D’Famill Thommes-Franziskus huet virun e puer Joer een alt Haus an der Haaptstrooss zu Useldeng kaf an an Eege-Regie mat ekologesche Materialien renovéiert. Si hu sech sou ee grousst Wëssen iwwer nohalteg Albau-Sanéierung ugëeegent .

Dir hutt Iech entscheet al Bausubstanz opzewäerten a net nei ze bauen!

Eisen Dram war et engem alen Haus neit Liewen anzehauchen a mir si ganz frou mam alen Olingesch-Haus,  een Haus mat Geschicht fonnt ze hunn. Mir waren zimlech skeptesch wat nei Haiser ugeet, déi mat Styropor isoléiert sinn. Wee weess, wéi déi di nächst 20 Joer wäerten evoluéieren? Mat engem alen Haus ginn natierlech och manner nei Ressource gebraucht wéi bei engem Neibau. 

Wat hutt Dir alles um Haus geschafft?

Di al Masuttsheizung ass mat enger Pellet-Chaudière ersat ginn a mir hunn am ganzen Haus Wandheizungen agebaut. Well mir deen ale Parquet wollten erhalen, hu mir keng Buedemheizung agesat. Den Daach hu mir ganz nei gemaach a mat Holzfaserplakken gedämmt.

Mir hunn d’Banne-Mauere bis op de Stee gehae, da mat Kallek riicht gemaach iert mir de Lehm mat der Wandheizung geluecht hunn. Zum Schluss hu mir dann ee Lehmbotz drop gemaach. D’Ausse-Maueren hu mir vu banne mat Holzfaser-Dämmplakken isoléiert.

Hu Dir selwer mat eng Hand ugepaakt bei den Aarbechten?

Mir hunn eis an alles erageschafft, sinn Autodidakt souzesoen! Geplangt hu mir selwer, mee fir dass et méiglechst séier geet, hate mir nieft eisem eegenen “Manpower”, eis Famill a Frënn agespaant plus e puer Aarbechter, déi eis kräfteg ënner d‘Äerm gegraff hunn.

Et leiert een immens vill bäi, wann een et selwer mécht!  No bësse manner wéi engem Joer waren d‘Aarbechte banne souwäit fäerdeg.

Si Dir mat allem zefridden?

Am grousse ganzen si mir zefridde mat eise  Pläng an Aarbechten! Well d’Strooss virun eiser Dir dach zimlech vill befuer ass (besonnesch mueres frei), géife mer d ‘nächste Kéier Schallschutz-Fënstere wielen.

Vläicht géinge mer och eng Lëftungsanlag an der Kichen abaue fir di fiicht Loft optimal z’évacuéieren. Mee de Lehm mécht schonn eng gutt Aarbecht andeems en sou gutt e kann d’Fiichtegkeet ophëlt.

Äre Rot un d’Lieser vun der Synergie!

  • Et lount sech een Albau-Projet unzegoen, mir wieren net esou zefridden an engem neien Haus aus dem Katalog vun iergendengem Promoteur.
  • Et ass ëmmer gutt mat ville Leit ze schwätzen, déi och Erfahrungen an der Albau-Renovatioun gesammelt hunn. Den EnergieAtelier huet des Erfahrung, profitéiert wéi mir dervunner!
  • Try & Error! Probéiert einfach! Et muss ee kee qualifizéierten Aarbechter si fir alles!

De Gérard ass Schäffen zu Useldeng an Deputéierten an der Chamber

De Gérard engagéiert sech schonn zënter Jorzéngten fir eng méi nohalteg an ekologesch Gesellschaft an eisem Kanton. Hien huet a ganz villen Energie-Projeten matgewierkt. Och doheem ass Nohaltegkeet ugesot. Wat sech genau dohanner verstoppt, verréit hien eis an dësem Interview.

Wat ass nohalteg fir Dech?

Fir mech ass nohalteg ee Liewensstil ze féieren, deen och an 20 Joer nach Bëstand huet. Nohalteg ass, wa mir Saachen ëmsetzen oder bauen, déi eis Kanner sou kennen iwwerhuelen. Et bedeit och eis regional sou opzestellen, dass mir eisen Awunner villes kënne bidden: et soll „authentesch“ also aus der Regioun sinn, mat méiglechst engem positiven Impakt op eis Ëmwelt an et soll den zukënftegen Generatiounen och nach eppes bréngen. 

Wat ass alles nohalteg bei Iech doheem?

