Sandy a Gilles Martiny-Splicks vu Proz: Elektresch ënnerwee ouni ze bremsen!

D’Sandy an de Gilles hu sech vrun 3 Méint een Elektro-Auto kaf. 

Sandy a Gilles, firwat hu Dir een Elektro-Auto kaf?

Mir woren virwëtzeg! Nodeems mer een Elektro-Auto an engem Garage zu Réiden getest haten, wore mer iwwerzeegt an hunn een BMW i3 kaf. Och wann et zënter dem Ofschafen vun den staatlechen Primen keen ökonomeschen Gronn méi gëtt een Elektro-Auto ze kafen, sinn mer elo nach méi dervun iwwerzeeg well en sech einfach immens gutt fiert.

Wat eis och wichteg wor, ass dass en méi ëmweltfrëndlech ass wéi een “normalen Auto”: wann een Stroum aus erneierbaren Energien keeft, produzéiert een keen CO2 méi.

Wat ass dann anescht wéi an engem “normalen” Auto? 

Et muss een eng Kéier dermat gefuer sinn fir ze gesinn wéi flott en sech fiert! Et ännert een seng Fuerweis well een nämlech belount gëtt wann een virausschauend fiert. Am Plaz mussen ze bremsen léisst en einfach de Fouss vun der Gaspedall. Doduerch verléiert den Auto staark u Vitesse a gläichzäiteg gëtt d’Batterie opgelueden. D ’Brems brauch een an dësem Modus just nach als Noutfall brems. Een Elektro-Auto ass einfach vill méi effizient.

Et brauch och bal keen Entretien ze maachen a mir hoffen, dass d’Batterie eis laang trei bléift.

Ass di relativ begrenzten Distanz déi een kann dermat fueren keen Problem?

Et ass een sech meeschtens net bewosst wéi wéineg een Auto a besonnesch een Zweet-Auto am Daach fiert a wéivill en geparkt ass. D ‘Fro vum Elektro-Auto huet sech gestallt, wéi mer sollten een vun eisen zwee Autoen wiesselen. Well ech eng ronn 85 km fir op d ‘Aarbecht an zréck hunn an d’Reichweite vum BMW i3 140 km sinn, wor des begrenzten Autonomie keen Problem fir eis.

Mir hoffen, dass et am Wanter och nach ëmmer duergeet, well dann d ‘Hëtzt vun der Heizung nach muss produzéiert ginn.

Sandy a Gilles, wat fir ee Message gitt Dir de Lieser gäre mat op de Wee?

Am einfachsten an ëmweltfrëndlechsten wier et jo wann een guer keen Auto bräicht. Well och den Elektro-Auto brauch Matière Première fir hiergestallt ze ginn, och wann an eisem Auto vill recycléiert Materialien verschafft ginn sinn.

Wann Dir wéi mir um Land wunnt a schwéier op zwee Autoen verzichten kennt, ass een Elektro-Auto als 2. Auto genau richteg. Mir roden Iech einfach eng Kéier an enger Garage een Elektro-Auto testen ze goen!

 

 

houfreg Besëtzer vum BMW I3Sandy a Gilles Martiny-Splicks vu Proz

De Max, Andy, René a Franz: eng lëschteg Fahrgemeinschaft

De Max Kleer an den Andy Besch vun Iewerleng fueren all Daach zesummen mam René a Franz Hilger aus dem Daul an d‘Stad schaffen. 

Wéi huet sech dat erginn, dass Dir 4 Iech fond hutt?

Vrun 3 Joer hu mir raus fond, dass mir alleguer beieneen wunnen an dass mir +/- 200 Meter vuneneen op der Gare schaffen. Wat och wichteg ass ze soen, ass dass mir di selwecht Horairen hunn, soss géing et och net sou gutt klappen.

Firwat fuert Dir net zu 4 mam Bus schaffen?

Leider ass et sou, dass mir den Bus deen op der Charly’s Gare um 16h10 fortfiert knapp verpassen, well mir réischt um 16h00 op der Gare ophale mat schaffen. Mir missten eng hallef Stonn op de nächste Bus waarden, deen dann awer schonn an de Stau zwëschen Bridel a Koplescht kennt. Mam Auto si mir bal schonn doheem wann de Bus op der Charly’s Gare fortfiert (16h40). Gutt wär et fir déi Leit déi soss den Bus op der Gare oder um Rousegäertchen geholl hunn, wann den Bus eréischt um 16:15 op der Charly's Gare géif fortfueren, da kann et mat e bëssen Gléck duer goen.

