Sylvie a Fons mat den Duechteren Nora an Delphine vun Ueschdref:
Am léifsten aus der Regioun

D ‘Famill Jacques produzéiert hier eegen Energie. Als Ausgläich zu senger Bürosarbecht, fällt et dem Fons nett schwéier vill vu sengen Samschdeger am Bësch ze verbrengen a Brennholz ze maachen. Hiren Dram ass deen vun enger Regioun déi villes selwer produzéiert, also zu engem méiglechst groussen Deel Selbstversorger ass.

Wat produzéiert Dir alles selwer?

Wéi eise Scheierdaach nei gemat ginn ass, hu mir décidéiert eng Solaranlag ze installéieren, déi wäit méi produzéiert wéi mir selwer brauchen. Wann ech moies op d ‘Aarbecht fueren, gesinn ech ëmmer Cattenom. Ech muss soen, et ass sécherlech méi berouegent eisen eegenen Stroum ze produzéieren, wéi mussen op Atomstroum zeréckzegräifen. Well mir wëllen, dass méi Stroum bei eis an der Regioun produzéiert gëtt, bedeelege mir eis och zënter engem Joer bei der gemeinschaftlecher Solaranlag vun der Gemeng Rammerich.

Eis Famill huet vill Louhecken an well mir net wollten, dass dat Holz einfach verrott, hu mir eng Scheetholzheizung installéiert. Ech hun de “Waldführerschein” gemaach a sinn säitdem och ee richtegen “Holzfäller” ginn.

Eng Uebstbeemplantag ass ugeplanzt ginn mat der Iddi eis iwwer d ‘Joer mat eisem eegenen pestizidfräiem Uebst anzedecken. Mir verschaffen dann een Deel och zu Gebeess, Kompotten an “Agemaatem”. E klenge Geméisgaart mat Kräiderspiral liwert eis e puer frësch Liewensmëttel. Mir versichen esou vill wéi méiglech onbehandelt (biologesch) Produkter ze verschaffen. Duerfir begréissen mir och d’Initiativ vun der regionaler Kooperativ “Vun der Atert”. Mir freeën eis dorops.

Dir benotzt och bestëmmt de Beki fir eis Regioun ze stäerken?

Wann ee weess, dass 80% vun den Euro ‘en mat deenen hei bezuelt gëtt, eis Regioun direkt verloossen, mécht de Beki einfach Sënn. Well de Beki wiesselt 5-6 mol an der Regioun de Besëtzer iert en an Euro zeréck getosch gëtt.

De Beki behält d’Wirtschaftskraaft an der Regioun an sechert sou d ‘Aarbechtsplazen hei. Mir wëlle jo nët, dass eis Dierfer just Dortoire ginn déi daagsiwwer ausgestuerwe sinn.

Wat wëllt Dir de Lieser nach matdeelen?

Mir fannen, dass de Kanton Réiden eng wierklech liewenswert Regioun ass: et ginn vill flott Initiativen, déi de Bierger hëllefen eng méi nohalteg Liewensweis anzeschloen an di vill kleng a mëttelstänneg Betriber sinn definitiv och eng Stäerkt vun eiser Regioun. Mir solle versichen d’Potenzialer vun der Regioun optimal ze notzen a méi regional ze produzéieren. Loosst eis zesummen eise Kanton zu engem “staarke Stéck Westen” opbauen a méi onofhängeg vu baussen ginn!

 Famill Jacques vun Ueschdref

Patrick François vun Hueschtert: Bio-Landwiert aus Iwwerzeegung

De Patrick, 31 Joer, huet virun 5 Joer den Haff vun sengem Papp iwwerholl. Hien huet eng 80 Béischten déi hien no den Richtlinnen vun der biologescher Landwiertschaft hält.

De Patrick huet kierzlech op der Foire agricole den Bio-Agrar-Präis 2015 gewonne fir seng selwer gebauten Dreschnungsanlag fir Kären an Hee, déi d‘Qualitéit vum Fudder verbessert. Des Anlag leeft iwwert eng Stéckholz-Heizung, déi de ganzen Haff versuergt.

Patrick, wat heescht „biologesch Fleeschvéi-Haltung“?

