D’Famill Faber-Ries vu Groussbus: Am léifsten aus Eegen Produktioun!

“Mir versichen sou gutt et geet alles selwer ze produzéieren.

Fänke mer mam Hëtze vum Haus un: Ech maache vill Holz an well ech all dat Holz komplett verwäerte well an gläichzäiteg eppes fir d‘Ëmwelt maachen, wor eng Holzhackschnetzel-Anlag gekoppelt un eng thermesch Solaranlag genau dat richteg fir eis. Iwwert ee klengen Réseau sinn elo am ganzen 6 Wunn-Unitéiten ugeschloss an dat klappt wonnerbar .

Mat eiser Solaranlag produzéieren mir Stroum, gutt di duebel Quantitéit wéi mir als Famill pro Joer brauchen (ca. 14’000 kWh).

Vrun kuerzem hunn ech Angus Kéi (Foto) kaf, déi op enger Biodiversitéit-Wiss vum SICONA lafen. Des Wiss ass sech selwer iwwerlooss, et gëtt weder gedüngt, nach geméit oder geséint.

Dësweideren  hunn ech nach Limousin Ranner, Schof an Klengdéieren an fir d’Erhalen vun der Traditioun 3 Ardenner Päerd als Hobby.

Ech sinn keen Bio-Bauer, mee well awer probéieren mäin Deel zur Biodiversitéit bäizedroen an souvill wéi méiglech selwer fir eis doheem  produzéieren. 

 Jeannot Faber vu Groussbus Fleesch aus eegener Produktioun

 

 

D’Famill Schuster-Schaltz vu Groussbus: eng autark Famill an de gréisste Stroumproduzent an der Gemeng!

“Eis éischt Solaranlag (20 kWp) hu mer 2003 installéiert an dat wor wahrscheinlech och di éischt am Duerf. Nodeems mer 2012 d‘Scheier komplett néi gemat hunn, ass dunn eng 30 kWp Anlag derbäi komm. Mir produzéieren elo am Duerchschnëtt eng 49’000 kWh pro Joer (entsprécht dem Verbrauch vun 8 Groussbuser Haushälter während engem Joer). Fir dass d’Produktioun och sou héich bleift, iwwerwaache mer d’Anlag gutt a botzen d’Panneau’en regelméisseg.

 

Gehëtzt hu mer nach ëmmer haaptsächlech mat Holz aus eisen eegene Bëscher. 1980 krute mer eis éischt Scheet-Holz-Heizung, dunn 2012 eis aktuell Holzhackschnetzel-Anlag (96 kW), wou och d’Haus vun eiser Duechter a senger Famill ugeschloss ass (Foto). Des Anlag (mer benotzen se fir ze hetzen an eist Waasser waarm ze maachen) ass ee richtegt Goldstéck an ass dat bescht wat eis hätt kenne geschéien! Mir hu kee Pufferspäicher, well am Uewen dauernd eng Glous ubléift. Doduercher killt d’Heizung net ëmmer rëm of an et entsteet weder Kondenswaasser nach Rascht. Des Heizung mécht guer keen Dreck, mir kinnten eis wäiss Wäsch dernieft ophänken! Dank de Subsiden vum Staat, bezilt sech des Anlag och séier zréck.

Zenter eisen Dach isoléiert gouf, bleift net nëmmen de Schnéi um Dach léien, mee et ass och méi waarm um ieweschten Stack. Lo wëlle mer just nach d ‘Fënsteren ersetzen fir dass deen Zoch ophält.

An eisem Gaart planze mer alles un, vun Ënnen iwwer Zalot, Äerdbier an Tomaten. Och wann et am Supermarché méi bëlleg ass a vill manner Aarbecht verlaangt, d‘Qualitéit vum Uebst a Geméis aus dem eegene Gaart ass eppes komplett anescht.”

A well d’Famill Schuster-Schaltz nieft der Solaranlag, de Bëscher, dem Gaart och nach Hénger an ee Bauerenhaff huet, ass si praktesch autark: “Mir brauchen lo just nach Diesel fir eisen Auto anzekafen!”

