De 27. November 2018 wor d'Eierung vun de Vëlosfuerer déi, fir hier Gemeng aus dem Réidener Kanton, beim Tour du Duerf 2018 ugetruede sinn a Kilometer gesammelt hunn.

No engem kuerze Wëllkommenswuert vum Präsident vum Syndikat vum Réidener Kanton, dem Thierry Lagoda, hunn d'Antonia Schmit an de Laurent Schaus vun Ell een immens flotten an lëschtege Virtrag mat Film iwwer hier Vëlosrees op d'Mëttelmier gewisen.

Duerno sinn d'Gewënner aus den 3 Kategorien geéiert ginn:

- Gemeng mat de meeschte Kilometer: Wahl  mat 7.942 km

- Team mat de meeschte Kilometer: Oppen Team Wahl mat 4.615 km

- Vëlosfuerer mat de meeschte Kilometer: Stefan Meilinger mat 1.401 km

 Mir félicitéieren all de Gewënner a wënschen hinnen ee gudden Appetit beim gemeinsamen Iessen!

  

Du goufen di 2 Bongen vun der Vëlosrees op der Vennbahn verloust. Gewënner hei wor de Noah Reuter vu Kéiber! Mir félicitéieren him a wënschen him a senger Famill eng immens spannend Rees op der Vennbahn!

Uschléissend ass d'Vëloskonzept vum Réidener Kanton virgestallt ginn. Hei fannt Dir d'Ennerlagen.

Folgend Iddie si vum Publikum bei der Diskussioun genannt ginn:

- de Moment gëtt no enger Verbindung tëschent Rammerich  a Wahl / Grevels gesicht, déi net iwwer den C.R. fiert

- et ass wichteg, dass een de Vëlo ka sëcher ofstellen an dëst och an der Fräizäit, wéi zB op Bus-Arrêten. Hei soll een eenheetlech Konzept fir d'Vëlosstänneren erstallt ginn fir de ganze Kanton.

- d'Planung vun der P.C. 25 - Useldeng - Iewerleng - Reimberg - Groussbus - Mäerzeg - Feelen ass no engem Stillstand wéinst waasserschutzgrënn rëm relancéiert. Ee Bureau ass mam Projet beoptragt ginn a schafft enk mat der Ponts & Chaussées an de concernéierte Gemengen zesummen.

- Am Kanton solle mir versichen ze weisen, dass de Vëlosfuerer wellkommen ass. An dëst duerch verschidden Aktiounen:  gutt & secher Ofstellméiglechkeeten (Schwëmm, Lycée,...), Oplued-Statiounen fir d'E-Vëloen (Sticker "We fill battery" fir Restaurants/Caféen wou Batterie kënnen opgeluedt ginn)

- Et ass ganz wichteg, dass d'Sensibilisatioun fir de Vëlo scho ganz fréi ufänkt, an zwar an de Schoulen. Hei muss den Hiewel ugesat ginn an d'Gewunnescht fir de Vëlo ze notzen entstoen. De Kanton soll kucke, fir mat de Schoule méi intensiv zesummen ze schaffen.

- innerhalb vun den Uertschaften mussen d'Vëloe leider mam motoriséierte Verkéier fueren, wat net zu engem héije Sëcherheetsgefill bäidréit. Fir d'Kanner op de Vëlo ze kréie, wier et deemno ubruecht, op kritesche Plazen den Trottoir mat Poteau ofzesecheren.

 Mir soen all de Vëlosfuere, déi deen Owend komm sinn, villmools Merci.

 

Der Kanton Redingen hat von 2014-2016 zusammen mit den Mitgliedern der 10 Klimateams ein kantonales Mobilitätskonzept erstellt.

Mobilität: früher und heute!

Früher zur Zeit unserer Ururgroßeltern hat sich die alltägliche Mobilität auf einen Radius von 10km ums Zuhause beschränkt und fand hauptsächlich zu Fuß, aufm Rad oder im Pferdekarren statt.

      

Quelle: Archiv Museumsdorf.de                             Quelle: Alte Postkarte von 1905 (Fotograph: Ch. Bernhoeft)

Heute hat sich unser Mobilitätsradius auf den Radius unserer Erde ausgedehnt: es gibt nur noch sehr wenige Ecken auf unserem Planeten, die wir nicht innerhalb von 48 Stunden erreichen können. Und dieser Quantensprung in unserer Mobilität ist dem technischen Fortschritt und vor allem den fossilen Energieträgern zu verdanken.