D‘Fudder fir meng Déieren, also de Silo an d‘Hee, produzéieren ech selwer komplett ouni Sprëtzmëttelen. Ech benotzen kee chemeschen Dünger wéi zB. Kalgamon, mee nëmme meng eege Mëscht. Fir Stéckstoff an de Buedem ze kréien, séinen ech Leguminosen (Kléi, Iertsen, Lupinen,...), di Knöllchenbakterien un de Wuerzelen hunn déi de Stéckstoff aus der Loft ophuelen an am Buedem späicheren fir un deene nofolgende Planzen (Wees a Gerste) zur Verfügung ze stoen. Zwëschen de Wanter- a Summerkulturen séinen ech eng Zwëschefruucht (Moschtert, Ölrettich, Huewer,...) déi organeschen Dünger un de Buedem oofginn wann se am Wanter offréieren.

Ech versiche sou mann wéi méiglech Medikamenter ze benotzen. A wann ech der benotze, muss ee bei der Bio-Landwiertschaft duebel sou laang waarden iert d‘Béischt geschluecht gëtt. Sou hunn d‘Medikamenter méi Zäit sech am Kierper ofzebauen. Meng Déieren hunn iwwer d ‘ganzt Joer Fräilaf op d’Weed. Am Stall stinn se all op Stréi, net op Spalten well dat féiert heefeg zu Verletzungen. Et ass mir wichteg, dass meng Déieren sech wuel fillen.

Firwat hu Dir Iech entscheet no biologeschen Richtlinnen ze schaffen?

Biologesch produzéiert Produkter sinn einfach méi gesond. Mäi Papp hat bei der BSE-Krise Enn der 90er ugefaangen, ab 2000 wore mer du komplett op ”bio” ëmgeklommen. Mir hunn de Wiessel bis elo nët bereit. Dat wat Béischten vu Chemikalien oder Medikamenter zou sech huelen, ësst ee Konsument am Fleesch mat. Mir wëlle gesond Fleesch hierstellen an eis Béischten sollen ee gutt Liewen hunn.

Wou kritt een äert Fleesch ze kafen?

De Metzler Oswald huet soss ëmmer eist Fleesch verkaf. Den Nofolger vum Oswald, den Niessen verkeeft just Fleesch, dat bei him zu Elwen geschluecht gëtt. Well et zevill wäit ass meng Déieren vun Hueschtert op Elwen ze transportéieren, fueren ech an d‘Schluechthaus op Ettelbréck. Leider gëtt mäi Fleesch dann am Normalfall an der konventioneller Schinn verkaf. Biomaufel ass d‘Interessigemeinschaft fir d’Vermarktung vum Lëtzebuerger Bio-Fleesch. Si sinn am gaang mat kucken wéi se de Verkaf vum Bio-Fleesch landeswäit besser an d‘Rulle kréien. Op jiddefall hoffen mir, eist Fleesch geschwënn rëm als Bio-Fleesch verkafen ze kennen.

Patrick François vun Hueschtert

D’Claudine an den Marc Blaise-Arendt vu Rammerich: Eisen Usporn ass Rammerich energie-autark ze man

D`Claudine an de Marc si Besëtzer vun der Natuurgas Schwiedelbruch s.c., der eenzeger Biogas-Anlag an der Gemeng Rammerich. Des Anlag produzéiert 70% vum Stroum, deen an der Gemeng Rammerich mat erneierbaren Energien produzéiert gëtt an hëtzt zousätzlech eng 30 Haiser a Gebaier iwwert een Wärmenetz.

Här Blaise, wéi ass et zu dëser Biogas-Anlag komm?

Mäin Usporn wor Rammerich energie-autonom ze maachen, also d‘Duerf komplett mat lokalen alternativen Energien ze hëtzen a mat Stroum ze versuergen. Mir wëssen net wou d‘Zukunft higeet a wat alles dobausse nach ka geschéien. Et ass sécherlech méi berouegent, wann een Duerf oder eng Gemeng ganz onofhängeg ass vun externen Energie-Lieferanten. Firwat musse mir eise Stroum vu Cattenom komme loossen wa mir en selwer vill méi sécher direkt bei eis kënne produzéieren?