Eist Haus ass vun 1908, mir sinn di 3. resp. 4. Generatioun, déi hei dra wunnt. Bei den Ëmännerungen hu mer versicht, sou vill wéi méiglech Struktur-Elementer ze erhalen. Mir produzéiere Stroum iwwert eis Photovoltaik-Anlag a fir d’Haus ze hëtzen hu mir ee Pellet-Scheitholz Kombi-Kessel mat enger thermescher Solaranlag, déi nieft der Waarmwaasser-Produktioun och nach eis Heizung ënnerstëtzt. Eis Fassade, Keller an eisen Daach hu mer isoléiere gelooss. Bannen hu mer vill mat geuelegtem Holz geschafft an op ville Wänn ass ee Lehmbotz drop, wéinst dem gesonden Raumklima.

Säit 1,5 Joer hunn ech een Elektro-Auto. Och wann ech am Ufank hu misse léiere mech un déi reduzéiert Reichweit unzepassen, do muss en seng Mobilitéit mol erëm a Fro stellen, giff ech en nit méi wëllen hierginn. Mee am meeschte Liewensqualitéit hunn ech awer nach ëmmer, wann ech all Woch mäin “eegene” Chauffer hunn, an zwar am Bus fir an d’Stad!

Säit 20 Joer bestelle mir och ee Bio-Kuerf mat Uebst, Geméis a soss Liewensmëttel. Beim Fleesch leeë mir grousse Wäert drop, dass et bio a wa méiglech aus der Regioun ass.

Wat war den Ausléiser fir Däin Engagement fir eng méi nohalteg Gesellschaft?

No mengem Studium sinn ech duerch mäi gudde Frënd, de Paul Kauten, an d’Section locale vum Mouvement Ecologique erakomm. Wéi deemools an de 1990er Joren eng nei Héichspannungsleitung am Kanton Réiden sollt gebaut ginn, wollte mir beweisen, dass mir duerch zousätzlech Stroum-Aspuerungen dës net wäerte brauchen: d’Stroum-Spuerkampagne wor gebuer a mat hier den EnergieAtelier. No a no sinn d’Kooperative fir PV-Anlagen, d’Wandkraft-Anlagen zu Remmerech, d’Waasserrieder zu Béiwen an zu Useldeng derbäi komm. Wat mech och immens gefreet huet, ass dass ech déi eemoleg Chance als Enseignant hat, d’Formatioun zum Energietechniker am Atert-Lycée zu Réiden konnt mat entwéckelen an ëmzesetzen.

3 Wënsch….

Ech hoffen,

  1. dass d’Leit geschwënn zur Asiicht kommen, dass een an der Mobilitéit net just op den Auto muss setzen, mee dass den ëffentleche Verkéier méi Liewensqualitéit mat sech bréngt an dass ze Fouss goen eisem Kierper bestëmmt och gutt deet.
  2. dass mer Landwiertschaft a Naturschutz zesumme bréngen, well ouni d’Baueren kënne mir keen Naturschutz maachen, hei muss eng éierlech a solidaresch Kooperatioun entstoen.
  3. An zum Schluss wënschen ech mir, dass eis lokal a regional Ressourcen, wéi eis Natur, eise Patrimoine, eis Liewensqualitéit rëm richteg gewäertschätzt ginn.

 

De Gérard Zoller ass Direkter vun der Faarwefabrik Robin zu Useldeng.

Nom Motto “Just start doing it“, huet de Gérard scho fréi ugefaang Ëmweltschutz a senger Firma op de Leescht ze huelen.

Nohaltegkeet am Betrib ass näischt néits fir Dech, wat hu Dir bei Robin schonn alles ëmgesat?

Di konventionell Faarwe gi mat Pëtrol a Léisungsmëttel produzéiert. 2002 hunn ech den Ustouss gi fir eng waasserverdënnbar Faarf (Gamme “Robinhyd”) ze schafen, déi keng Léisungsmëttel enthält. Heifir si mer 2002 mam Ëmweltpräis vun der FEDIL belount ginn.

2013 si mer mat der Gamme Verdello op de Marché gaangen, déi 100% planzebaséiert ass, also keng Léisungsmëttel, kee Pëtrol a keng Schuedstoffer enthält. Fir d’Verdello Faarf hu mir eisen 2. Ëmweltpräis gewonnen.