In Kuborn wohnen, tagsüber in Esch/Alzette arbeiten, nach der Arbeit schnell in Perl shoppen danach in Bonnevoie das Judo-Training besuchen und abends noch in Wiltz mit Freunden feiern… Null Problemo heutzutage! Vor 150 Jahre hätten unsere Vorfahren dafür eine ganze Woche einplanen müssen.

 

 Transportsektor = der größte Energiefresser in Luxemburg

Unsere kantonale Mobilitätsumfrage hat ergeben, dass 7 von 10 Bewegungen mit dem Auto erfolgen. Sehr häufig wird das Auto auch für kurze Distanzen (< 3 km) benutzt, wo andere Verkehrsmittel, wie zu Fuß gehen oder das Rad, keine utopischen Alternativen wären.

Der Transportsektor ist der größte Energiefresser in Luxemburg: er allein verbraucht fast 60% unserer Energie, Tendenz steigend. Auch wenn der Löwenanteil den Nicht-Einwohnern zugerechnet wird, kommt die moderne Mobilität uns in Sachen Luftqualität, Flächen- und Energieverbrauch teuer zustande.

 

 

Große Potenziale für unsere Region!

Weitere Fakten wurden in unserer kantonalen Umfrage festgestellt:

  • Das Ballungsgebiet der Stadt Luxemburg ist der am meist genannte Arbeitsort.
  • Redingen ist der am meist genannte Schulort.
  • Bei den Freizeitorten ist Redingen auch an erster Stelle. Aber auch die Hauptorte der verschiedenen Gemeinden werden viel in der Freizeit aufgesucht.
  • Durchschnittlich befinden sich 1,17 Insassen pro Auto auf dem Weg zur Arbeit und Ausbildung.

Hieraus ergibt sich ein großes Potenzial für:

  • Fahrgemeinschaften zur Arbeit
  • einen attraktiven öffentlichen Transport zur Arbeit / Schule
  • Rad und E-Bike für Bewegungen in der Gemeinde und im Kanton (Schule, Freizeit,…)

 

 Der Bericht des Mobilitätskonzeptes können Sie hier runterladen.

 

 

Anhänge:
Diese Datei herunterladen (Regionales Mobilitätskonzept Kanton Redingen - Endbericht v49 ms.pdf)Bericht Mobilitätskonzept6316 KB

Wéi Dir vläicht scho mat krut, schafft de Mobilitéitsministere un engem neie Busnetz. All d’Linnen, d‘Fahrpläng an d’Strecke gi komplett nei ausgeluecht. De Mobilitéitsminister François Bausch ass de 6. Februar mat senger Ekipp bei eis op Réiden dat neit Netz fir eis Regioun virstelle komm.

 

Am Virfeld vun dëser Info-Versammlung, hunn di 10 Gemenge vum Réidener Kanton am Numm vum Syndikat ee gemeinsamen Avis zum 1. Entworf vum neien RGTR-Netz erageschéckt. De Gros vun dëse Punkte gouf am 2. Entworf iwwerholl, deen de Minister François Bausch de 6. Februar zu Réiden virgestallt huet.

 

Hei de leschte Stand fir Iech zesumme gefaasst:

 

Wéini gëtt dat neit Netz ëmgesat?

 Dat neit Bus-Netz wäert an eiser Regioun réischt Enn 2021 ëmgesat ginn. Di landeswäit Ëmsetzung fänkt Mëtt 2021 am Osten un an erreecht eis Regioun réischt eng 4-6 Méint méi spéit.   

 

Wat bréngt dat neit Bus-Netz?

 Am Prinzip braucht Dir na maximal 1 x ëmzesteige fir an d’Stad, d‘Nordstad, op Miersch oder Arel ze kommen. Fir di meeschten Awunner wäert et och Direktlinnen zu dësen Destinatioune ginn.

 

Wéi wäerten eis Bus-Linnen herno heeschen?

All d’Busser, déi aus dem Zentrum  an de Réidener Kanton fueren, fänke mat der Ziffer “9” un an bestinn weiderhin aus enger dräistelleger Zuel.

 

Wat ass eng Express-Linn ?

 Eng Express-Linn erkennt een dorun, dass si op 2. Stell eng „0“ huet. Eise Kanton kritt 3 Express-Linnen: 901, 902, 903. Dës bléiwen ausserhalb vun eisem Kanton, nëmmen 1x an all Uertschaft stoen, innerhalb vun eisem Kanton op de gewinnten Arrêten.

 

Wat fir aner Linne ginn et nach?