D’Famill Schuster-Schaltz vu Groussbusee Gaart mat allem Méiglechen

 

Danielle a Jean-Paul Wagener vun Dellen: Ganz agreabel Hëtzt mat Wandheizung a Lehmbotz

“Wann eist Haus kinnt schwätzen, dann hätt et bestëmmt vill spannend Geschichten ze erziele vu senge méi wéi 250 Joer hei zu Dellen! Mir sinn awer réischt virun 3 Joer erageplënnert an hunn dunn ugefaang villes selwer ze renovéieren.  Wéi mir bis gesinn hunn wéivill Masutt di al Heizung geschléckt huet, wor eis Décisioun séier geholl, dass déi raus muss. Am Ufank ware mer e bësse virum groussen Invest zréckgeschreckt, mee haut géinge mer eis nei Holzhackschnetzel-Anlag (45 kW) fir näischt méi op der Welt hier ginn!

Fir dass d‘Hëtzt am Haus bleift, hu mir eis Bausse-Wänn vu banne mat Holzfaserplaquen isoléiert an de Buedem vum Rez-de-Chaussée mat Blähglas (recycléiertem Glas) gedämmt. Dunn hu mer Wand-Heizungen (Foto) a praktesch all Zëmmer agebaut iert mer de Finissage mat Lehmbotz gemaach hunn. Di ganz angenehm Strahlungswiermt vun der Wandheizung schaaft e super Raumklima heibannen. Am Summer kinnte mer d’Wandheizung souguer fir ze kille benotzen, mee dat brauche mer net, well di deck Maueren eis genuch vun der Hëtzt schützen . De Lehmbotz uewen drop ass dann d’Kréinung a suergt fir eng Regulatioun vun der Loftfiichtegkeet, de Lehm otemt richteg an absorbéiert souguer de Geroch.

Well mir Zougang zu Bëscher an och genuch Plaz hunn fir den Hackschnetzel ze stockéieren, kascht eis d’Hetzen elo manner wéi 200€ am Joer. Mam Masutt waren d’Käschte gutt 15 Mol sou héich!! Et rentéiert sech also! Eise schéinen, ale Kolonnenuewen ass leider iwwerflësseg ginn, well wann mer deen umaachen, dann hu mer eng richteg Sauna hei bannen!

Als nächst plange mer eise Späicher z’isoléieren, eng Solaranlag um Päerdsstall z’installéieren an eng Reewaasser-Anlag ze montéieren.”

 Wandheizung zu DellenDanielle a Jean-Paul Wagener vun Dellen

Claude Glesener vu Groussbus: Mam Bus relax op d’Aarbecht

“Um 6:01 fiert de Bus vum Sprëtzenhaus zu Groussbus fort an um 6.42 kommen ech mam  Zuch op der Stater Gare un no enger kuerzer Escale zu Miersch. Wann ee sech mam Auto un de Code de la Route hält, kritt een déi Zäit mol net em Mëtternuecht hin. Zousätzlech zum Zäitgewann, verzichten ech mam ëffentleche Verkéier op vill Stress: mam Auto all Daach moies an owes am Stau zwëschen Koplescht an Briddel oder Walfer a Lëtzebuerg ze stoen ass Wahnsinn. Am Bus an Zuch kann ech mir mäin Dach gemittlech duerch den Kapp goen loossen an iwwerloossen de Stress dem Chauffer!

Duerch d‘Aarbecht sinn ech un den M-Pass (Joresabonnement fir de gesamten ëffentlechen Verkéier leider just fir Entreprisen) komm zum Präis vun nëmmen 396 € d‘Joer. Fir dee Präis kann ech sécher net ee Joer mam Privat-Auto op d ‘Aarbecht fueren.

Heinsdo héieren ech Leit vun Schläichweeër schwäermen, mee déi Weeër sinn à long terme och keng Alternativ. Duerch déi Em-Organisatioun vum Bus-Netz an a ronderëm Stad ass den ëffentlechen Transport leider a mengen An nëmmen bedingt méi attraktiv ginn. Wëll fir datt den ëffentlechen Verkéier hei zu Lëtzebuerg genotzt gëtt, muss en:

  1. Richteg getakt a vernetzt sinn
  2. Däerf en zäitlech net vill méi laang brauchen wéi den Auto, am beschten manner laang
  3. D’Fahrpläng mussen einfach ze verstoen sinn
  4. D‘Horairen mussen ugepasst sinn (un d‘Schoulstonnen, Aarbechtsstonnen,...)
  5. D’Bus-Arrêten mussen sécher an no bei den Aarbechtsplazen sinn (z.B. Zone d’activités,....) an dem Notzer e gewëssenen Confort bidden an        
  6. Et soll een sou man wéi méiglech mussen ëmklammen.

