Flore & Mariette Reding-Bourg mat de Kanner Anne a Ben vu Noojhem: Energiemade in“ Noojhem

D’Famill Reding-Bourg huet zënter bal 4 Joer eng Stéckholzheizung kombinéiert mat enger thermescher Solaranlag. Zousätzlech produzéiert hier Photovoltaik-Anlag bal d’Halschent vun hirem gesamte Stroumverbrauch. Während Joren ass de Flore all Daach, och bei Reen a Schnéi, mam Mountain-Bike op d’Aarbecht gefuer.

Firwat mat Holz a Sonn hetzen?

Mir wollten onbedéngt onofhängeg vum Mazout sinn, dat ass einfach méi berouegend. A well mir selwer Bësch hunn an ech fir mäi Liewe gären an de Bësch schaffe ginn, spuere mir an engems Käschten an. Während de 6 Summerméint, ass eis Holzheizung aus, da fuere mer just mat der thermescher Solaranlag fir eist Waarmwaasser an eventuell e bëssen ze hetzen. Mir hunn nämlech Foussbuedemheizung an do ginn di méi niddreg Temperaturen vun der thermescher Solaranlag an de Fréijor- an Hierschtméint duer. Eis sinn d’Pëtrolspräis-Schwankungen elo egal! Hetzen mat Sonn an Holz ass eng super Saach.

Ass dat net immens vill Aarbecht?

Ech si vu klengem u gewinnt an de Bësch schaffen ze goen, ech fannen dat wierklech erhuelsam an et mécht mir perséinlech immens Freed. Ausser dem Holz haen während de Weekender brauch ech just eemol am Daach Holz an den Uewen ze geheien, mam Pufferspäicher vun 2000 Liter geet dat locker fir de ganzen Daach duer. Pro Joer verbrauche mir ronn 9 Kouerten, déi ech op selwer gebaute Weenercher tesselen an sou einfach kann an den Heizungsraum transportéieren. Eemol an der Woch huelen ech d’Äschen aus dem Uewen a verstreeën se am Bësch. Méi Aarbecht ass et net! Anescht wéi beim Masutt weess ech och lo ganz genau wat mir z.B. pro Mount verbrauchen.

Dir produzéiert net nëmmen är eegen Hetzt, mee och een Deel vun ärem Stroum?

Vrun 15 Joer hu mir eis 2,3-kWp Photovoltaik-Anlag am Gaart (deemools nach méiglech) installéiert. Déi Zäite krut een nach 50% um Invest an 25 LUF pro kWh. Di Anlag deckt ongeféier d‘Halschent vun eisem Stroumverbrauch: 2015 huet si 1703 kWh produzéiert, eise Verbrauch loung bei 3700 kWh.

Mir hunn iwwer déi läscht Joren méi wéi 20% Stroum doheem agespuert, duerch d’Ersetze vun der Heizungspompel, der Beliichtung a vum Frigo.

Flore, Du fiers oft mam Vëlo op d’Aarbecht?

Ech versichen sou oft wéi méiglech mam Vëlo op meng Aarbecht zu Biekerech ze fueren. Meeschtens huelen ech net den direkte Wee, mee fueren an engem groussen Ëmwee dohin. Zenter ech am Schäfferot zu Réiden sinn, fueren ech leider net méi sou intensiv wéi soss wou ech eng 10‘000 Kilometer d’Joer gefuer sinn.

Wat ass Däin Message un d’Lieser ?

Mir wëllen d’Lieser encouragéieren, wann se d’Méiglechkeeten hunn, sou wäit wéi méiglech Energie-onofhängeg ze ginn. Och wann ee selwer kee Bësch an di richteg Maschinnen huet, kann een sech mat aner zesummen dinn! Am Team ze schaffen ass ganz lëschteg!

Am Bësch a Gaart ze schaffen an eist Iessen selwer ze preparéieren hunn ech vum Elterenhaus mat iwwerholl a versichen och dat eise Kanner weider ze vermëttelen.

Da wollt ech nach deenen déi een Haus plangen un d’Häerz leeën fir nohalteg ze bauen, dat heescht sou gutt wéi méiglech regionaalt Material notzen an net all Trend menge mussen ze follegen. A firwat och net eng Kéier selwer Hand uleeë a sech knaschteg maachen?

Flore Reding

Lotty Welfring vu NidderpallenAn der Regioun kaafen a verkaafen!