Ech wor begeeschtert vun der Iddi, dass een kann aus “Kou-Schäiss” mat bësse Gras, Mais a Kären Haiser hëtzen a sou kee sténkege Mazout méi brauch. Mazout, deen een ëmmer rëm muss geliwwert kréien, deen d‘Ëmwelt mat CO2 belaascht, dee mat Präisschwankungen ze kämpfen huet, ....

No engem éischte Projet zu Kietscht aus deem näischt ginn ass, hunn ech ee neie Projet zu Rammerich ugefaang. Wéi ech bis mat der Gemeng, der Police, dem Centre médical a 24 Privathaiser fest Abnehmer vun der produzéierter Hëtzt hat, hunn ech mat der Konstruktioun ugefaang. Am Oktober 2012 ass d‘Anlag un d‘Netz gaang.

Woren och finanziell Facteuren déi matgespillt hunn?

Wann ech just nom finanziellen Virdeel géing kucken, da géing ech meng Biogas-Anlag definitiv haut zoumaachen. Vill Baueren, déi Biogas-Anlagen hu, sinn Idealisten, soss hätte se schonn opginn.

Wéivill Stroum an Hëtzt produzéiert är Anlag pro Joer?

Mat der kierzlecher Erweiderung vun der Anlag produzéiere mir elo ronn 4 Millioune kWh Stroum pro Joer, dat ass de jäerlechen Verbrauch vun 800 Haushälter an eiser Gemeng. Donieft produzéiere mir bal di selwecht Quantitéit Hëtzt.

De Moment gi mer awer just d ‘Halschent vun dëser Hëtzt lass, mir kinnten also nach eng Kéier souvill Gebaier an Haiser versuergen.

Biogas-Anlagen ginn oft dobaussen kritizéiert. Wat wéilt Dir gären de Biogas-Kritiker matdeelen?

Leider ginn et dobausse och Parade-Beispiller vu Biogas-Anlagen, déi duerch verschidden Ursaachen een negatiivt Bild bei de Leit hannerloossen.

Wat de Gestank ugeet, richt et hei net anescht wéi op engem Haff ouni Biogas-Anlag. Dat läit wahrscheinlech dorun, dass ech weder Kichen-Offäll, nach aner Industrieoffäll dra geheien, a konstant all Dag déi selwecht Ratioun fidderen, sou dass wéineg Schwankungen an der Gas-Qualitéit kommen.

A meng Anlag kommen ni manner wéi 70% Gülle a Mëscht (déi souwisou ufalen), ronn 15% Kären a Gréngschnatt a 15% Mais. Ech geheien näischt dran wat importéiert ass, well do de Risiko ze grouss ass, dass eppes d ‘Biologie vun der Anlag duercherneen bréngt.

Ech hale mech un di virgeschriwwen Fruchtfolge a belaaschten mäin Buedem net mat Mais-Monokulturen.

D‘Planzen um Feld kënnen d’Gülle aus der Biogas-Anlag besser ophuelen, wéi déi Gülle déi direkt aus dem Stall kennt, d’Nährstoffen si méi schnell verfügbar. Doduerch spueren ech mineraleschen Dünger.

Wat sinn är Pläng fir d’Zukunft?

D’Anlag, wéi se elo steet, gëtt net vergréissert, di jëtzeg Gréisst ass optimal. Mir wëllen just der Hëtzt lassginn vun där mir de Moment just d ‘Halschent notzen. Dowéinst plange mir d’Wärmenetz ze verlängeren. Verschidde gréisser Gebaier wäerten demnächst nach ugeschloss ginn.

Adrien Metz vun der Bungerefer Millen: Eng Millen muss eppes produzéieren!

Zenter 2006 gëtt an der Bungerefer Millen rëm produzéiert, zwar kee Miel oder Mais méi, mee Stroum! Den Adrien Metz an den Armand Weber hunn an de Nonzeger Joeren décidéiert d ‘Waasserkraaft rëm ze notzen an hunn dat aalt Wéier mat Staukanal sanéiert an eng Turbin installéiere gelooss.

Här Metz, wat ass d’Geschicht vun ärem Waasserrad?

Zenter dem 14. Jorhonnert wor hei eng Millen, déi de Weess vun den Baueren hei rondrëm gemuelen huet. Nom 1. Weltkrich ass ee Generator opgestallt ginn fir Stroum ze produzéieren. Em 1940 ass nach eng Seeërei derbäikomm, déi nom Krich den Awunner aus der Géigend vill gehollef huet. Ab 1952 wor du just nach een Hotel an eng Plage mat engem Bistro hei an der Bungerefer Millen.