Besonnesch bei de Schüler ass den Hiewel unzesetzen, fir een Ëmdenken beim Mobilitéitsverhalen ze erreechen.  Hei ass de Wiessel méi einfach wéi bei engem Erwuessenen deen schonn 20 a méi Joeren mam Privatauto schaffe fiert.

No mengen Erfahrungen aus de leschten Joeren wëll ech net méi zréck an di alldeeglech Muerks fir mam Auto an d‘Stad ran a raus mussen ze fueren an ech hoffen, dass de Bus och fir ëmmer méi Leit eng Alternativ zum Auto gëtt. “

 Claude Glesener vu Groussbus

 

D’Famill Pauly-Pitz vu Groussbus: Renovatioun mat Häerz a Séil vun enger aler Millen 

“Wéi mer d’Millen 2005 fir d’éischt besichtegt hunn, si mer direkt vun hirem Charme verzaubert ginn: ee richtegen Zeien aus laang vergaangenen Zäiten, dee schonn op der Ferraris Kaart vun 1776 drop ass! D‘Iddie wat een alles dorausser kinnt maachen, si nëmmen sou aus eis rausgespruddelt an d‘Décisioun fir ze kafen wor direkt geholl. Bei der Renovatioun wor eis immens wichteg d’Autenticitéit, d’Bausubstanz an den Patrimoine vun der Millen (mam Triichter, Millen-Stull,..) maximal ze erhalen an ze valoriséieren. De Service vum Sites et Monuments huet eis och kloer Virschrëften ginn, un déi mir eis natierlech gehalen hunn. Mir hunn alles selwer geplangt, entworf an mat 3 Aarbechter während 3,5 Joer selwer ëmgesat.

Verschidden authentesch Baudeeler wéi eis Viischtdir, d’Dunnen oder d’Feierplaz, hu mer an alen Haiser kräiz a quier uechtert d‘Land récupéréiert an agebaut. Mat den Masuttspräiser vun 2008 wor et net virstellbar d’Millen mat Masutt ze hetzen ouni aarm ze ginn. Dowéinst hu mir eis fir erneierbar Energien entscheet an eng Sole/Waasser-Wärmepompel gewielt, di souwuel eis Hëtzes wéi och eist Waarmwaasser produzéiert. Et léien 2,4 km Schlaich an eisem Gaart an dat geet masseg duer fir d’Millen an di ausgebaute Scheier ze wiermen. An all Zëmmer ass eng Buedem-Heizung geluecht ginn an wou mer den original Buedem erhalen wollten, ass eng Wand-Heizung agebaut ginn. Fir dass mer net zevill mussen hëtzen, hu mer d’Aussenfacade an den Daach gutt isoléiert, sou dass mir elo op een B/C am Energiepass kommen. Di bannescht Maueren hu mer mat Lehm beworf, insgesamt sinn 32 Tonnen Lehm verschafft ginn.

A fir dass mer nieft der Energie och nach Waasser spueren, hu mer am Gaart een 8000 Liter Reenwaassertank agebaut, deen un d‘Toiletten, d‘Wäschmaschinn, d‘Spullmaschinn an de Gaardeschlauch ugeschloss ass. Dat klappt tiptop bis elo!

Sécherlech woren et 3 laanger Joren, wou mer all Weekend an all Vakanz un eisem Projet geschafft hunn a finanziell wor et och eng Herausfuederung. Mee lo ass eis Millen dat schéinsten Doheem dat mir eis kennen virstellen a mir sinn ganz frou dass sech di ganz Méi an vill Aarbecht richteg gelount hunn.”

 Famill Pauly vu Groussbusal Millen vu Groussbus