D’Lotty Welfring huet 1996 d‘Épicerie zu Réiden iwwerholl, déi zënter deem „Réidener Spënnchen“ heescht. D’Lotty huet sech op regional, bio a Fair-Trade Produkter spezialiséiert. Hei fannt Dir all Produkter aus eisem Eck: Quetschekraut aus dem Atert Lycée, Gebeess vun de Biekerecher Autisten, Eeër vum Iewelenger Kleer, Téi vum Séi, Leindotter-Ueleg vun Osper, Kropemannsdrëpp a villes méi. Sai Fair-Trade Kaffi, deen zu Lëtzebuerg geréischtert ass, ass wäit iwwer d’Grenzen vun eisem Kanton bekannt.

Lotty, firwat regional Produkter?

Wa mir scho net eis eege Produkter wertschätzen, ween dann? A wa keen eis regional Produkter keeft, gi se verluer an da verléiere mer an engems ee Stéck vun eiser Kultur, wat a mengen Aen immens Schued wier. Ech sinn der Meenung, dass mir zu Lëtzebuerg sollen de lëtzebuerger Produkten a Servicer Prioritéit ginn, a nëmme sollen auslännescher kafe wann et keng lëtzebuerger ginn.

D’Iddi hannert dem Beki, deen ech nach ëmmer ënnerstëtzt hunn, ass di selwecht: eis Regioun mat hiren Produzenten a Geschäfter stäerken a sou Aarbechtsplazen hei behalen. Sou si mer manner ufälleg fir Krisen an Chômage.

Ech verkafe regional Produkter, well ech gesinn dat Ganzt als ee Kreeslaf vu Gin a Kréien. Als Beispill: de Produzent ënnerstëtzt mech an deem hee bei mech akafe kennt an ech ënnerstëtzen den Produzent an deem ech seng Produkter verkafen.

Mat regionale Produkter vermeide mer natierlech och vill Transport an CO2-Emissiounen a mir ënnerstëtzen héichwäerteg Produkter, déi meeschtens op enger méi nohalteger Hirstellung baséieren wéi wäit importéierter.

Firwat si Geschäfter an engem Duerf wichteg?

An eiser klenger Geschäftsstrooss kritt een alles an ech sëtze mech all Daach dofir an dass dat sou bleift. Vill Awunner aus dem Kanton si frou eng no Aarbechtsplaze hei ze hunn. Di vill Ufroen fir Vakanzen-Aarbechten déi ech all Joer kréien, beweisen, dass och di Jonk frou wieren no vun doheem schaffen ze kënnen.

Profitéiere mer da net all dervun, wann eis Geschäftsstrooss hei zu Réiden lieweg bleift? A fir dass mer déi um Liewe behale, brauche mer eng gewësse Vilfalt vu Geschäfter a Servicer. Ech mengen di mannst vun eis hunn d’Loscht an d‘Zäit fir all kleng Kommissioun beim Bäcker oder op der Bank mussen den Auto unzespaanen fir op Miersch oder an d’Pommerlach ze fueren.

Vill vu menge Cliente schätzen all des Offeren beieneen ze hunn, net brauche wäit ze fueren an perséinlech servéiert ze ginn. A mengen An mécht akafe just da freet, wann een dat Nëtzlecht mat eppes Schéines verbënnt, wéi wier et d ‘Kommissiounen mat engem gudde Kaffi an engem flotte Gespréich ofzeschléissen?

Wat ass Däi Message un d’Lieser?

Ech wënschen mir, dass d’Awunner aus dem Kanton och weiderhin eis kleng Geschäftsstrooss schätzen! Zënter iwwer 100 Joer, schléit hei d ‘Häerz vu Réiden, hei trefft een sech an tauscht sech aus, an natierlech kann een all seng Akeef hei erleedegen.

De Moment stinn e puer Geschäfter eidel, dowéinst wëll ech een Opruff man: ob Jonk oder manner Jonk, traut Iech ee Commerce unzefänken an sou dozou bäizedroen dass d ‘Häerz vun eisem Duerf nach laang wäert weiderschloen.