Moies kann de Bus awer sou séier si wéi den Auto, wann e beim Fortfueren keng Verspéidung huet. Leider sinn d’Horairen zwësche den Statiounen sou knapp gerechent, dass et oft zu Verspéidungen kennt.

Wann den Bus géing e bëssen méi spéit op der Charly’s Gare oder nach besser op der Gare fortfueren, wier de Bus och rëm eng ganz gutt Léisung fir eis.

Wei deelt Dir Iech d’Fuer-Käschten op?

All Woch fiert een aner vun eis. Dat ass flott, well da geet een nëmmen eemol am Mount tanken. Et ass Schued, dass praktesch an all Auto deen mir ënnerwee gesi nëmmen een drasetzt. Ausser an den Autoen vun den hollänneschen Touristen oder an den Entrepreneur-Camionnette setzen och méi Leit dran!

Wat géing Dir de Lieser vun der Synergie gäre mat op den Wee ginn?

Franz: Zesummefueren ass dach eng ganz normal Saach! Et ass vill méi lëschteg, bëlleg an ökologesch. Oft kommen eis d ‘Tréinen vu Laachen, wa mir zesummen iwwer Gott an d’Welt philosophéieren.

Andy: De René bréngt eis ëmmer rëm mat senge coolen Spréch un d ‘Laachen. Wéi ech eng kuerz Zäit eng aner Schicht hat, hunn ech missen alleng fueren an di flott Gesellschaft huet mir wierklech ganz séier gefeelt.

René: et ass ee net sou generft, wann ee net all Daach muss moies selwer fueren. Wann ech weess dass zum Beispill muer den Andy fiert, da kann ech haut den Owend eng halen, well hee bréngt mech scho gutt op d‘Aarbecht.

Max: ech si frou net nëmme Sprit a Suen ze spueren, mee och zesummen eng flott Zäit ze verbréngen!

de Max Kleer an den Andy Besch vun Iewerleng mam René a Franz Hilger aus dem Daul

 

Sylvie a Franz Hilger vu Platen: Heizen mat engem eemolegen Trio vun Sonn, Loft an Holz! 

Sylvie a Franz, wéi hetzt Dir äert Haus?

Mir hunn zënter 2000 eng thermesch Solaranlag um Daach déi eis am Summer d ‘Waasser waarm mécht, d’Loft-Wärmepompel garantéiert, dass et ëmmer waarm genuch ass an d’Holzvergaser-Heizung bréngt eis duerch den déiwen Wanter. Am Ufank wor ech skeptesch, dass des Konstellatioun géing reibungslos funktionéiren. Mee elo kann ech soen, dass et perfekt ass!

Zousätzlech, produzéiert eis 8,4 kWp Photovoltaik-Anlag sou bal esou vill Stroum wéi mir pro Joer verbrauchen.

Mir sinn frou vum Mazout wechkomm ze sinn an ee klengen Beitrag zum Klimaschutz kennen ze leeschten.

Sylvie a Franz Hilger vu Platen

 

Ginette a Jos Bormann-Goedert vum Rëmmereg: Komplett Selbstversorger mam Geméis

D’Ginette an de Jos hunn op ronn 4 Ares ee Gaart mat ongeféier 60 verschiddene Geméis-Aarten a Kraider. Doniewent hu si nach Gromperen a weidert Geméis um Feld. Mee hinne geet et net nëmmen em d ‘Resultat! D’Experimentatioun an Dobäiléieren sinn dem Ginette an Jos bal genau sou wichteg! 

Ginette a Jos, wat woren är Motivatiounen Hobby-Gäertner ze ginn?

Mir iessen all Dag Geméis a mir wëllen doran Selbstversorger sinn. Fir eis ass et eng éierenhaft Aufgab Liewensmëttel ze produzéieren. Mir sinn faszinéiert iwwert di immens Produktivitéit vun der Sonn zesummen mat dem Buedem an e puer aneren Zutaten a mir sinn frou un der Schöpfung vun der Natur kënnen matzewierken. Et ass flott, wann ee moies am Gaart kann décidéieren wat ee mëttes wëll iessen. Mir wëllen eisen Impakt op d’Welt reduzéieren andeems mer sou man wéi méiglech Saache kafen, di schonn Dausenden Kilometer um Bockel hunn.

Ee Gaart bedeit net nëmme eng gesond kierperlech Aktivitéit mee hält och de Kapp fit, well een ëmmer am Viraus muss plangen.

