Bei Iech spillt de Klimaschutz scho laang eng wichteg Roll. Wéi huet alles ugefaangen?

Viru bal 40 Joer hunn ech zesumme mat menger Fra een Haus zu Viichten no ekologesche Kriterie gebaut: grouss Fënsteren no Süden am Living souwéi an der Salle à manger, no Norde manner benotze Raim. Mir hu vill selwer gebaut a verluecht. Mat Ausnam vum Keller hu mer iwwerall mat Gas-Bëtongsbléck geschafft an op zwee Stäck Buedem-Heizung installéiert. Op der Südsäit hu mer eng Lann an e Nëssert als Sonneschutz geplanzt. Iwwer di läscht 40 Joer hu mir näischt bräichten am Haus ze änneren. Dowéinst, si mir ganz zefridde mat eisem Choix, deen sech effektiv als nohalteg erwisen huet!

 

Här Siebenaler, Dir setzt Iech scho laang fir méi Ëmweltschutz an.

Jo, ech si Grënnungsmember vun der deemoleger Béiwener Natur- a Vulleschutz Sektioun an och Member am Meco. Well Naturschutz net ouni d’Bauere ka geschéien, hunn ech mech an den 80er Jore fir d’biologesch-dynamesch Landwirtschaft zu Lëtzebuerg interesséiert. D’BIOG (Bio-Baueren-Genossenschaft Lëtzebuerg) ass an eiser Stuff gegrënnt ginn! Well des Form fir mech déi nohaltegst Landwirtschaft ass, ënnerstëtze mir si bis haut duerch Mathëllef an als Konsument.

An de 90er Joer war ech an der Stroumspuer-Campagne hei am Kanton Energie-Detektiv.

 

Kierzlech hu Dir eng gréisser energetesch Renovatioun an Ugrëff geholl. Wat maacht Dir genau hei?

D’läscht Joer hate mir Sue fir an eng energetesch an ekologesch Opwäertung vum Haus z’investéieren. De Marc Neu, Energieberoder vum Réidener EnergieAtelier, huet eis an enger éischter gratis Berodung déi ganz Prozedur erkläert. Well Déifte-Buerunge bei eis zu Viichten net méiglech sinn, hu mir ons d’läscht Joer fir e grousse Pufferspäicher entscheet, gehëtzt vun enger neier Pelletchaudière an assistéiert vun eisen thermesche Sonnekollektoren, déi mir awer schonn zënter 20 Joer hunn. Zousätzlech maache mir am Wanter eisen Holz-Uewe mat Waasserkreeslaf am Living un.

Donieft hu mir bal all proposéiert Moossnam vum Energiekonzept duerchgezunn: 3-fach verglaaste Fënsteren, Isolatioun vum Daach mat Cellulose a Verbesserung vun anere Schwaachpunkten!

 

Ronderëm d’Haus hu Dir vill Beem ugeplanzt. Huet dat ee spezielle Gronn?

D’Bëscher sinn nieft den Ozeanen immens wichteg fir d’CO2 Bilanz vun eiser Äerd-Atmosphär. Dowéinst hu mir och vill héich Beem ronderëm d’Haus stoen. Virun 2 Joer hate mir iwwregens jonk Bësch-Eilen an onsem private „Jurassic-Parc“ op Besuch!

 

Wat ass äre Message un eis Lieser?

Ech mengen, dat manner och méi ka sinn! Manner, mee duerfir besser, fair a regional wuel verstaan. Et ass kloer, dat een sech nëmmen der Decken no strecke kann, grad duerfir fannen ech et wichteg an derwäert op d’Qualitéit ze kucken. Fir de Rescht kann ech mech mat Begeeschterung an ouni Ausnam deene ville gudde Rotschléi aus deenen aneren Interviewen uschléissen a wënsche mir dat jiddereen d’Méiglechkeet kritt a sengem Liewen, déi Aarbecht ze maachen déi e gär mécht. Firwat net mat engem bedéngungslose Grondakommes?

 

 

Dir fuert net nëmmen an der Vakanz gäre Vëlo, mee och am Alldag. Wou pedalléiert Dir dann hin?

Wann zäitlech nëmme méiglech, maachen ech meng Kommissiounen zu Ettelbréck oder Miersch mam Vëlo. De Vëlo gëtt bis op Biissen an den Auto gepak an da gëtt lass pedalléiert. Wann ech an d’Stad ginn, huelen ech de Vëlo mat an den Zuch a komme vun der Stad mam Vëlo zréck op d’Mierscher Gare bei mäin Auto. Dat maachen ech natierlech just wann d’Wieder et erlaabt, am Wanter klammen ech sou vill et geet an de Bus.

