Ee grousst Lach am Portemonni a Krëschtdag virun der Dier?
Keng Panik, schenkt Ären Allerléiwsten einfach e bessi vun deem Kostbarsten wat mir hunn - ZÄIT.
Verschenkt een Zäitbong!
Wéi wier et zum Beispill mat engem Zäitbong fir:
- eng entspaanend Kappmassage
- zesumme Fotoe vu fréier ze kucken
- een nach onbekannten Trëppeltour zesummen ze spadséieren
- ee selwer gemaachten Dinner for two
- ee Monopoly Spillowend doheem
-....
Hei kënnt Dir Ären Zäitbong gratis eroflueden oder kommt ee bei eis an d'Infostuff fir 1€ sichen.