Armand Schuh vun Ell: 25 Joer mam Vëlo op d’Schaff

“Mir wor et einfach zevill Opwand den Auto unzespaanen fir di 500 Meter op d’Schaff ze fueren! Daat wier jo och absolut net nohalteg den Auto fir sou kuerz Distanzen ze benotzen, well den Sprit-Verbrauch grad dann am héchsten ass.

Mam Vëlo hunn ech vill Zäit gewonnen, well ech direkt virun der Schaff konnt parken an ech en och bei der Aarbecht fir kuerz Trajet ‘en hei zu Ell konnt benotzen. Ech wor nie een Sportler-Typ, mee mäin Vëlo huet mer gehollef fit ze bleiwen an meng Muskulatur no Operatiounen rëm séier opzebauen. Soss géing ech sécherlech haut net méi um Vëlo setzen.

Bei Reen a Schnéi muss mäin Vëlo och lo nach ëmmer drun gleewen, dowéinst hunn ech um viischte Rad een Summer-Profil an um hënneschten een Wanter-Profil! Fir laang Strecken ze fueren, hunn ech mer vrun e puer Joer een Elektro-Vëlo gegonnt. Deen deet kengem Knéi eppes zuleeds, ganz am Géigendeel....!”

Armand Schuh vun Ell

Renée Coljon-Thein vun Ell: Bio-Geméis aus dem eegene Gaart

“Am Gaart ze schaffen gehéiert zënter menger Kandheet zum Alldag. Dir kennt Iech net virstellen wéivill Spaass et mécht no der Büro-Aarbecht, raus an de Gaart schaffen ze goen!  Do planzen ech mäin eegent biologesch Geméis un an ernieren sou während engem gudden Deel vum Joer meng 5-Käppeg-Famill.

 Well ech ganz op Pestizidien verzichten,  benotzen ech een natierleche Brennesselpiff als Schädlingsbekämpfung.  A well ech keen kostbart Krunnewaasser fir d’Nätzen well verbëtzen, sammelen ech d’Reenwaasser. Ech leeën vill Geméis fir de Wanter an, de Stock geet meeschtens bis den Mäerz duer an sou erspueren ech mer oft den Wee bis an de nächste Buttek.

 Och wann een Gaart vill haart Aarbecht bedeit, fannen ech et einfach immens flott ze wëssen, vun wou d‘Geméis op mengem Teller hierkënnt. Et ass esou spannend all mueren ze kucken, wéivill meng Planzen gewuess sinn a wéi de Gaart sech all Dag verännert.”

Bio-Geméis aus dem eegene GaartRenée Coljon-Thein vun Ell

 

 Jeannine Remackel vun Uewerkolpech: D’Haus sanéiert an den Masuttsverbrauch duerch 3 gedeelt!

„Vrun 3 Joer haten mir genuch vum dem schrecklechen Loftzoch an eisem ganzen Haus. Well keen am Wanter op d‘Iddi kennt seng Fënsteren z’ersetzen, krute mir 3-fach-verglasten Fënsteren zum Präis vun 2-facher. Eisen Daach hu mer mat Holzfaserdämmplatten isoléieren gelooss. Et ass lo vill méi gemittlech ginn ouni deen Zoch an en plus, mat dem gudden Dännenholz-Geroch vun den Deckplatten, fillen ech mech zënter deem wéi am Schwarzwald!

Duerno hu mer eis un den Keller gewot an hunn do den Plafong isoléiert. Doduerch ass et lo 5 Grad méi waarm an de Wanterméint am Keller ginn. Als lescht hunn mer eis al Masutt-Heizung duerch eng effizient Brennwert-Heizung an eng thermesch Solaranlag ersat. Am Summer kenne mer lo d‘Heizung ausman, eist waarmt Waasser gëtt alleng mat der thermescher Solaranlag gehetzt!

Duerch all des Moosnamen spuere mir enorm Mazout an: mir leie bei knapp engem Drëttel vun eisem alen Verbrauch. Well de Staat jo Subsiden fir energetesch Sanéierungen gëtt, kruten mir 9‘000 € plus 1‘500 € vun der Gemeng fir eis thermesch Solaranlag.