Ech freeë mech immens op di nei kommunal Vëlospiste vu Viichten op Béiwen, well da kann ech direkt vu menger Hausdier  mam Vëlo an den Uelzechtdall fueren!

Firwat Vëlo a net Auto?

Mäin Auto steet sou oft et geet, ech versiche mäin CO2 Fouss-Ofdrock niddereg ze halen. Dowéinst si mir di aktiv Mobilitéit an den ëffentlechen Transport sou wichteg. A natierlech mécht Vëlo fuere Freed, ech fille mech fräi um Vëlo an de Vëlo hält en plus fit!

Dir fuert och meeschtens Vëlo an der Vakanz, wat gefält Iech hei sou gutt?

Di éischt Vëlos-Vakanz hunn ech mat Velosophie.lu gemaach, deemools si mir laanscht d’Meuse gefuer. Déi Aart a Weis ze reesen huet mech direkt iwwerzeegt! Mam Vëlo ze reesen ass ee ganz anert “Erliewen”, et ass ee matzen dran an der Natur, meeschtens féieren  d’Vëlosweeër jo och duerch schéin Naturlandschaften. Um Vëlo gesinn ech immens vill, ech sëtze méi héich an et kënnt ee jo awer relativ gutt virun, et ass ee net sou limitéiert wéi ze fouss. Mat engem flotte Grupp ze fueren, mécht mir och vill Freed. 

Wou war Dir schonn iwwerall mam Vëlo ënnerwee?

Mat Velosophie.lu war ech nach mat a Litauen an op eng Schëffs-Rad-Rees an Holland. Wierklech flott! Weider Vëlostouren, eleng oder mat Frënn, waren:

  • Vu Bordeaux laanscht de Canal de la Garonne a Cap Ferret a ronderem de Bassin d’Arcachon
  • Vu Bordeaux op Hendaye
  • An d'Bretagne
  • D’Vennbahn

An d’nächst Woch geet et vu Stroossbuerg op Basel!  

Hu Dir scho vun eisem neie regionale Vëlosnetz profitéiert?

Sécherlech, ech brauch just zur Hausdier erauszegoen! Ech fannen dee Projet super a si richteg frou doriwwer. Ech si schonn ee Stéck vum Dällchen Tour gefuer a wëll och all di aner Vëlosweeër kenneléieren.

Wat wëll Dir eise Lieser zum Schluss nach matdeelen?

Traut Iech de Vëlo och am Alldag fir kleng Distanzen ze benotzen. Wann et Iech mat engem normale Vëlo ze ustrengend ass, benotzt e Pedelec (elektresche Vëlo)! Et kann een an all Vëlosgeschäft ee Pédélec gratis testen an ab dem 1. Juli stinn der och 2 zu Useldeng am neien Tourist Info Point!

 

 

D’Rita ass Schäffin zu Viichten a Member am Viichtener Klimateam, de Marc schafft als Gärtner  bei der Viichtener Gemeng. Di zwee leeë grousse Wäert op gesond an hausgemaachte Liewenswueren, erneierbar Energien an natierlech Botzmëttelen.

Dir hutt jo immens vill Geméis hei ugeplanzt! Ween huet da bei Iech de “gréngen Daum”?

Marc: D’Rita ass eis leidenschaftlech Gäertnerin, de Gaart ass säi Räich!

Rita: Jo, ech sinn einfach gären dobaussen an der Natur! Wann ech ka Stonnen am Buedem wullen, da sinn ech glécklech! Ee gudden Deel vu mengem Geméis an Uebst fréieren oder leeën ech a fir iwwer d’Wanterméint Zoppen, Zosen, Kompotten a Gebeesser ze maachen. Am Summer brauche mir praktesch kee Geméis anzekafen, de Gaart liwwert eis alles!

Pestiziden a staark Botzmëttel hu bei Iech am Haus keng Plaz?

Rita: Nee, absolut net. Wa mer Schleeken am Geméisgaart hunn, benotze mer ale Béier oder Kaffis-Saz. Als Dünger, kënnt just eisen eegene Kompost oder Mëscht vum Noper a Fro. Och beim Botzen am Haushalt, versiche mir sou gutt et geet op Chimie a Botzmëttel ze verzichten. Praktesch alles am Haus botze mir just mat Esseg a Waasser. Wat gutt géint haartnäckege Knascht hëlleft ass Natron mat Zitroun! D’Botzwaasser mam Esseg schëdde mir regelméisseg op d’Plättercher ronderëm eist Haus, da ginn se net gréng mat der Zäit a mir spueren eis den Hochdruckreiniger.

Wéi hëtzt Dir äert Haus?