Mam Site et Monument hu mir kierzlech de flotte Projet “Terres et Traditions” ëmgesat, an deem mir Mineralfaarwe mat traditionelle Lëtzebuerger Fassaden-Téin entworf hunn.

Bei der ganzer Produktioun, versiche mir sou wäit wéi méiglech regional soss europäesch Rohstoffer ze verschaffe fir eisen ekologesche Fouss-Ofdrock kleng ze halen. Mir kafe just erneierbare Wandstroum fir eise ganze Site a sinn ee Superdreckskëscht Betrib.

Robin ass ganz rezent Member beim Beki ginn?

Genau, d’Iddi vum Beki sprécht mir aus dem Häerz: d’Suen an d’Wäertschätzung an der Regioun behalen, mat eisen eegenen Ressourcen schaffen an zesummen staark sinn. D’Verankerung vu Robin an der Regioun ass mir immens wichteg an dowéinst sinn ech och frou, dass vill vun eise Mataarbechter aus dem direkten Ëmkrees kommen.

Bestëmmt hu Dir nach interessant Projete lafen?

Jo, eis feelt et net u Projeten! De Moment si mer mat Baueren am gaang un engem spannende Projet ze schaffe wou Fluess (Flachs) op Quelleschutzgebidder soll ugeplanzt ginn, fir domat eng Ueleg-Faarf ze produzéieren. Wann dat klappt, dann hätte mer de komplette Kreeslaf, vun der Produktioun vu Rohstoffer bis zur Notzung zu Lëtzebuerg!

Donieft fuersche mer nach mat funktionelle Faarwen: Faarwen, déi Stroum leeden a sou d’Rotorblieder vu Wandmillen entäisen oder Faarwen, déi CO2 a Formaldehyden kënnen neutraliséieren.

Wat war Deng Motivatioun fir Robin an dës nohalteg Richtung zu steiren?

Dem Rob Hopkins aus der Transitiouns-Beweegung säi Saz

”Et gëtt keng Kavallerie, déi eis rette kënnt”

entsprécht genau mengem Striewen an Handelen. Ech sinn iwwerzeegt dervunner, dass och ee klenge Betrib villes ka beweegen. All Mënsch, all Betrib, all Gemeng kann eppes beweegen, et muss ee just ufänken!

D’Isabel an de Carlo si Member am Useldenger Klimateam.

D’Famill Knell-Diederich huet grousse Wäert op Gesondheet a Nohaltegkeet beim Bau vun hirem neien Haus geluecht. Hiert Massivholz-Haus ass mat ekologesche Materialien top isoléiert a gëtt just mat erneierbaren Energien gehëtzt.

Kënnt Dir eis e bëssen iwwer äert ekologescht Haus erzielen, dat och di gréng Hausnummer huet?

Eist Haus ass am Massivholz gebaut, mat Holzfaser isoléiert a mat Lehm verbotzt, also komplett aus natierleche Materialien, déi all herno kënne recycléiert ginn. Well mir awer keng mechanesch Lëftungsanlag mat Wärme-Rëckgewënnung wollten, ass eist Haus kee Passivhaus, obwuel et soss all Kriterien erfëllt. Mir wollten sou mann wéi méiglech Stroum verbrauchen an dofir hu mir eis fir ee finnesche Belëftungssystem entscheet, deen an eisen An net nëmme méi ekologesch ass, mee och manner Gesondheetsrisiken opweist.

Wéi gëtt äert Haus gehetzt?

Mir hunn eng Wärmepompel plus eng thermesch Solaranlag, déi och un eis Heizung ugeschloss ass. Praktesch am ganzen Haus si Wandheizungen, sou dass mir mat enger niddereger Virlaftemperatur (max. 35C am Wanter) kënne schaffen.

Eise Stroumverbrauch läit em di 8’000 kWh, dat ass fir eise gesamten Energieverbrauch am Haus, also souwuel fir d’Hëtzen iwwer d’Wärmepompel, wéi och fir eis restlech Waarmwaasser  a natierlech de Stroum am Haus fir ze Kachen, Beliichtung, Wäschen,...

 Notzt Dir och d’Reewaasser?

Jo, an der Useldenger Gemeng ass dat fir Neihaiser souwisou Flicht. Mir hunn eng 10’000 l Zistern, un déi eis Toiletten, de Garden- an de Garagenkrunn an d‘Wäschmaschinn ugeschloss sinn. Mir hunn och dowéinst ee ganz nidderege Waasserverbrauch, knapp een  Drëttel vum Duerchschnëttsverbrauch vun engem Useldenger. Mir passen awer och gutt op am Alldag kee Waasser ze verbëtzen, dat fänkt scho bei der Erzéiung vun eise Kanner un.