Wéi ech an den Nonzeger Joren hei iwwerholl hunn, wor ech der Meenung dass eng Millen eppes misst produzéieren! Wa scho kee Miel, dann Stroum! Mir krute vun der EU eng finanziell Hëllef fir d’Waasserrad rëm opliewen ze loossen. Zwou Turbinnen sinn installéiert ginn an mir hunn eng Gesellschaft gegrënnt – d’Centrale Hydroélectrique du Moulin de Bigonville (CHEMB).

Wéivill produzéiert äert Waasserrad pro Joer?

Eist Waasserrad produzéiert ronn 200’000 kWh pro Joer, dat ass souvill wéi 40 Haushälter an der Gemeng Rammerech pro Joer verbrauchen. Mir verkafen de Stroum un Enovos, et gëtt also alles an d’Netz agespeist.

Wat gutt ass bei der Waasserkraaft ass, dass d’Produktioun am Normalfall ganz gläichméisseg ass, anescht wéi bei der Sonn oder beim Wand wou ëmmer Spëtzten sinn. D ‘Turbinnen kennen awer net lafen wann de Waasserstand an der Sauer ze niddereg ass oder wann Héichwaasser ass. Am Duerchschnëtt lafen di zwou Turbinnen ca. 9 Méint am Joer.

Wat wor är Motivatioun hannert dësem Waasserrad?

Mir wollten an eiser Millen onofhängeg sinn, souwuel mat der Energie wéi och mam Waasser. Dowéinst hu mer ee Pëtz.

Et brauch een eng gutt Portioun Idealismus. Leider leeft eis Prime écologique um Stroum d’nächst Joer aus. Dir musst wëssen, dass no 10 Joer di éischt gréisser Reparaturen un den Turbinnen ufalen. D’Rechnung geet dann ouni gudden Stroumpräis schlecht op. Mir hoffen awer, dass de Stroum vun eiser Millen och an Zukunft zu engem gudde Präis dobausse ka verkaf ginn a dass mir net hänke gelooss ginn.

Daniel Bourgeois* vun Holtz: Nohalteg Bauen ass net nëmme gutt fir eis Äerd, mee och fir eis Gesondheet

Den Daniel Bourgeois interesséiert sech bei der Renovatioun vun alen Haiser a beim Bau vu neien Haiser net nëmmen un der Physik vum Haus, mee och un der Gesondheet vum Mënsch. Hee setzt sech zënter laangem an fir ee méi nohalteg an ekologescht Bauen hei am Land.

*Den Daniel Bourgeois ass Expert / Formateur am Beräich Nohaltegt Bauen um IFSB (Institut de Formation Sectoriel du Bâtiment).

Daniel, wat denkt Dir vun der aktueller Entwécklung am Bau?

Et ass ganz luewenswäert, dass Lëtzebuerg sech sou drugëtt fir héich Energie-Standards am Bau vu néien Haiser a Gebaier ze fuerderen. Mir wäerten 2017 dat éischt Land an der EU sinn, wou Passiv-Standard am Neibau obligatoresch ass. Dat heescht et däerf een ab 2017 näischt neies bauen wat net Passiv-Standard ass. All neit Haus muss dann eng Lüftungsanlag hunn, sou wéi eng déck Isolatioun. A punkto Energieverbrauch sti mir da ganz gutt do, wann d’Haus bis fäerdeg ass.

Wat mir awer an dëser ganzer Entwécklung feelt, ass d’Berücksichtigung vun eiser Gesondheet. Bei der Sanéierung vun alen Haiser gëtt vill Styropor als Dämmstoff benotzt. Mir hunn domat vläicht de Problem vun der Energie geléist, mee et ka ganz gutt sinn, dass mir dann op vill néi Problemer stousse wéi z.B. dass mir dem Schimmel am Haus net lass ginn, dass mir krank ginn an dass de ganze Styropor spéider een Entsuergungsproblem ass.

