De Klimawiessel huet een Impakt op eis Bëscher.

Wëllt Dir gewuer ginn, wat dësen Impakt ass a wéi d'Strategie ass fir sech dësem Wiessel unzepassen?

Da kommt mat op eis Visitt mam Serge Hermes (Fierschter an de Gemeng Rammerich a Responsabel vum Naturerliewniszentrum Burfelt).

Wéini?
Samschdes, 5. Juni 2021 9h00-12h00

Depart?
Parking Vëlospiste - tëscht Flatzbuer a Riesenhaff (Kaart bei Umeldung)

Wat matbréngen?
Fest Schong, wiederméisseg Kleedung, Mask

Umeldung?
Obligatoresch bis den 1. Juni op klima@klima.lu oder T 26 62 08 01 22

Di maximal Unzuel u Participanten ass op 20 begrenzt.

Bei dëser Excursioun ginn di sanitäre Virschrëften agehalen (Droe vun engem Mask, Distanz vun 2 m).