Marc: An der Stuff hu mer een Holzuewen, am Keller eng Holzheizung fir di richteg kal Wanterméint, plus eng Masuttsheizung an eng thermesch Solaranlag. Eis Heizung ass geregelt, owes ab 21h00 ass se aus a wann keen dagsiwwer doheem ass, brauch se och net ze lafen. Eng Regelung ass einfach di optimal Léisung, besonnesch wa vill Kanner am Haus liewen, wou net ëmmer dru geduecht gëtt d’Heizkierper zouzedréine wann d‘Fënster op ass!

Op wat passt Dir beim Akaf op?

Rita: Mir verzichten sou vill et geet op Fäerdegprodukter, bei eis gëtt all Dag frësch gekacht. A mir leeë grousse Wäert op saisonal Produkter. Wa nëmme méiglech, kafe mir lëtzebuergesch Liewensmëttel a mir drénken och just Krunnewaasser, dat schmaacht genau sou gutt.

Hu Dir nach Projeten, déi Dir an der nächster Zukunft wëllt ëmsetzen?

Marc: Mir plange fir op all Eck vun eisem Haus, d’Reewaasser vum Daach ze sammelen. De Moment sammele mir et just vun eisem Terrassen-Daach fir eise Gaart an eis Blummen ze nëtzen. 

Mir sinn och ganz frou, kierzlech vu SICONA zwee Schmuebelen-Häisecher gebaut krut ze hunn. Mir fannen dat sou flott Schmuebele ze hunn an en plus solle Schmuebelnäschter jo Gléck bréngen!

 

 

Wéi versicht Dir an ärer Aarbecht op de Klimaschutz opzepassen?

Iwwer di läschten 10 Joer hu mir eis op d’Isolatioun mat Zellulose vun Diech a vu Späicherbieden spezialiséiert. D’Zellulose ass een Offallprodukt aus der Dréckerei, et ass Pabeier mat engem Drockfeeler, dee mechanesch zerklengert gëtt.  

Zellulose ass dat bescht Isolatiounsmaterial dat souwuel am Wanter gutt géint d’Keelt, wéi am Summer gutt géint d’Hëtzt isoléiert. An zousätzlech isoléiert et géint de Schall. D’Clienten erzielen eis oft, dass et no enger Zellulose-Dämmung ee ganzt anert Wunnklima ass, schliisslech ginn tësche 25 an 30% vun der Hëtzt am Haus iwwer den Daach verluer.

Mir sinn zertifizéierte Passivhaus-Handwierker, zertifitéierten Isocell-Zellulose-Dämmstoff-Fachverarbeiter a Member bei der Superdreckskëscht fir Betriber. De Raymond ass de Vize-Président vum Lëtzebuerger Daach-Verband.

Gëtt Zellulose net traitéiert mat Chemikalien iert se ageblose gëtt?

Nee absolut net, d’Zellulose gëtt just mat Borsalz behandelt, dat se éischtens net soll brennen an zweetens als Insekteschutz- a Schimmelschutz. Zellulose regléiert d‘Fiichtegkeet och immens gutt. A mat der richteger, dem Daach no ugepasstener Dampfbrems gëtt séchergestallt, dass  et wierklech loftdicht ass fir den Austausch vu waarmer a kaler Loft ze verhënneren.

Dir sidd zu Viichten opgewuess an hutt Iech entscheet äre Betrib och hei an der Gemeng opzemaachen. Huet dat Virdeeler?

Rayond: Jo, op jidder Fall. Als Viichtener Jong war et mir wichteg am Eck ze bleiwen. Hei si mir bekannt, dat mécht vill aus. Fir Iech eng Iddi ze ginn: zu Viichten hu mir schons méi wéi 130 Diech gemaach!

Dir sidd och Member beim Beki. Kann Dir eis kuerz är Beweggrënn heifir erklären?

Lea: Am Ufank hunn ech d’Iddi vum Beki "Brach" fonnt, well ech der Meenung war, dass mer mussen iwwer d’Grenzen ewech denken. Dowéinst sinn ech och op di éischt Info-Versammlung gaang fir meng Meenung kënnen ze vertrieden. 

Wéi de Max Hilbert, Gestionnaire vum Beki, d’Virdeeler vum Beki fir eis Regioun bis genau erkläert huet, hunn ech meng Meenung geännert. Ausschlaggebend war dem Max seng Anekdot aus Afrika, wou hie wollt ee Poulet um Maart kafen an de lokalen, afrikanesche Poulet méi deier wor, wéi den europäesch importéierten.
Ech wor och vun Ufanks un dunn am Aarbechtsgrupp mat derbäi an Trésorière bis d’läscht Joer. 