Wat woren är Beweeg-Grënn fir op dëse Wee ze goen?

Do ginn et zwou Ursaachen: éischtens d’Gesondheet an zweetens den ekologeschen Impakt.

Mir fannen et traureg, dass an der ganzer Planung vun de neien Haiser oft net u gesondheetlech Aspekter geduecht gëtt. Mir wollten dat anescht maachen, hunn eis an di ganz Thematik erageschafft an eis eege Pläng erstallt. Während dem Bau hu mir och ganz vill selwer gemaacht, wéi z..B. d’Bannewänn, d’Dämmungen, de Sanitär,...

Eise Wonsch wor et ekologesch bis zum Schluss ze denken, et kann een nämlech och een Holz-Passivhaus mat Styropor bauen, wou d’Holz net kann ootmen an de Schimmel net laang wäert op sech waarde loossen.

Wat ass äre Rot un d’Lieser?

Informéiert Iech gutt wann Dir dee gréissten Investment vun ärem Liewe mat! Scheit keng Käschte fir d’Zukunft, well ech menge wann een am Ufank spuert, huet een herno di gréisser Käschten. A maacht Iech Gedanke wat de reellen, ekologeschen Impakt vun ärem neien Haus ass!

 

D’Famill Staus passt gutt op am Alldag fir keng Energie ze verbëtzen a sou mann wéi méiglech Ressourcen ze verbrauchen. Dëst fänkt bei hire neie Fënsteren un. Aner kleng Gesten, mat groussem Effekt sinn richtegt Lëften, d’Isolatioun vun hiren Heizungsréier an de konsequente Recycling vun hirem Offall.

Dir passt am Alldag op villes op wat dem Klima gutt deet. Fänke mer direkt bei äre neie Fënsteren un. Wat huet Iech dozou gefouert eng 3-fach-Verglasung ze wielen?

Eis al Fënstere wore vun 1984, wéi d’Haus gebaut gouf. Et huet oft eragezunn a dowéinst hu mir viru 4 Joer eng Energieberodung beim EnergieAtelier ugefrot. Den Energieberoder huet mat der Wärmebildkamera gesinn, dass bei eise Fënstere vill Wiermt verluer gaangen ass. Wëll mir keng Energie weiderhin wollte verbëtzen, hu mir eis entschloss d‘Fënsteren ze wiesselen.

Den Isolatiounswäert vun eisen Aussemaueren ass an der Rei an dowéinst besteet keng Gefor, dass mir Schimmelproblemer mat enger 3-fach Verglasung kréien. An eisem Fall wor de Präis-Ënnerscheed zwëschen 2 a 3-facher Verglasung och net esou grouss. Folglech, hu mir all d‘Fënsteren am ganzen Haus ersat. Dëst huet ee kloere Gewann u Konfort mat sech bruecht: et zitt net méi eran an et héiert ee kee Kaméidi méi vun dobaussen.

Well äert Haus elo méi dicht ass, muss Dir gutt lëften?

Genau, eist Haus ass elo méi loftdicht. Dowéinst leeë mir grousse Wäert drop regelméisseg ze lëften: meeschtens zweemol am Dag. Mir maachen dann ee groussen Duerchzuch am ganzen Haus während 10 Minutte fir dass di ganz Loft ausgetosch ka ginn.

Eis Schlofzëmmer hëtze mer net, do hu mer meeschtens d’Fënster op Kipp stoen. A no all Dusch gëtt d‘Buedzëmmer grouss gelëft. Fir déi Zäit dréine mer d‘Heizkierper an der Buedzëmmer rof.

Är Heizungsréier hu Dir nodréiglech isoléiert?

Richteg, fir Energie ze spueren hu mir 2012 d’Heizungsréier mat Rocktube isoléiert. Dat ass net komplizéiert a kann all Mënsch sëlwer maachen. Wëll eise Masuttsverbrauch schonn déif wor (1700-1800l/Joer) hu mir lo net direkt een Ënnerscheed am Verbrauch gemierkt. Op jiddefall ass den Heizungsraum manner waarm, sou dass d’Hëtzt dann an de Réier bleift.

Zu gudder lëscht, komme mer nach zum Recycling!