Di ganz Fro vun der groer Energie, dat heescht déi Energie déi néideg ass fir di ganz Bau-Materialien hierzestellen an ze transportéieren, gëtt oft net mat an der Energiebilanz berücksichtegt. Di héich Käschte vum Entretien (Lüftungsanlag, Puits canadien,...) vu Passiv-Haiser ginn och oft am Ufank vergiess.

Wat proposéiert Dir als Alternativ?

Ech soen net dass alles schlecht ass, mee ech setze mech dofir an, dass mir rëm méi Respekt virum Bau kréien. Wa mir eng déck Schicht Styropor op eis baussescht Wänn pechen, doe mir eisem Aalbau wéi. Mir mussen fir d’éischt eng Analyse vun eisem Haus man fir ze kucken wat fir Materialien de Bau verdréit. Natierlech muss och gekuckt ginn wéi d’Liewensgewunnechten vun de Leit sinn, fir dass se sech herno wuel fillen an hirem Haus. Schliisslech bezuelen se dat jo oft 30 Joer laang of.

Mir hunn de Moment een enormen Ressourcen-Verbrauch op eiser Äerd, besonnesch am Bau verschlénge mir enorm Quantitéiten u guddem Buedem, Mineralien an Energie. D’Fro, déi mir eis musse stellen ass: wat brauche mir wierklech fir glécklech liewen ze kënnen? Wat sinn eis reell Bedierfnisser? Ass een Haus vun 300m2 wierklech néideg? Mir mussen vill méi mat der Natur am Plaz géint Natur bauen a liewen. Eng universell Kreeslafwiertschaft musse mer och onbedengt erreechen. Mir mussen de Wäert vun eise Ressourcen rëm schätze léieren.

Loosst eis dëse Wiessel fräiwëlleg a geplangt ugoen, iert mer en iergendwann vun den onerbittlechen Natur-Gesetzer op erzwonge kréien.

Michel Mergen vun Hueschtert : Regional produzéierte Solar- a Wandstroum sinn d’Léisung!

De Misch ass zesumme mat senge Bridder, Abbes a Rog, vu Bilschdref Besëtzer vun e puer grousse Solaranlagen, déi souvill Stroum produzéiere wéi ronn 25 Haushälter an der Gemeng Rammerech verbrauchen. De Misch ass och een engagéierte Member vum Rammericher Klimateam.

Misch, Du bass mat Denge Bridder ee vun de gréisste Stroum-Produzenten aus der Gemeng. Wéi ass et dozou komm?

Ech hu scho laang dervu gedreemt mäin eegene Stroum ze produzéieren, dat huet mech einfach ëmmer faszinéiert! Ursprénglech wollt ech ee Wandrad am Gaart bauen, du sinn ech vun der Solarenergie ofgelenkt ginn.

Meng Bridder hu grouss Daachflächen, déi sech gutt eegenen fir Solaranlagen. Ech hunn hinnen sou laang een Ouer gemat bis 2003 eis éischt Anlag vun 48 kWp zu Bilschdref op der Buch un d’Netz gaang ass. Mir hätte nach gäre méi geluecht, mee vun der Kapazitéit hier wor deemools net méi dran. 2012 si nach zwou weider Anlagen derbäi komm, eng vun 17 kWp, op eisem Heemechtshaus zu Bilschdref, an eng zweet vun 60 kWp an der rue Abbe Neuens, wou dann och de Philippe Origer matgemat huet.

Säit 2014 sinn ech och Aktionär vun 10 kWp bei Rambrouch-Solar, enger Gemeinschaftsanlag vun 85,5 kWp.

Ass Däin Wonsch vun engem Wandrad dann elo mat den Solaranlagen verschwonn?

Meng Flam fir d’Wandkraft ass ugaang wéi zu Mompech 1996 di éischt Anlagen opgeriicht goufen. Ech fannen e Wandrad ass, niewend der Photovoltaik, déi ideaalste Form vu Stroumproduktioun fir d’Natur. Natierlech sinn d’Wandrieder net onsiichtbar, mee ech mengen et ass net sou schwierig fir d’Natur sech un des unzepassen, ewéi un d‘Konsequenzen an de Knascht déi d’Kuelenkraftwierker an d‘Loft blosen. An et wäert nach Dausenden vun Joer daueren bis d’Natur den Atom-Offall vun den Atomkraaftwierker verkraft huet..