Lotty Welfring vu Nidderpallen

Vroni Fischbach-Schmid vu Réiden:  Beem uplanzen fir den Tropesche Regenwald

D’Vroni ass Presidentin vu der a.s.b.l. Rainforest Luxembourg an engagéiert sech zënter Joren fir de Regenwald a Costa Rica. De Projet vun senger Associatioun huet dräi verschidde Standbeen: de Klimaschutz & CO2-Neutralisatioun duerch d’Uplanze vu Beem, den Erhal vun der Biodiversitéit an der Fauna & Flora esou wéi d’Schafe vun Aarbechtsplazen & d’Bildung vun der lokaler Bevëlkerung.

Vroni, wouranner besteet Däi Projet genau?

Mir sinn am gaang ee Bësch-Korridor zwëschen dem Nationalpark Piedras Blancas an engem aner Regenwald (Fila Cal) am Südwesten vu Costa Rica unzeplanzen. Den Terrain gehéiert der Tropenstatioun vu La Gamba, déi eise lokalen Partner ass. Mir planzen een Sekundärwald un, dat heescht ee Bësch dee genau d ‘Eegeschaften vun engem Urwald huet,  mee eben ugeplanzt ass. Mir wëllen di selwecht Biodiversitéit wéi an engem natierlechen Regenwald, dowéinst planze mir 100 verschidden Bam-Aarten un.  Et ass impressionant wéi séier sech Déieren an eisem neie Bësch usidelen. Virum Projet, gouf et just nach zerstéierte Buedem duerch intensiv Véi-Beweidung. Elo wimmelt et nëmme sou vu lauter Papageien, Fräschen, Afen, Päiperleken, Schlaangen, Raupen, Käferen,…

 Wéi gesot, schafft Rainforest Luxembourg ganz enk zesummen mat der Tropenstatioun vu La Gamba, déi eng Ausse-Statioun vun der Uni Wien ass. Hei sinn ongeféier 8 lokal Awunner fest agestallt déi ënnert der Leedung vun engem Agrar-Ingenieur aus Costa Rica Beem uplanzen. Während den éischten 3 Joer heegt a fleegt eist Team intensiv di jonk Beem, duerno kommen se alleng zu recht.

Wéivill CO2 hëllt ee Bam a sengem Liewen op?

Ee Bam aus dem tropeschen Regenwald bënnt während e wiisst 500 kg CO2, also eng Hallef Tonn. Ee Lëtzebuerger produzéiert ronn 20 Tonnen CO2 pro Joer. Dat heescht fir den CO2 vun engem Lëtzebuerger ze neutraliséieren missten all Joer 40 nei Beem ugeplanzt ginn.

Bei Rainforest Luxembourg kann ee Pätter oder Giedel vun engem neie Bam am Regenwald ginn. D’Uplanzen an d’Grousszéien vun engem Bam kaschten ronn 18€. Well d’Naturschutz-Gesetz a Costa Rica sou streng ass, sinn eis Beem a sécheren Hänn. Et däerf nämlech kee Bam an engem Naturpark emgehäit ginn.

An den Tropen dauert d’Vegetatiounsperiod 12 Méint, a net wéi bei eis just 6 Méint. Dat heescht d’Beem an den Tropen wuessen vill méi séier, a bannen dann natierlech vill méi CO2.

Wat wor Deng Motivatioun hannert dësem Projet?

Vrun e puer Joer, hunn ech de Projet eng Kéier a Costa Rica besicht a wor direkt begeeschtert: super Abannen vun den Eenheemeschen, perfekt Organisatioun, groussen Impakt mat wéineg Mëttel, spannend Fuerschungsaarbecht… D’Tropenstatioun vu La Gamba gëtt nieft Rainforest Luxembourg, och schonn zënter iwwer 20 Joer vun der Universitéit Wien wëssenschaftlech a finanziell ënnerstëtzt. De Projet fonctionnéiert einfach immens gutt, dat huet mech iwwerzeegt fir mech z‘engagéieren.

Mir Lëtzebuerger hunn ee ganz opwennege Liewensstil, deen un eng héich CO2-Produktioun gebonnen ass. Dat soll kee Reproche sinn, mee ass eng Tatsaach. Jo, wann jiddereen vun eis géing seng 40 Beem am Joer planzen, kinnten eis Kanner an eis Enkelkanner op engem ökologesch relativ intakte Planéit liewen. Sou iwwergi mir hinnen een Dreckstipp, dofir awer mat engem Spuerbuch an Zënsen!

Wat ass Däi Message un d’Lieser?

Schlecht Gewëssen mécht nëmme Falen, gréng Longen planzen, gëtt Aarbecht, kill Temperaturen a frësch Loft… och fir d’Gehir! A wann dat net soll „nohalteg“ sinn?