Mir emfannen et och als Satisfaktioun, e puer weider Familljen a Frënn mat frëschem Geméis kënnen ze versuergen.

A fir dass et ëmmer spannend bleift, probéiere mir all Joer néi Zorten aus an experimentéiere mat neie Kultur-Verfahren. Et klappt net ëmmer alles, mee dat mécht et jo grad interessant! Mir versichen och de Moment mat méiglechst villen fraschtharden Geméiszorten am Wanter an am fréie Fréijoer frëscht Geméis am Gaart ze hunn.

Dëst Joer wëlle mer wëssen ob eng Stangeboun et hi kritt bis uewen un de Kulang ze wuessen, an d ‘nächst Joer teste mer ee Gromperen-Tuerm am Groussformat! Wéi Dir gesitt, versiche mir sou gutt wéi méiglech di 3. Dimensioun an eisem Gaart ze notzen!

Baut Dir äert Geméis an Uebst biologesch un?

Mir bauen no biologesche Richtlinnen un a benotze bal keng Pestizidien, wann da sinn et onbedenklech Mëttelen. Fir d ‘Schleeke-Bekämpfung huele mer zum Beispill een Eisenphosphat-Präparat. Dëst Joer hate mer iwwerhaapt keng Schleeken, och net wéi et nach naass war. Vläit hunn eis 4 Hénger, déi mer am Hierscht a Wanter duerch de Gaart lafe gelooss hunn, all d’Eeër gefriess.

Als Dünger gëtt Kompost an Mëscht vun eisen Ardennerpäerd benotzt an mir séien eng Zwësche-Fruucht bis d ‘Fréijoer. Kürbissen planze mir direkt op de Kompost an op d ‘Mëscht.

 Braucht Dir ni Geméis kafen ze goen, och net am Wanter?

Nee, mir brauche kee Geméis am Geschäft anzekafen well mir eist Geméis entweder amaachen oder am alen Rommelskeller iwwer de Wanter stockéieren, wéi zB rout Rommelen, Zelleri, Muerten, Kabes oder Gromperen. Mir versichen den Tiefkühler sou mann wéi méiglech mussen ze benotzen.

Da sidd Dir echt Selbstversorger wat Geméis ugeet, Bravo! Si Dir an engem aner Beräich och nach Selbstversorger?

Mir produzéieren eisen eegene Stroum mat eiser 22 kWp Solaranlag, déi geet en plus duer fir 3 aner Haushälter mat ze versuergen. Fir eise Gaart ze nätzen gëtt just Reewaasser benotzt, dat mir vun all eisen Diech opfänken. Well mir een Elektro-Auto mat eiser Duechter deelen, brauche mer fir kuerz Strecken keen Sprit méi. An zu gudder lescht, hëtze mer eist Haus mat enger Pellet-Heizung kombinéiert mat enger thermescher Solaranlag fir eis Waasser waarm ze maachen.

 Ginette a Jos Bormann-Goedert vum Rëmmeregeng Staangeboun op der Rees bei de KulangKomplett Selbstversorger mam Geméis

 

 

Jos Marcus vu Rëmmereg: Mam Velo op d'Schaff fueren mecht Spaass!

De Jos Marcus vun Remmerech fiert zënter 7 Joer, wann d ‘Wiederconditiounen et erlaben, mam Vëlo op d ‘Aarbecht an den Atert Lycée wou hien Proff ass. Di éischt Joren ass den Jos iwwer d ‘Haaptstrooss (N12) gefuer, mee well et dunn wéinst ëmmer méi Verkéier ze geféierlech ginn ass, huet hien sech een E-Bike kaf an fiert elo iwwer Iewerleng op d ‘Vëlospist op Réiden. Och wann dës Streck duebel sou laang ass, fillt hien sech hei mech sécher an kann den Trajet op d ‘Schaff rëm voll genéissen. 

Här Marcus, firwat fuert Dir mam Vëlo schaffen?

Vëlo fueren mécht einfach Spaass an et deet dem Kierper an der Séil immens gutt! An natierlech deet et dem Klima och gutt!

Leider gesäit een ganz wéineg Vëlosfuerer hei am Kanton mam Vëlo op d ‘Schaff / Schoul fueren. 