Mir mierken dass Deng Flam fir d’Wandkraft nach net ausgaang ass! Wat fir ee Message géings Du eis all gäre mat op de Wee ginn?

Ech mengen d‘Léisung ass ze versichen sou vill wéi méiglech bei eis ze produzéieren. Kee vun eis gesäit gären Héichspannungsleitungen iwwer laang Strecken duerch d’Natur an d’Landschaft. Dofir musse mer de Stroum op der Plaz produzéieren, also do wou en och verbraucht gëtt. Zousätzlech zur Photovoltaik muss de Wandstroum kommen, an dat geet eben nëmme mat Wandrieder, déi mer an Natur aplanzen.

D‘Politik soll net just drop waarden, dass d‘Bierger sech manifestéieren, mee et ass och an der Verantwortung vun der Politik hier Bierger ze sensibiliséieren, dass mir sou vill wéi méiglech alternativ Energien brauchen. Di eenzeg alternativ Energien déi mir hei am Kanton hu, si Sonn a Wand. D‘Sonn eleng geet net duer, domat liichte mer nuets net.

Michel Mergen vun Hueschtert

Annick Majerus a Marc Neu* mam Mila a Len vun Hueschtert: Selwer een 170-Joer alt Haus ekologesch renovéiert

D ‘Famill Neu-Majerus huet virun 5 Joer een 170-Joer aalt Haus zu Hueschtert kaf, dat si zënter deem am gaang ass gréisstendeels selwer ze renovéieren.

*De Marc Neu ass den Energieberoder vum Réidener Kanton.

Wat hu Dir schonn alles um Haus renovéiert?

Ugefaang hu mer mam Daach, deen aalen hu mir ofmontéiert an dee neien Daach mat Zellulose an enger 3,5cm Holzfaser-Plack isoléiert, béid sinn ekologesch Materialien, an am Summer gutt géint d’Hëtzt. Mir hunn di aal sténkeg Masuttsheizung rausgehäit a mat enger Pelletsheizung an enger thermescher Solaranlag (Waarmwaasser mat Heizungsennerstëtzung) ersat.

D ‘Fassade zur Strooss hin hu mir selwer vu bannen isoléiert mat 6cm Holzfaser-Placken an duerno hu mir ee Lehmbotz drop gemat. Di aner Maueren si vu baussen mat 12cm Holzfaser an engem Mineralbotz isoléiert ginn. Mir krute nei Holzfënsteren mat 3-fach Verglasung agesat an et ass eng 8000 Liter Reewaasser-Anlag installéiert ginn. Well mir och eisen eegenen Stroum produzéieren wollten hu mir eng 4 kWp Photovoltaik-Anlag nieft eis thermesch Solaranlag leeë gelooss.

Do ass jo vill geschafft ginn an den leschten Joren! Firwat hu Dir ausschliisslech ekologesch Materialien bei ärer Renovatioun benotzt?

Mir wëllen eise Kanner ee méiglechst gesond Ëmfeld bidden. Et ass jo gewosst, dass vill konventionell Materialien mat Chemikalien traitéiert sinn, déi an den heitegen loftdichten an gutt isoléierten Haiser net méi sou einfach rauskommen a mir se dann an eise Kierper ophuelen. Natierlech hunn di ekologesch Materialien och kee schiedlechen Impakt op eis Ëmwelt.

Hu Dir een Ënnerscheed gemierkt no der Sanéierung?

Marc: Wéi ech no der Isolatioun vum Daach opgestan sinn, hunn ech gemierkt, dass eppes anescht wier, mee ech wosst awer net direkt wat. Réischt no e puer Minutte wosst ech et: et war op eemol iwwerall waarm am Haus a net méi just onmëttelbar nieft dem Heizkierper. Zënter der Isolatioun vun der Fassad kréie mir d‘Buedzëmmer och am Wanter waarm. A mat der 3-fach-Verglasung ass et vill méi roueg an de Schlofkummeren.

Wat géing Dir d‘nächste Kéier definitiv d’selwecht man, wat géing Dir anescht man?

Folgendes géinge mer d‘selwecht man: d’Pelletsheizung mat der thermescher Solaranlag, d’Photovoltaik, d’Reewaasseranlag, d’Innendämmung an d’Fassadendämmung, de Lehmbotz, den Daach mat Zellulosedämmung a mat Betriber aus dem Eck schaffen.

