ass, eis nei Holz-Heizung am Schoulkomplex zu Kietscht. Dëst Gebai ass bei wäitem de gréisste Verbraucher an eiser Gemeng a wa mir deen op erneierbar Energien emrüsten, da spuere mir enorm vill CO2 an. Eis 3 Wandmille sollen och an den nächsten zwee Joren opgeriicht ginn, da produzéiere mir vill méi Stroum, wéi mir an eiser Gemeng verbrauchen.

Wat maacht Dir fir är Bierger aus der Gemeng mat an d’Boot ze kréien?

Mir versichen se iwwert eise Gemengebuet an eis Facebook-Säit lafend iwwer Klimathemen ze informéieren.

Mir hunn eng Rëtsch Primme fir erneierbar Energie Installatiounen, ewéi PV-Anlagen, thermesch Solaranlagen, a fir Reewaasseranlagen, ausgeschafft. Zesumme mat der Schoul an eisem Klimateam si Panneauen entwéckelt ginn, fir d’Autosfuerer iwwer de Littering laanscht eis Stroossen ze sensibiliséieren.

Eis Veräiner maache grouss Ustrengunge fir den Offall bei Fester ze vermeiden, a notze kee Wegwerfgeschier méi, mee just nach Porzeläin a Glieser. Virun 2 Joer, hunn sinn heimadder och beim Klimaconcours deelgeholl.

Wat sinn ärer Meenung no méiglech Léisungen fir Lëtzebuerg an der Klima-Politik?

D’Photovoltaik-Anlage sollen nach vill méi gefërdert ginn. Et muss definitiv méi einfach gemaach gi fir grouss Anlagen ze installéieren a virun allem soll een net drop versteiert ginn.

D’Tariffer vun de Biogas-Anlage mussen onbedéngt erëm interessant ginn, soss geschitt do näischt méi.

Alles entscheet sech iwwer de Präis, di ekologesch Varianten gi méi deier, dofir sollen d’Leit dat wäertschätzen, an aus dem Haushaltsbudget méi ausginn fir dës Varianten.

An der Schoul brauch et onbedéngt ee Fach „Nohaltegkeet“, wou d’Kanner schonn am jonken Alter iwwer de Respekt vun eise Ressourcen an der Ëmwelt opgekläert ginn.

Eis läit och um Häerzen, dass mir d’Servicer fir d‘Bierger, wéi d’Post, d’Police, d’Bank, de Bäcker a Metzler an der Regioun behalen. Mir sinn der Meenung, dass op engem klengst méiglechen Territoire soll regionaliséiert ginn. A

n zum Schluss nach, géinge mir eis iwwer d’Aféiere vun engem Pfandsystem op all de Béchsen, Fläschen etc freeën. Da géing vill manner Dreck laanscht eis Stroosse leien.

Wéi gesäit di ideal Welt aus an där de Mënsch am Respekt mat senger Ëmwelt lieft?

Toni Rodesch: Mir mussen ewech komme vum Konsum an dem Drang ëmmer dat Neiste menge mussen ze hunn. Soss gëtt eis Gesellschaft ëmmer méi onzefridden an den Egoismus a Näid ëmmer méi grouss.
Myriam Binck: Mir hunn ee wonnerschéine Liewensraum virun eiser Dier, firwat genéisse mer dee net méi? Ech géing mech freeën, wann mir all méi dat géingen notze wat mer hunn, ob dat Kleeder, Geräter sinn oder zB eise Gaart, wou mer kënne Geméis oder ee Bam uplanzen.
Wat mir och immens wichteg ass, ass d’regionaalt Produzéieren an d’regionaalt Akafen.
Mike Bolmer: Déi ideal Welt ass fir mech, dat de Mënsch an d‘Natur erëm zesummen am Aklang sinn an dat déi Respektlosegkeet ënnert de Mënschen, awer och géigeniwwer der Natur, een Enn fënnt.
De Mënsch soll ophalen ëmmer méi giereg no Muecht ze ginn a seng Zefriddenheet net just op de Konsum begrenzen.