Méi Info? Rainforest.lu – Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!  - Vroni Fischbach- Schmid Tel: 23 620 450

Vroni Fischbach-Schmid vu RéidenBeem uplanzen fir den tropesche Regenwald

 

Betty a Manfred Heimermann – Wio mam Eric vun Nidderpallen: Firwat do hetzen a beliichte wou mir net sinn?

D’Famill Heimermann vu Nidderpallen hëtzt haaptsächlech mat Holz an der Sonn, produzéiert de Gros vun hirem eegene Stroum selwer a passt ëmmer gutt op dass keng Energie verbëtzt gëtt. Iwwer di leschte Joren hu si vill kleng Moossnamen ëmgesat fir d’Wiermt am Haus ze behalen a genéissen hiert Doheem zënter deem nach méi.

Wéi hëtzt Dir äert Haus?

Mir hunn zwee Specksteeniewen: een an der Stuff, deen all Dag am Wanter un ass an een am Gank, dee just un ass wann et richteg kal gëtt. Eist Waasser maache mir mat enger thermescher Solaranlag waarm. Mir hunn och eng Masuttsheizung am Keller als Ënnerstëtzung fir d’Hëtze vun eisem Buedzëmmer, dem Eric sengem Zëmmer an eiser Kichen. Eis Masuttsheizung brauche mir awer wéineg, mir dréinen d‘Heizkierper ni voll op an hëtzen just wa mir grad am Raum sinn.

Vun Abrëll bis Oktober maache mir eis Heizung ganz aus, da geet eis thermesch Solaranlag duer fir d’Waarmwaasser ze produzéieren. Eist Haus ass nämlech ideal no Süden orientéiert. Dowéinst hu mir och zousätzlech nach eng Photovoltaik-Anlag (3,8 kWp) installéiere gelooss. Déi deckt ronn 75% vun eisem Stroumverbrauch. De Manfred schreift d’Produktioun vun eiser Anlag all Woch genau op.

Wat wor är Motivatioun fir op erneierbar Energien ze wiesselen an äert Haus z‘isoléieren?

Bei guddem Wieder gesäit een d’Killtierm vu Cattenom op eiser Terrasse, dat mécht eis scho bësse nervös. Fir dass keng weider Atomzentrale méi gebraucht ginn, wore mir entschloss eise Beitrag dozou ze leeschten. Mir hunn eis d’Fro gestallt, wat mir als Famill konkret kenne maachen. Wann ee sech e bësse Gedanke mécht, fënnt ee séier vill Méiglechkeeten.

Eisen Energieverbrauch am Haus ass iwwer all di Joren erofgaang. Besonnesch hu mir et gemierkt, no eise neie Fënsteren. Säitdem ass et och vill méi agréabel am Haus ginn, well et net méi dauernd ranzitt. Par contre, musse mer lo méi regelméisseg lëften, well eist Haus lo wierklech dicht ass! Dat maache mir och all Daach ee- bis zweemol, fir d’éischt kontrolléiere mer ob d’Heizkierperen all aus sinn an da ginn d’Fënsteren grouss opgemaach während 15 Minutten.

Wat och vill ausgemaach huet, ass d’Isolatioun vum Daach a vum Plafong vun eiser Garage. Wann et kal dobaussen ass, maache mer owes d ‘Rolllueden an de gehëtzten Zëmmeren rof fir dass keng Wiermt verluer geet.

Wat ass äre Message fir d’Lieser?

Firwat muss een do hëtzen a beliichten wou een net ass? Muss d’Heizung wierklech u sinn wa mer grouss lëften? Wa mir géint Atomkraaft sinn an eis Ëmwelt wëllen erhalen, muss all Mënsch ee Bäitrag leeschten, soss geet et net.

Et deet eis sécherlech net wéi, wa mer e bëssen am Alldag op d’Energie oppassen! An dem Portemonnaie deet et bestëmmt och net wéi!

Marco Reiser vu Réiden: Nohalteg Bauen mat Betriber aus der Regioun!

De Marco Reiser ass de Gérant vun der Firma Reiser Constructions, déi hien mat sengem Associé Patrick Morais Da Cunha a senger Fra Marie-Paule leet, si beschäftegen 15 Salariéen. Seng Firma huet sech op d ‘nohaltegt Bauen spezialiséiert. De Marco ass och nach President vum CLIMEEC, eng Grupp vun Handwierks-Betriber aus der Regioun.

