Wat wëll är Gemeng di nächste 6 Joer fir de Klimaschutz maachen? Wat sinn är Ziler am Klimapakt?

Eng un eise Prioritéiten ass d’Berouegungvum Verkéier an eisen Uertschaften, all eis Gemengestroosse ginn 30er Zonen a mir maache grouss Efforte fir de Schoulwee méi sécher ze gestalten. All
Bierger aus eiser Gemeng soll d’Méiglechkeet hunn sécher vun doheem an den Duerfkär ze trëppelen. Doru schaffe mir elo. Weiderhi wäerte mir och eis kommunal Stroossebeliichtung op LED ëm rüsten. All zwee Joer organiséiere mir eis Aktioun vun der Uebstbam-Verdeelung, wou all Awunner een Uebstbam fir näischt kritt fir am Gaart unzeplanzen. Mir hunn di leschten 6 Joren 713 Beem verdeelt. Zesumme mat der Bedeelegung vun eise Bierger plangen mir d’Alentoure vum Fussballsterrain nei an eis ëffentlech Plaze wéi och d’Spillplaze sollen opgewäert ginn.

Wéi versicht Dir är Awunner mat an d’Klima-Boot ze kréien an ze motivéiere matzemaachen?

Eis Gemengenzeitung, de Ripevusch, ass ee ganzt staark Organ no baussen. Hei stinn immens vill Informatiounen zum Thema Energie, Klima asw dran. Mir ginn och eise Bierger d’Méiglechkeet Artikelen am Ripevusch ze publizéieren, déi dës Thematik ëmfaassen.Mir als Gemeng gi mam gudde Beispill vir a mir hoffen, dass eis Bierger esou encouragéiert gi fir mat ze hëllefen eis Klima-Ziler ze erreechen. Eis Bierger haten an de leschte Joren e puermol d’Méiglechkeet fir an Anlage vun erneierbaren Energien ze investéieren, wéi d’Photovoltaikanlag op eiser Useldenger Kierch oder d’Holz- hackschnëtzel-Anlag an eisem neie Gemengenzentrum zu Useldeng.

Wat sinn di wierkungsvollst Klima-Projeten, déi Dir an der Vergaangenheet ëmgesat hutt?

Mir waren di 2. Gemeng vum Norden am Land, déi eng LED-Beliichtung um Fussballsterrain krut. A punkto Offall-Management ass och vill geschitt, mir hunn de Label vun der Superdreckskëscht krut fir eis kommunal Gebaier a mir hunn eng Aktioun gehat wou d’Bierger hier Dreckskëscht fir eng méi kleng konnte gratis austauschen. All eis Gemengebëscher sinn FSC zertifizéiert. Eise neie Gemengenzentrum Weidfeld ass am Passivhausstandard gebaut ginn a wéi gesot hu mer hei ee Pilotprojet mat Biergerbedeelegung fir d’Holzheizung erfollegräich ëmgesat. Hei gëtt och den Heckeschnëtt energetesch genotzt. Zwee weider Gemengegebaier - d’Fussballsvestiairen an d’Crèche/Epicerie - ginn zënter dräi Joer mat Pellets gehëtzt. Momentan gëtt nach ee Wärmenetz mat enger Pellet-Heizung am Duerfkär installéiert, wou weider kommunal Gebaier ugeschloss ginn. Zwee vun dëse Gemenge- gebaier, di al Tannerie an di al Schoul, ginn de Moment ëmgebaut fir eng nei Notzung ze kréien: een Touriste Gîte respektiv ee Business-Center fir jonk Entreprisen. Lafend ginn eis innerörtlech Fouss-Weeër ausgebaut a verbessert.

Wat sinn ärer Meenung no méiglech Léisunge fir Lëtzebuerg an der Klima- Politik?

Mir mussen ewech vum Atomstroum an di erneierbar Energië mussen sech séier entwéckelen. De Lëtzebuerger Staat huet sech engagéiert fir d’CO2 Emissiounen ze reduzéieren. Mir wëllen awer och betounen, dass Lëtzebuerg sech muss Gedanke maachen an et muss garantéiert ginn, dass di nei Technologien och fiabel sinn. Hei stellt sech ënner anerem d’Fro vum Recyclage vun z.B. de PV Anlagen. Dës Problematik soll transparent kommunizéiert ginn an et musse séier Léisunge fonnt ginn. Dobäi soll awer och gesot sinn, dass den Ofbau vun den Atomkraaftwierker an d’Entsuergung vum radioaktive Material nach vill méi problematesch sinn a mir de Problem vun der Entlagerung nach ëmmer net geléist hunn.

Wat bréngt der Useldenger Gemeng d’Zesummenaarbecht am Kanton um Niveau vum Klimaschutz?

Mir hunn extrem gutt Relatioune mat de Gemenge ronderëm, de Syndikat huet eis vill bruecht, wéi z.B. eist Altersheem, eis Crèche, eis Museksschoul,... Iwwer de Klimapakt hu mir eng gemeinsam Klimapaktberoderin agestallt, déi nei Impulser erabruecht huet.

A elo huet jidderee vun Iech nach ee Wonsch...

Pollo Bodem: „Mëttelfristeg soll eng besser Léisung fir de Recyclage vun den erneierbaren Energie fonnt ginn. Hei ass eng effikass Collaboratioun vun Industrie a Politik noutwenneg.”
Pierre Da Silva: „Mir mussen aus der ekologescher Schold, déi mir de Moment eise Kanner a Kandskanner operleeën, erauskommen, fir de Scénario vun enger Faillite ze vermeiden. D’Länner weltwäit mussen gemeinsam eng mënschlech, wéi och eng responsabel nohalteg Politik bedreiwen, et kann net sinn, dass jidder Land seng eegen Zopp kacht.”
Christian Frank: „Mir wëllen eise Kanner eng zukunftsfäeg Äerd hannerloossen, an där et sech nach weiderhi gutt liewe léisst.”