Jo, effektiv ginn et quasi keng Schüler, déi mam Vëlo an d‘Schoul fueren. Ech verstinn, dass den Trajet vun verschiddenen Schüler ze wäit ass fir mam Vëlo ze fueren, mee et ginn jo awer och eng Rei Schüler vu Réiden oder aus den Nopesch-Dierfer, wou de Vëlo eng gutt Alternativ zum Auto oder Bus wier. E puer Aarbechtskollegen kommen awer och mam Vëlo schaffen.

Wat sinn dann ärer Meenung no d’Ursaachen heifir?

Verschidden Strecken sinn einfach ze geféierlech, wëll nach net iwwerall Vëlospisten sinn, wéi z.B. vum Preizerdaul op Réiden. Grouss Ëmweeër fir op eng Vëlospiste ze kommen huelen d ‘Schüler moies frei net a Kaf. A Réiden sëlwer ginn et och nach e puer Geforepunkten fir bei de Lycée rop.

Wéi den Atert Lycée gebaut ginn ass, wor ëmmer gesot ginn, dass all d’Schüler aus dem Kanton d‘Méiglechkeet solle kréien iwwer ofgeséchert Weeër an den Atert Lycée ze kommen. Mee leider ass dat Konzept nach net ganz ëmgesat ginn.

Wéi kinnte mer erreechen, dass de Vëlo och méi benotzt gëtt fir op d ‘Aarbecht oder an d ‘Schoul ze fueren? 

Wann d ‘Kanner sech vun klengem un géingen drun gewinnen mam Vëlo an d ‘Schoul ze fueren, géint dat iwwer di 13 Schouljoeren ee Reflex ginn. Dowéinst mengen ech, dass mer scho sollen an der Grondschoul usetzen. Natierlech muss d ‘Sécherheet op der Strooss iwwerall assuréiert sinn mat Signalisatioun fir d ‘Autosfuerer, Marquagen asw.

Vläit brauch et och nach Impulser vun uewen rof: an verschiddenen europäeschen Länner wéi zB Däitschland kann een all puer Joer een neien Vëlo vun den Stéieren ofsetzen, wann een dermat op d’Aarbecht fiert.

D ‘Conditiounen mussen geschaaffen ginn, dass Vëlofueren am All-Daach sécher an praktesch ass. Dozou gehéieren zum Beispill och ofschléissbar Vëlos-Anlagen bei Bushaltestellen. Ech bezweiwelen, ob de neien Auto- Parking beim Lycée dat richtegt Zeechen gesat huet.

Här Marcus, wat fir ee Message gitt Dir de Lieser gäre mat op de Wee?

Wann ee mam Vëlo op d’Schaff fiert, fillt een sech einfach vill besser! De Vëlo ass och méi convivial, et bléift een mol stoen fir ee Wuert mat engem ze schwätzen, wat beim Auto net méiglech ass. Vëlosfuerer änneren vill un engem Duerf- oder Stadbild. Mam Auto kënnt een iergendwann un d’Grenzen an dann steet een am Stau.

Jos Marcus mam PedelecJos Marcus vu Rëmmereg

 

Viviane an Steffan Van der Pal – Becker: Mir produzéieren bio-dynameschen Hunneg! 

D ‘Viviane an de Steffan Van der Pal – Becker hunn zwee Gäert wou si alles vun Ënnen, Poretten, Tomaten, Zalot, Äppel, Mirabellen an Hambier bis Zwerg-Cornichonen, Cassis an Oliven uplanzen. D’Viviane test ëmmer néi spannend Rezepter a mécht ënner anerem selwer Hambier-Esseg a Bärlauch-Salz. 

D ‘Viviane an de Steffan produzéieren net nëmmen hiert eegenen Iessen, mee och hir eegen Energie: um Dach läit eng 10-kWp PV-Anlag, um Giewel ass eng thermesch Solaranlag installéiert an am Keller steet eng Holzvergaserheizung, déi mat Holz aus den eegenen Bëscher bedriwwen gëtt. Et ass awer hiren Hunneg, deen si wäit iwwer d’Grenzen vum Daul bekannt gemat huet. 

Wat ass extra un ärem Hunneg?

Viviane: Eis Hunnegproduktioun ass biodynamesch, dat heescht mir versichen d‘Beien sou mann wéi méiglech ze beaflossen. Dëst fänkt bei hiren Waben un, di mussen vun de Beien selwer gebaut ginn. Mer dierfen d ‘Kinnigin nët um natierleche Schwarmtrieb behënneren an eis Beien ginn just mat Bio-Zocker, Kräidertéi an Hunneg fir de Wanter agefiddert. Biodynamesch heescht awer nët, dass eis Beien nëmmen biologesch bewirtschaftet Flächen bestäuben. Dat ass quasi onméiglech, well d’Beien sech an engem Radius vun 3 Kilometer beweegen.