Wat géinge mir anescht man? Mir géingen eventuell eng Wandheizung abauen an Holzfënsteren mat baussen Alu.

Wat wëllt Dir de Lieser vun der Synergie gäre mat op de Wee ginn?

Aalbau-Sanéierung ass net eenzeg an eleng eng Fro vu finanzieller Rentabilitéit. Liewensqualitéit am Respekt mat der Natur ass dach d'Ziel. D'Geld ass just e Mëttel fir dohinner. Mee wann ech scho Geld ausginn, da wëll ech och dass d’Wuer qualitativ héichwerteg ass an d’Suen an der Regioun bleiwen.

A fir all déi, di Geld hunn awer näischt ze sanéieren: EnergyRevolt, eng Kooperative aus dem Réidener Kanton. Geld investéieren muss nit ëmmer op Käschten vunn engem anere geschéihen.

Toni Rodesch vun Ueschdref: Um Vëlo genéisst een d ‘Natur am meeschten!

Den Toni fiert zënter 25 Joer mam Josée, senger Fra, Vëlo an der Vakanz. Si hu sou scho vill wonnerschéin Regiounen a Vëlosweeër an Europa entdeckt, wéi zum Beispill den Donau-Radweg vu Wien op Budapest, den Elbe-Radweg vu Wittenberg op Dresden, de Mosel-Rad-Weg bis op Koblenz, de Lubéron, d’Bretagne, de Südtirol an d‘Belsch Plage. Den Toni ass zuguer scho mam Vëlo a 9 Deeg vu Metz op d’Côte d’Azur gefuer.

*Den Toni Rodesch ass Buergermeeschter a Member vum Rammericher Klimateam.

Wou wor Dir dëse Summer mam Vëlo ënnerwee?

Dëse Summer wore mir op der EuroVeloRoute 6 laanscht d’Loire a Frankräich ënnerwee. D’EuroVeloRoute verlafen duerch ganz Europa vu Norde bis Süden a vun Oste bis Westen a sinn duerchgehend ausgeschëldert (fir méi Info: www.eurovelo.org). De Vëloswee laanscht d’Loire ass landschaftlech immens schéin. Well den éischten Deel an Zentral-Frankräich net sou touristesch ausgebaut ass, muss een awer gutt équipéiert sinn, soss riskéiert ee mol eng Kéier kee Mëttegiessen ze fannen. De westlechen Deel zum Atlantik hin huet awer immens gutt touristesch Infrastrukturen, do erhéngert ee sécherlech net!

Wat gefält Iech sou gutt un de Vëlos-Vakanzen?

Ech fanne Vëlos-Vakanze sou flott, well een dauernd an der Natur an an der frëscher Loft ass. Dat sinn ideal Konditioune fir kënnen ofzeschalten. Um Vëlo erlieft een d ‘Landschaft och ganz anescht wéi am Auto. D‘Vitesse um Vëlo, zumindest wann ee sou wéi mir ouni Stress fiert, ass perfekt fir d ‘Natur an d‘Landschafte richteg kennen op sech awierken ze loossen. Och wa mir pro Daach eng 80 bis 90 Kilometer fueren, sëtze mir eis net ënner Drock a gi villes ënnerwee kucken. Mir ginn och gäre wanderen, mee um Vëlo ass ee vun der Distanz hier net sou begrenzt.

Wat fir ee Message hu Dir fir d’Lieser?

Et ass wierklech derwäert Vëlo zu fueren. Och bei eis am Land ginn et immens flott Vëlospisten. Hei an der Gemeng si mir derbäi zwou Pisten an den nächste Joren auszebauen: di éischt vun Rammerich op Kietscht an di zweet vun Kietscht iwwer Ueschdref op Ensber.

Wann ee mam Vëlo an der Vakanz ënnerwee ass, soll een awer net vergiessen d ‘Liewen ze genéissen! Ech fannen et soll een di lokal Spezialitéiten probéieren, sech d’Dierfer an d’Stied ukucken an net just strampelen a sech vu Müsli-Riegelen ernähren!

Verrot Dir eis nach äre nächste Projet?

Dee Projet, deen ech nach virun An hunn, ass fir vun hei op de Bodensee ze fueren.