Mir sinn elo derbäi eis Luuchten op LED emzerüsten an dann dreemen mer nach ëmmer vun enger Solaranlag fir eisen eegenen Stroum kennen ze produzéieren!“

Komplett Sanéierung vum Haus     Jeannine Remackel vun Uewerkolpech

 

Famille Baldassi-Wagner vun Ell: eng Flexitarier-Famill 

“Mir wëllen näischt konsomméieren, wou aner Mënschen ausgebeut ginn oder eis Ëmwelt zerstéiert gëtt just dass mir kennen gutt liewen. Dowéinst, versiche mir, beim allem wat mir akafen, opzepassen dass et ökologesch, regional an aus fairem Handel ass. Leider ass dat net ëmmer méiglech mat den heitegen komplexen Produktiounsketten.

Produkter mat héijer Qualitéit sinn vläit méi deier am Akaf, mee si halen och meeschtens vill méi laang an um Enn huet een dann awer gewonnen. Eis Miwwelen zum Beispill hu mir vrun Joren aus regionalem Massiv-Holz maache gelooss. Di sinn éiweg gutt an well se just geuelegt sinn, am Plaz vernéiert, sinn se méi gesond an zéien en plus keen Stëbs un! Do gewanne mer nach en plus Zäit beim Botzen! Och bei den Teppecher wollte mer onbedengt biologescher di net mat Fungiziden, Insektiziden an aner Schued-Stoffer behandelt goufen.

Beim Iessen sinn mir “Flexitarier” dat heescht mir iessen net vill Fleesch oder Fësch, mee wann, dann muss et gutt Bio-Fleesch oder Bio-Fësch sinn! Wa méiglech, sichen mir no Iessen aus der Regioun an ënnerstëtzen eis lokal Économie andeems mer mat Beki’en bezuelen.

Eis gefält d‘Liewensweis, déi d’Indianer haten, super gutt: si hunn an Harmonie mat der Natur an der Äerd gelieft. Offall gouf et nët bei hinnen, well alles erëm benotzt oder verwäert gouf.

 Famill Baldassi-Wagner vun Ell Nohaltëg MiwwelenMiwwel aus Massivholz

Laurent Schaus vun Ell: Velo,.. Bus,.........Auto

“Vrun 100 Joer gouf et dat Wuert “Mobilitéit” nach nit. D’Mobilitéit, oder vill méi dat wat mir haut drënner verstinn, ass réischt richteg mat der Auto-Industrie opkomm. Do virdrun hunn mir do gewunnt wou mer geschafft hunn, wou mer eis Fräizäit verbruecht hunn an wou mer akafen gaang sinn. Alles wor ze fouss ze erreechen oder am schlëmmsten Fall mam Päerd.

Mam Auto sinn des Distanzen op eemol ëmmer méi grouss ginn: mir wunnen zu Ell, schaffen an der Stad oder soss anzwousch, maachen eisen Sport zu Klierf an fueren mam Auto an een Hypermarché iergendswou akafen. Natierlech hunn mir mam Auto ganz vill Fräiheete gewonnen, mir kennen egal wou, egal wéini, hifueren (Op mir ukommen ass eng aner Fro). Mee dëse Gewënn huet och vill negativ Konsequenzen mat sech bruecht: Loftverschmotzung, Stau, Kaméidi, Accidenter, Ausstierwen vum Handel an den Dierfer, sozial Entfremdung... Den Auto hellt eis mindestens genee sou vill Fräiheet wéi en der bréngt. Den Auto huet eist ganzt Liewen komplett am Grëff, genee sou wéi een Virus den Computer.

Och ech hat dee Virus erwëcht an hunn en nach ëmmer, mee ech probéieren ëmmer manner Auto ze fueren. Ech benotzen de Vëlo quasi ëmmer fir op d ‘Schaff. A fir professionell oder privat Trajet‘en an d‘Stad oder op Esch, huelen ech oft den Bus & Zuch.

Ech verstinn, dass de Bus nit fir jiddereen ëmmer di perfekt Léisung ass, mee ech mengen awer, dass vill Mënschen erstaunt wieren iwwert de Gewënn un Liewensqualitéit, wann si öfters den ëffentlechen Verkéier géingen benotzen. Et muss een sech einfach eng Kéier trauen an bestëmmt geet et besser wéi een mengt!”

Laurent Schaus vun Ell