Är Firma ass eng vun deene beschte Firmen am Beräich nohaltegt Bauen am Land. Wat heescht „nohaltegt Bauen“ konkret?

Iwwer di leschten 15 Joer hu mir eng grouss Expertise am Beräich Niddereg-Energie / Passiv-Haiser an energetesch Sanéierungen u gesammelt. Ech hu vill Formatiounen a Séminairen am Beräich vum nohaltege Bauen an ökologesch Baustoffer besicht a versichen meng Erfahrungen an all Projet anzebréngen.

Fir d’Transportweeër sou kleng wéi méiglech ze halen, kafe mir eis Baustoffer an der Regioun. Sou spuere mir CO2 an, well vill Kilometeren vermidde ginn.

Eise ganze Stroum kafe mir bei EIDA an hetzen de ganze Site mat Offallholz vu Chantieren. Zousätzlech hu mir nach eng Reewaasser-Anlag installéiert a mir si Partner beim BEKI.

Bauen zu Lëtzebuerg ass de Moment immens deier. Wéi iwwerzeegt Dir är Clienten dass nohalteg Bauen, trotz méi héijem Präis, Sënn mécht?

Mir versichen eis Clienten ze sensibiliséieren, dass mer mat nohaltege Baustoffer den Impakt op eis Äerd reduzéiert a mer sou eise Planéit fir zukënfteg Generatiounen besser erhalen.

Well d’Masuttpräisser leider de Moment sou niddereg sinn, kenne mir net mam Finanziellen argumentéieren. Oft verzichten Clienten léiwer op ökologescht Material wéi op 10m2 Wunnfläch. Beim Präis vun de konventionelle Materialien sinn awer d’Folgekäschte net mat dran, déi vu der Allgemengheet musse gedroe ginn, wéi zB d’Entsuergungskäschten an d’Verschwannen vun begrenzte Rohstoffen. Zousätzlech erkläre mir eise Clienten dass ökologescht Baustoffer och keng Schadstoffen ofginn an dowéinst besser fir eis Gesondheet sinn.

Kann Dir eis kuerz erklären wat de CLIMEEC mécht?

De CLIMEEC ass 2011 lancéiert ginn a regroupéiert eng 18 Handwierksbetriber aus der Regioun déi no strikte Qualitéitscritèren zesummen schaffen. Wann Dir ee Projet vun engem Neibau oder enger Sanéierung wëllt ugoen, bekëmmeren mir eis em alles, vun der Planung, iwwer d ‘Subsiden, d’Koordinatioun vum Chantier mat de verschiddene Handwierker bis zur Receptioun vum Haus.

De Client briecht sech also em näischt ze bekëmmeren. Mir schaffen souwuel mat Gemengen, wéi och mat Privatleit.

Firwat ass et wichteg dass mir alleguer regional Betriber ënnerstëtzen ?

Wann Dir mat de Betriber aus der Regioun schafft, da bleift de Mehrwäert an d’Suen an der Regioun. Sou bleiwen dann och d‘Aarbechtsplazen garantéiert. Mat regionalen Aarbechtsplazen, bleiwen d‘Aarbechtsweeër kuerz a mir verhënneren nach méi Verkéiers-Chaos em d'Stad. An zu gudder lescht behalen mir eng héich Liewensqualitéit an der Regioun a brauchen net fir all Klengegkeet an Däitschland oder soss enzwousch ze fueren.

Wat ass äre Message un d‘Lieser ?

De Bausektor huet ee ganz groussen Impakt op eis Ëmwelt, nohaltegt Bauen kann dësem negativen Impakt sécherlech entgéint wierken.

Ob Gemengen, Privatleit oder Déngschtleeschter, komm mir ënnerstëtzen eis géigesäiteg a stäerken sou eis Regioun!

 

Méi Info?        Marco Reiser - Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!     reico.lu       Tel. 23 62 08 90 Réiden

CLIMEEC         - Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!   climeec.lu   Tel. 26 88 18 55   Biekerech

Marco Reiser vu Réiden

De Charel an d’Mireille Goedert-Disiviscour mam Tom a Charel vun Osper: T’Charly’s Oil: Wien gutt schmiert, dien gutt fiert!