Di Regional-Linne bléiwen op all Arrêt, wéi bis elo gewinnt stoen, an hunn op 2-Stell eng “1”. Di eenzeg Regional-Linn an eisem Kanton ass 911.

An da ginn et nach ee ganze Koup Lokal-Linnen an eisem Kanton, déi net an d’Stad fueren. D’Lokal-Linnen hunn op 2. Stell eng „2“, „3“, „4“, oder „6“: 933, 934, 935, 942, ….

 Duerch eise Kanton fiert nach eng Quer-Linn vun Ettelbréck op Arel (950). D’Quer-Linnen hunn eng „5“ op 2. Stell.

 

Wéi fréi a wéi spéit wäerten d’Busser fueren?

D’Busser fuere generell méi laang, vu moies 5:00 bis owes 23:00. Och Sonndes, gëtt de Service däitlech erhéicht. Bis 21:00 ass op mannst de Stonnentakt assuréiert, duerno een 2-Stonnen-Takt bis 23:00.

 

Wéi gesäit et mam Schoulverkéier aus?

Et gëtt eng kloer Trennung mam Schoulverkéier gemaach (separat Linnen).

 

Wéi gesäit et mat der Bus-Spuer um Briddel aus?

Hei schafft elo een nei geschaaften Aarbechtsgrupp drun. De Problem ass, dass vill Parkplazen um Briddel mussen ewechgeholl ginn, fir Plaz fir dës Busspuer ze maachen. Dëst muss nach mat der Kopleschter Gemeng ausgehandelt ginn.

 

Wéi gesäit et mat de genaue Fuerpläng aus?

D’Horaire si nach net fäerdeg am Detail ausgeschafft, dëst ass fir dëse Mee geplangt.

Ass dëst Bus-Netz elo festgeneelt?

D’Busnetz bléift „Work-in-progress“ an d‘Doléance vu de Gemenge kënnen och weiderhin nach opgeholl an ëmgesat ginn.

 

Wéi gesäit et mam Park&Ride zu Schweebech aus?

De P&R zu Schweebech soll endlech 2020 an d’Bauphase goen an 2021 operationell sinn. Dëst ass ee Projet vun der Ponts & Chaussées.

 

Firwat fueren net méi all d’Busser an d’Stad?

D’Plaz fir d’Busser (Arrêt, Waarden, Dréinen,…) an der Stad ass staark begrenzt. Net all Iwwerlandbus kann an d’Stad erafueren.

D’Bus-Linn, déi de Moment nach vu Réiden iwwer Ell, Biekerech, Stengefort bis an d’Stad fiert (250), wäert no der Reform just nach bis op Stengefort an op d’Klengbettener Gare fueren, wou een eng Korrespondenz fir an d’Stad kritt.

 Wann sech awer elo rausstellt, dass d’Ëmsteigen zu Stengefort (oder Näerden) net funktionéiert, da kann de Ministère no enger besserer Léisung sichen.

 

Dat heescht et muss ee méi ëmsteigen?

Et falen net vill Direkt-Linnen ewech. Mee fir d’Usagere vun der 250er Linn bedeit d’Reform effektiv 1x ëmsteigen - entweder zu Näerden, Stengefort oder zu Klengbetten op den Zuch. Och d’Bierger aus dem Préizerdaul mussen 1x ëmsteigen, wann si op d’Mierscher Gare wëlle fueren.

D’Ëmsteigen ass di eenzeg Méiglechkeet fir een héijen Takt kënnen an de Regiounen unzebidde mat dem begrenzte Raum, deen an der Stad zur Verfügung steet.

Mee egal wéi, steet a fält d’Konzept mat dem Funktionéiere vun de Korrespondenzen, dat ass sech de Mobilitéitsministere och bewosst. D’Korrespondenze ginn iwwer eng Leetstell geréiert.

 

Wéi gesäit et mat der Barrièrefräiheet an de neie Busser aus?

D’Busser wäerten all barrièrefräi sinn, dëst steet kloer an der aktueller Ausschreiwung, déi an de nächste Méint erausgeet. Och all d‘Zich, déi nei bestallt ginn, si barrièrefräi. Op de Gare (Miersch, Ettelbréck, Stad….) sinn och vill Aarbechte geplangt / um Lafen, hei gëtt och alles barrièrefräi gebaut.

 

Mir hoffen, dass dëst neit Busnetz eis all méiglechst gutt entgéint kënnt an eisen Autoen ëfters eng Paus gönnt. De Mobilitéitsatelier vum Kanton wäert weiderhi beim Mobilitéitsministere insistéieren fir gutt Léisungen ze fannen op di diskutéiert Schwaachpunkten.