D‘lescht Joer huet d’Useldenger Gemeng hiren Awunner d’Méiglechkeet ginn fir gratis op eng 60L gro Poubelle ze wiesselen. Och eis nei 60L Poubelle ass ganz seele voll, wëll net méi vill iwwereg bleift fir d’gro Poubelle. Mir trennen den Offall sou gutt mer kënnen: Pabéier/Karton, Plastik fir Valorlux , Glas, Gréng- an Heckeschnëtt an de Rescht Plastik a Styropor féiere mir op de SIDEC.

Mir versichen do wou mer kennen eise Beitrag ze leeschten fir eng méi ressource-schounend an energieeffizient Welt.

 

De Marcel huet zënter 1989 säin Usträicher Atelier zu Useldeng. Iwwer d‘Joren huet den Marcel sech op ekologesch Produkter spezialiséiert. Hien ass net nëmmen am Kanton eng Referenz, mee ass zuguer zu Bech an Zolwer bekannt fir seng Qualitéitsaarbecht mat natierleche Materialien.

Dir schafft haaptsächlech mat ekologesche Produiten.

Jo, mir verschaffe vill Lehm, Kallek a Mineralfaarwen an isoléiere mat Holzfaser- a Kalziumsilikatplacken.

Wat sinn d‘Virdeeler fir eis Gesondheet vun dëse Produiten?

Wann een all Dag wéi mir mat eppes schafft oder dra wunnt, ass et natierlech besser wann dat keng chemesch “Keule” ass, also keng gesondheetsschiedlech Léisungsmëttel, Weichmacher oder Fungiziden enthält.

Kallek zum Beispill ass vu Natur aus alkalesch, do huet Schimmel keng Chance! Et geet also och komplett ouni Chimie! Di klassesch Faarwe verursaachen zousätzlech nach Problemer am Grondwaasser, wann se vun der Fassade ofgewäsch ginn.

Kallek a Lehm kënnen och Fiichtegkeet a Geroch ophuelen.

Ganz richteg, eng weider Eegeschaft vum Lehm a Kallek ass hir Kapazitéit d’Fiichtegkeet ze reguléieren. Bei enger Cliente hu mir d’Buedzëmmer mat Kallek verbotzt. Iert mir bei hir passéiert woren, ass ëmmer d‘Ventilatioun eng Éiwegkeet gelaf wann hiren Enkel Stonnen an der Buedbidde loung. No eisem Kallekbotz leeft se guer net méi! Et ass wierklech impressionant, wéi séier des Materialien d’Fiichtegkeet kënnen ophuelen.

A se huelen och d’Gerécher op: d’Raclette vum Owend virdru richt ee mat engem Lehmbotz sécher net méi den Dag duerno!

Dir schafft och vill mat ekologeschen Dämmstoffer.

Mir schaffe vill ma Holzfaser- a Kalziumsilikatplacken, wou herno ee Lehm- oder Kallekbotz drop kennt. Dës Materialie kënnen d’Fiichtegkeet ophuelen an ofginn a fonctionnéiere weider wéi d’Mauerwierk.

Bei enger Isolatioun mat Styropor a Gipseplakken, déi näischt kënnen ophuelen, sëtzt sech d’Fiichtegkeet zwëscht d’Mauer an de Styropor. Dëst ass déidlech an de Schimmel ass iergendwann garantéiert. 

Äre Rot un d’Lieser déi wëlle renovéieren oder nei bauen!

Och wann d’Bauen zu Lëtzebuerg immens deier ass, fannen ech, dass ee net soll bei der Finitioun spueren. Di synthetesch Materialie wéi Gips a Styropor si sécher méi bëlleg wéi Holzfaser a Lehm, mee de Gewënn u Konfort a de Méiwäert fir eis Gesondheet sinn net ze topen! All d’Leit, déi doheem Kallek oder Lehm hunn, wëllen näischt anescht méi.

Mäin Tipp beim Neibau: Wann Dir een Öko-Haus kaaft, informéiert Iech mat wat geschafft gëtt, wëll leider ass net ëmmer alles “öko” wou “öko” dropsteet! 

A fir déi, déi renovéieren: Wann Dir wëllt Lehmbotz testen, da fänkt mat der Schlofkummer un! Dëst ass schliisslech dee Raum, wou Dir am meeschten Zäit verbréngt.

Mee och am ëffentleche Beräich, kann ee sech z.B. a Schoulen virstellen mat Lehm oder Kallek ze schaffen, well et hei oft um richtege Lëften hapert.