D’Famill Goedert-Disiviscour ass mat hiren 65 Zuchtsei deen eenzege Schwäin-Bioziichter vun dëser Gréisst zu Lëtzebuerg. Nieft de Schwäin huet d’Famill Goedert och nach eng 40 Angus-Ranner. Lues a lues fiert si awer mat der Déieren-Haltung zréck fir sech méi op d’Produktioun vun Ueleg ze konzentréieren.

Iwwer di leschten 8 Joer huet sech d’Famille Goedert nämlech op héichwäertegen Bio-Ueleg spezialiséiert. De Leindotter an d’Mariendistelen heifir ginn zu Osper ugeplanzt. Méi lokal geet et net! Fir des innovativ Iddi ass de Charel 2009 mam Bio-Agrarpräiss ausgezeechent ginn.

Firwat sidd Dir Biobauer ginn?

Ech ka mech nach erënneren wéi mäi Papp mam Striegel gefuer ass. Wéi d’Sprëtzmëttel opkomm sinn, hu se all gemengt: dat do ass fein Saach, elo sprëtze mer e puer Joer an da kennt ni méi Onkraut. De Géigendeel ass geschitt: Onkraut vergeet net! Am Biolandbau schwätze mer vun “Beikraut” amplaz vun “Onkraut”. All Planz huet hier Berechtegung! D‘Konscht ass just se an engem vertrietbaren Moos zur Kulturplanz ze halen, also dass se notzen ouni ze schueden.

Wéi mir de Bauerenhaff iwwerholl hunn, wollt ech op kee Fall mat Sprëtzen ufänken. Di Mëttelen si richteg schiedlech, si sinn am Fong fir d’Rüstungsindustrie am Krich entwéckelt ginn.

Och wann ee sech Bio net ëmmer ka leeschten, fanne mir, dass et fir d‘Grondnahrungsmëttel trotzdem wichteg ass op Bio zréckzegräifen wéi zB fir d‘Gromperen, de Poulet, d‘Eeër, asw.

Ech sinn och ee groussen Aktivist géint Genmanipulatioun. Genmanipuléiert Planze gi sou geziicht, dass se géint d’Sprëtzmëttel resistent sinn, de ganze Rescht geet awer futti duerch d’Sprëtzen. D’Analyse vun der Schiedlechkeet vun de Sprëtzmëttel wéi de Round-Up gi meeschtens vu Chemie-Konzerner gemaach, sinn also net objektiv. Mir sinn am gaang enorm vill Som-Zorten ze verléieren a vill Baueren gi komplett ofhängeg vu groussen Konzerner wéi Monsanto déi de Som an d’Sprëtzmëttel verkafen.

Wou kritt een är Produkter ze kafen, souwuel äert Fleesch wéi och är Uelegen?

Lëtzebuerg ass mat dat räichste Land vun der Welt, mee mir hu kee wierkleche Maart fir biologescht Fleesch. Et ginn ausser de Metzlereien Niessen, Quintus a Naturata keng Strukturen, keng Abnehmer a keng Point de Venten. Dowéinst exportéiere mir ronn 95% an d’Belsch. Mir maachen 3mol am Joer eng Fleesch-Tour, wou mir eist preparéiert an etiquetéiert Bio-Fleesch bei d’Leit heemliwweren. Bei Interesse kennt Dir Iech bei eis mellen.

Eisen Ueleg kann Dir a ville Biobutteker (Naturata,…) kafen, an der Réidener Spënnchen, beim Metzler Mathieu, um Kropemannsfest, am APEM Buttek zu Betteng,… a natierlech bei eis zu Osper! Mir bidden och flott Kados-Këschten mat eisen zwou Ueleg-Zorten un.

 Wéi sidd Dir op d’Iddi komm fir sou extra Uelegen ze produzéieren?

De Claude Neuberg, eise Landwirtschaftsberoder, huet eis d’Iddi ginn. Mir haten Leindotter als Wuess-Stütz ënner d’Ietsen geséint an donieft een Deel puren Leindotter. De Claude huet gemengt et wier ze Schued fir de Leindotter ze dreschen, dee misst onbedengt gepresst ginn!

Duerno hu mer och mat Mariendistelen experimentéiert, dee guer net einfach ass unzebauen. Gott sei Dank huet geklappt! Mariendistel huet eng grouss entgëftent Wierkung.

 Wat ass äre Message un d’Lieser vun der Synergie?

