Famille Lagoda vun Schweech: Een Passivhaus mat vill Sonn an Holz

„Wéi mir nei gebaut hunn, war et eis wichteg niewent dem Energiespueren, och op ökologësch Baumaterialien ze uechten. Mir hunn eis beim Bau vun eisem Passivhaus fir eng Holzstännerbauweis entscheed. Déi ganz droend Konstruktioun besteet deemno aus Holz. Och bei der Isolatioun wollte mer an deem selwechten Medium bléiwen an hunn eis baussen fir Holzfaserdämmplakken entscheed.

Eist Haus huet zum Süden hin grouss Fensterflächen, déi am Wanter, wann d’Sonn déif steet, vill solar Energie an d’Haus erabrengt. An eisem Living hu mer eng Lehmstampfwand, déi dës Sonnenenergie speichert a lues iwwert den Dag verdeelt an de Raum rëm ofgëtt. Ee weideren Virdeel vun dëser Wand ass d’Regulatioun vun der Fichtegkeet am Raum.

Och beim Waasser war et eis wichteg Ressourcen ze schounen, an notzen deemno d’Reewaasser fir d’Toiletten an d’Wäschmaschin.“

Passivhaus mat vill Sonn an HolzFamill Lagoda vu Schweech

Marie-Jeanne & Raymond Reiser vun Ielwen: Eng fantastesch Hetzt a glaichzaiteg Pizza!!

Marie-Jeanne & Raymond Reiser vun Ielwen„Eis beschtent Steck am Haus ass eisen Specksteen-Uewen. Mir fidderen en zweemol am Daach mat enger Biitschen Dännenholz an daat geet duer fir eis ganzt Haus duerchgehend ze hetzen. Eist aalt Haus ass nämlech sou renovéiert gin, dass sech d’Hetzt vum Specksteen-Uewen ideal kann am ganzen Haus verdeelen ouni awer kennen z’echappéiren: eisen Daach ass gutt isoléiert an mir hun 3-fach Verglasung agesaat. Nemmen fir d’Buedzemmer sin mer nach un eis Mazoutheizung ugewissen.

Eisen Specksteen-Uewen kann net nemmen eis ganz Haus op 22° hetzen, mee mir kennen och nach Pizza dran baaken!"

 Famille Saar vun Näerden: Eng Stroum-Fabrik am Gaart!

„Deemols wéi mer den Terrain fir eist Haus kaaf hun, huet ee Feld derzou gehéiert mat deem mer net wossen waat maachen. Wéi mer dun Photovoltaik-Panneau’en bei engem Kolleg am Millewee gesin hun, wore mer vun der Iddi begeeschtert. Mir hun eis 2003 mam Nooper décidéiert dest Feld ze notzen fir 9 Solar-Panneau’en (vun je 4 kWp) déi mat der Sonn dréinen, opzeriichten. Och wann mer e puer bürokratesch Hürden hu missten passéiren an d’Verarbechtung vun den Elementer net gutt ass, sin mer haut frou grenge Stroum ze produzéiren. Zenter 3 Joer hu mer d’Anlag och oofbezuelt an verdengen elo drop. “

Photovoltaïq Panneauen wou sech mat der Sonn dréienFamill Saar vun Näerden

Tessy Klein vu Biekerech: Gemeis an Uebst grown in Beckerich!

„2007 huet main Mann an ech een Feld hei zu Biekerech kaaf ,wou ech vir d'éischt nemmen Gromperen gesaat hun. Haut planzen ech eng 20 verschidden Zorten un - haaptsächlech Geméis awer och emmer méi Uebst (Physalis, Aerdbier......) Mir verkaafen Uebst an Geméis bei eiser Geméistour an den Noopeschgemengen an sin sou onofhängesch vun engem Grousshandel.Ech sin geléiert Gärtnerin an well ech op engem Biohaff opgewuess sin, as fir mech naischt anescht an Fro komm wéi en Biogaart. Meng Arbecht mecht mer immens vill Freed well ech gäeren dobaussen an der Natur sin, an och gäeren kierperlech schaffen .Owes faalen ech meeschtens futti midd, mee zefridden an Bett!

Dest Joer well ech (nieft dem Geméistour) nach 2 verschidden Kierw mat nemmen Biekerecher Geméis ev. och Uebst unbidden“

Tessy Klein vu Biekerech

Katy Fox vun Biekerech: Gutt Liewen mat manner Impakt op d’Äerd

„Ech probéieren de Klimaschutz op perséinlechem Plang eescht ze huelen a vill vu mengem Geméis biologesch an no Permakultur-Prinzipien unzebauen. Eise Gaart am Leewelerwee ass och de Sëtz vu CELL - Centre for Ecological Learning Luxembourg, enger Asbl déi ech virun bal 5 Joër gegrënnt hun. Eisen Haaptfokus ass Gutt Liewen mat manner Impakt op d’Äerd, wat fir eis och mat sech brengt, verlueren Fertigkeeten an nei wëssenschaftlech Erkenntnisser an eisem Alldag ënner een Hutt ze brengen. Duerch CELL huet sech mëttlerweil ee nationale Réseau gebild, dien lokal agéiert mat Gemeinschaftsgäert, Seminaren, lokaler Geméisproduktion, Economie vum Deelen, DIY-Kultur a villes méi. Et ass mir wichteg, dass mer nit virun de Problemer stoe bleiwen a léisungsorientéiert an hoffnungsvoll dem Klimawandel géintiwwer stin.“

Katy Fox erkläertKaty Fox an engem Cell Workshop

 

 Patrick Lanners vun Huewel: Manner Stress mam Bus!

Patrick Lanners vun Huewel

„Ech fueren meeschtens mam Bus op meng Arbecht an der Staad. Et wor am Ufank e bessi komesch manner flexibel ze sin, mee ech sinn awer vill méi entspaant wann ech op der Aarbecht ukommen an och wann ech rem Heem kommen. Mam Auto mueres am Berufsverkéier ass Horror an en plus kommen d’Käschten fir den Sprit, d’Pneuen an de Parking derbai. De Bus brauch baal genee su laang an kascht mech maximal 4 € den Daach. D’Zait am Bus notzen ech fir ze raschten oder ze schloofen.

Enn 2012 hun mir een aalen Café zu Huewel kaaf, deen mir selwer zenter zwee Joer am gaang sin mat ökologeschen Materialien ze sanéiren (Daach-Dämmung mat Holzfaserplaquen, Buedem-Isolatioun mat Glasschaumschotter, Kallekbotz, Reewaaser-Opfänk-Bassin,…). Als Autodidakt, hun ech mech vill an des Thematik ragelies, an mech iwert di verschidden Materialien informéiert. Ech maan alles selwer am Haus, ausser de Fensteren. Och wann d’Sanéierung vill Sacrificen verlaang an et oft einsam gett wann een aleng lang Stonnen schafft, hun ech immens vill baigeléiert an et ass een gutt Gefill wann herno alles sou klappt wéi een sech daat wenscht. “