All Joer kennt een Kontroller vun Demeter laanscht, deen alles streng nokuckt. Nëmmen wann all dës Oplagen erfëllt sinn, kréie mir den Demeter-Label fir ee weidert Joer. Zousätzlech sinn mir och elo Member bei Bio-Lëtzebuerg.

Wéi ass et dozou komm dass Dir zwee Imker gi sidd?

Steffan: Als Kand hat mäin Papp och Béien, mee réischt een Frënd huet mech vrun 10 Joer dozou iwwerzeegt. D’Viviane an ech sinn dunn an Coursen gaangen, wou mer alles iwwer d’Beien-Ziichterei geléiert hunn.

Leider ginn et haut ëmmer manner Beienziichter am Land, obwuel d’Beien immens wichteg an eiser ganzer Liewensmëttel-Produktioun sinn. Imker sinn bréngt sécherlech vill Aarbecht mat sech, mee et ass sou impressionant an opreegend ze erliewen wat d’Beien alles produzéieren.

Dir produzéiert verschidden Hunneg’en an och aner Produkter aus dem Beiestack?

Genau, nieft dem hellen Fréijoer- an méi däischteren Summer-Hunneg maache mir och Vanill-, Kannéil- an Propolis-Hunneg. Di 3 lescht ginn et awer just zu bestëmmten Occasiounen wéi zB Krëschtdaach. Eis Philosophie ass dat een verschidden Produkter just soll zu besonneschen Momenter kenne kafen, fir dass een sech richteg drop freet!

Da maache mir nach Käerzen aus Wues, Hunneg-Likör, Propolis-Tinkturen an Propolis-Crèmen. Alles aus dem Beiestack gëtt verwäert!

Vill Clienten bestellen bei eis Remerciementer aus Wues fir Kanddaf-, Kommunioun oder Gebuertsdaach.

Wat ass Propolis?

Et ass een Wonner-Mëttel, dat vun den Beien hiergestallt gëtt. Propolis wierkt antibiotesch, antiviral, antientzündend, antirheumatesch an antioxidantesch. Schon d’ Egypter hunn des Substanz geschätzt. Vill vun eisen Clienten benotzen eis Propolis-Tinktur géint Bronchiten, Anginnen, Herpes, Zännfleesch- Entzündungen, Aphten...Eis Propolis-Crème kann bei Ekzemen, Sonnenbrand, Brandwonnen, Akne, Schnëttwonnen, Baschten, an Narben-Heelung agesat ginn.

Een vun eisen treien Clienten dee no enger Kriibskrankheet ëmmer rëm mat Bronchite geplot wor, hellt zënter e puer Joer eis Propolis-Tinktur. Zenter deem ass d ‘Bronchite net méi rëmkomm an saïn Hausdokter versteet d’Welt net méi. Et bewierkt wierklech Wonner!

Et mécht immens Freed, wann mir sou positiv Echoen kréien. Dëst encouragéiert eis weider ze maachen, obwuel et net ëmmer einfach ass. Heinsdo kréie mer kräfteg Réckschléi wann mer op eemol vill Beien verléieren.

Wou verkaf Dir ären Hunneg?

Well eis den direkten Kontakt mam Client immens wichteg ass, wëlle mir eisen Hunneg net un grouss Strukturen verkafen. Mir wëllen mam Client iwwer eis Beien schwätzen, him Erklärungen ginn zur biodynamescher Hunneg-Produktioun an eisen Hunneg ze schmaachen ginn. Dowéinst gi mir haaptsächlech op Mäert oder d ‘Clienten kommen bei eis heem, mir hunn ee klengen Buttek.

Kommt eisen Hunneg schmaachen oder eis Beien kucken, mir freeën eis!

Wann Dir lo Loscht krut op biodynameschen Hunneg aus dem Dal oder soss wëllt een Hunneg-Produkt testen, d’Viviane an den Steffan Van der Pal-Becker sinn fir Iech do:

34, rue principale L-8612 Prooz Tel: 23 62 90 60 Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

 Bio Hunneg Viviane an Steffan Van der Pal – BeckerBio dynamischen Hunneg aus LëtzebuergSteffan Van der Pal bei der AarbechtViviane Van der Pal - Becker bei der AarbechtViviane a Steffan bei de Beie Stäck