Ech verstinn net firwat eis Ministeren eis virgaukelen mir bräichten ee Wiertschaftswuesstem. Wuesstem geet ëmmer op d’Käschte vun engem aner: wann ee méi grouss gëtt, geet ee méi klenge futti. Eis Wiertschaft misst kenne mat 0% Wuesstem fonctionnéieren. Wa mir dat net hi kréien, da mécht d‘Mënschheet sech iergendwann selwer drop.

Eis Devise ass deelen, deelen, deelen! Eise Wuesstem geet op d’Käschte vun den Entwécklungslänner an vun der Natur. An dat alles fänke mer elo un ze spieren!

Méi Info? Famille Goedert, 12B rue Principale L- 8540 Osper Tel. 23 62 07 29

Charel Goedert

Patrice Verscheure vu Réiden: Zäit ass fir mech méi wäertvoll wéi materiell Saachen

Am Kader vu senger Aarbecht organiséiert d’Patrice regelméisseg Kraiderwanderungen a Workshopen fir d’Bierger aus der Regioun, wou ee léiert mat natierleche Materialien, déi ee bei eis an der Natur fënnt, Produkter hierzestellen.

D’Patrice versicht bei allem wat hatt mécht den Impakt op eis Ëmwelt mat ze berücksichtegen. Dowéinst wunnt hatt no bei senger Aarbecht, a ka sou ze fouss op de Büro goen. Fir op Terminer an d‘Stad oder fir an d ‘Vakanz ze fueren, ass de Bus & Zuch ëmmer seng 1. Prioritéit.

Patrice, wat ass Deng Liewensphilosophie?

Ech versiche esou ze liewen, dass mäin Handelen a Wierken am Aklang mat de Prinzipien vun eiser Äerd sinn. Dat wat ech man, reflektéiert een déiwe Respekt an eng grouss Léift fir dëse Planéit. Ech kucke wéi d’Natur fonctionnéiert a versiche mech dorunner ze orientéieren: d’Natur produzéiert a konsomméiert en Masse, mee alles ass Deel vun engem Kreeslaf. All Output gëtt ëmmer rëm als Input fir ee neit Liewen benotzt. Et gëtt also keen Offall, well alles Bestanddeel vum Kreeslaf ass. Et gëtt och keen Schädling. D’Natur fonctionnéiert an engem Gläichgewiicht vun Op- an Ofbau an ech wëll een Deel vun dësem Kreeslaf sinn.

De Mënsch huet eng Zort Parallelwelt nieft der natierlecher Welt geschafen. Mir maachen d’Sonn no mat der Atomkraaft, konzipéieren nei Planzen duerch Genmanipulatioun, ersetzen Planze-Wierkstoffer duerch Chemikalien an leeën dat mënschlecht Bedierfnis no Kontakt a Verbindung an eng virtuell Welt. Dës Parallelwelt huet de Nodeel, dat si net am Gläichgewiicht ass. Si ass stänneg op nei Ressourcen ugewisen an hir Produkter notzen just dem Mënsch an dono kengem méi. De Kreeslaf ass domat ënnerbrach. Et entstinn Sakgaassen. Et entsteet Offall.

Wéi setz Du Deng Liewensphilosophie an der Praxis ëm?

Ech wunnen an engem Studio zu Réiden no bei menger Aarbecht. Vill Wunnraum brauch ech net, well ech sammelen net vill Saachen un. Ech dreemen allerdéngs dervunner eng Kéier an engem klengen Haus ze wunnen mat Gaart an Atelier, wat nëmmen aus Natur-Materialie gebaut ass a wat herno och rëm an den natierlechen Kreeslaf zréckgeet.

Akafe ginn ech zu Réiden an Ëmgéigend a wiele wann et geet regional an biologesch Produkter. Wann ech eng nei Investitioun maachen, dann wielen ech wa méiglech ee Produkt dat energiespuerend fonctionnéiert an ëmweltgerecht produzéiert gouf. Ee Produkt ass fir mech méi wéi de Präis an d‘Ausgesinn.

Wat ass Däi Message un d’Lieser?

Wa mir eis eiser Verbindung zur Natur méi bewosst ginn, dann liewe mir méi am Fridden. D’Natur ass da net méi eise Feind, géint dee mir eis ëmmer rëm musse schützen, mee ee Frënd, mat deem et Freed mécht zesummen ze liewen.

Patrice Verscheure