Wat ass äre Message un d’Lieser vun der Synergie?

Beim Energiepass fir d'Geneemegung gëtt nëmmen den U-Wäert gekuckt. Natierlech Dämmstoffer isoléieren eng Grimmel manner gutt ewéi déi traditionell synthetesch, dofir brauche mir e puer Zentimeter méi fir op dee selwechte Wäert ze kommen. Zellulose awer huet dofir enorm vill aner Virdeeler, sou wéi z.B. dass se am Summer gutt géint d'Hëtzt schützt, gutt mat Fiichtegkeet eens gëtt a net brennt. Schued, dass déi Virdeeler am Energiepass net berücksichtegt ginn...

Fir méi Info: Den Daachdecker, 15, route d’Ettelbruck L-9173 Michelbouch  Tel: 88 80 95

Dir planzt säit dësem Joer Miscanthus op ärem Feld bei Viichten un. Wat maacht Dir mam Miscanthus?

Ech planze Miscanthus, och nach China-Schilf oder Elefantegrass genannt, un als Brennstoff fir d'Heizungen vun zwee Eefamilljenhaiser. Eng Kéier geplanzt, wiisst de Miscanthus 20 bis 25 Joer laang no, daat ganzt ouni den Asaz vun Pestiziden oder Dünger. Hei zu Lëtzebuerg ass Miscanthus nach net wierklech bekannt, anescht gesäit et an Däitschland oder an Eisterräich aus. Miscanthus huet een ähnleche Brennwäert wéi d’Holz, wiisst awer vill méi séier. Mat engem Ubau vun 1 Hektar Miscanthus kënne 6-7‘000 Liter Masutt agespuert ginn. Dëst Joer hunn ech de Miscanthus fir d’éischte Kéier gesat, ech hunn alles selwer finanzéiert ouni staatlech Bäihëllefen.

De Miscanthus kann awer och als Isoléier-Material (ënner Form vu Bléck, Dämmplakken oder gemëscht am Isoléier-Betong) benotzt ginn oder am Gaart géint d’Onkraut. Et gëtt nämlech näischt Besseres géint d’Schleeke wéi Miscanthus-Häcksel!

Wat sinn dann d’Virdeeler fir d’Klima vum Miscanthus?

De Miscanthus bënnt pro Hektar a pro Joer bis zu 30 Tonne CO2 , déi en bei der Verbrennung erëm ofgëtt, Miscanthus ass also klimaneutral. Wann de Miscanthus als Baustoff benotzt gëtt, ass den CO2 natierlech fir vill méi laang gebonnen. Et ass ee lokale Baustoff, deen ëmmer séier nowiisst an deen vill CO2 aus der Atmosphäre eraushëllt.

De Miscanthus eegent sech och immens gutt fir a Quelleschutz-Zonen ugeplanzt ze ginn, wou net mat Pestiziden a chemeschen Dünger däerf geschafft ginn. De Miscanthus brauch ganz wéineg Asaz vun Trakteren, just 1mol am Joer fir geschnidden a gehäckselt ze ginn.

Dat klengt jo ganz villverspriechend! Besteet dann awer net de Risiko, dass de Miscanthus der Ernährungsproduktioun Konkurrenz mécht?

Natierlech sollen eis Felder primär benotzt gi fir eis ze ernären an et soll net just nach iwwerall Miscanthus ugeplanzt ginn. Mee et ass sécherlech eng Alternativ, iwwer déi mer eis solle Gedanke maache, well des Planz immens vill positiv Eegeschaften huet. De Moment ass d‘Holz ëmmer méi gefrot am Bau a fir Heiz-Zwecker, mee wäerte mir iwwerhaapt an Zukunft genuch Holz hunn fir dëser Nofro gerecht ze ginn? Miscanthus wiisst méi séier a bënnt méi CO2 pro Hektar wéi d‘Holz.

Ech si mer och bewosst, dass de Miscanthus eng Monokultur ass, mee et ass di eenzeg déi 12 Méint laang steet a sou ee Réckzugsgebitt fir d’Déiere bitt.

Wat ass äre Message fir d’Lieser vun der Synergie?

Ech hunn 2 Kanner a wëll mäi Bäitrag fir eng méi gesond Welt leeschten. Ech weess, dass ech d’Welt net ka retten, mee ech kann awer Ustéiss ginn, dass et och anescht ka goen. Fir mech huet Miscanthus ee grousse Potenzial, e brauch keen Input vum Bauer, bal keng Maschinnen an en plus gëtt vill CO2 gebonnen. Mir brauche vill verschidde Léisunge fir all den aktuellen Erausfuerderunge am Ëmweltschutz Meeschter ze ginn.