Et ginn entretemps vill an ganz interessant Alternativen zum eegenen Diesel oder Benzins-Auto!
E-Mobilitéit
Denkt drun, dass Dir Primme vum Staat kritt, wann Dir een E-Auto, Plug-in hybride oder Cycle léger (quadricycle, motocycle, scooter, pedelec45) kaaf. Méi Info zu de Primmen: hei
Ëffentlechen Transport
De Bus & Zuch sinn säit dem 1. Mäerz 2020 gratis. Denkt drun, dass Dir bal iwwerhall gutt mam Bus hikommt. Checkt Är Verbindung hei: www.mobiliteit.lu
Primme fir Vëlo
Fir kuerz Distanzen ass de Vëlo oft dat séierst Verkéiersmëttel. Och hei kritt Dir Primme vum Staat. Méi Info: hei
Mam Vëlo vun A op B
Wëllt Dir wëssen wéi Dir mam Vëlo op Är Destinatioun kommt? Notzt d'Funktion Itinéraire vum Geoportail
Wat fir ee Vëlo, E-Bike oder Auto ass deen ekologeschsten?
Op oekotopten.lu fannt Dir Analysen zu den ekologeschste Modeller punkto Mobilitéit
Covoiturage
Mat der App Klaxit kënnt Dir no enger Fahrgemeinschaft sichen oder Ären Trajen androe fir Matfuerer ze fannen!