Raoul Heusbourg vu Sëll: Back to the roots mat Permakultur

Opgewuess während enger Zäit vu Globaliséierung, Klimawandel a mënschlechem Ecocide, huet de Raoul sech viru 7 Joer op de Wee gemaach fir a verschiddenen Entwécklungslänner ze versichen ee positiven Impakt ze maachen. Gläichzäiteg huet hien alternativ Liewensweise kenne geleiert. No Jore voller Reesen, Bäiléieren an Introspectioun well hie lo mat der Hëllef vun der Permakultur hei am Land säin Zeeche setzen.

Wéi ass et dozou komm, dass mir lo hei am Bauerenhaff vun Denge Grousseltere stinn? 

Eise Gesellschaftssystem ass esou ausgeriicht, dass mir laang an d’Schoul musse goe fir herno méiglechst vill ze verdéngen an eis Iessen akafe mussen. Mir gesinn eis Natur als Ressource un, déi mir vollkommen ausbeute kennen, ouni iergendwann eppes mussen zréck ze ginn. Déi Mentalitéit huet mech scho ganz fréi irritéiert an ech hunn ugefaang no Liewensweisen ze sichen, déi méi respektvoll mat der Natur ëmginn.

Ufanks 20 sinn ech während Joren duerch d’Welt gereest. Ech hunn ënner anerem, op ekologesch bewirtschaftete Bauerenhäff “gewooft” (méi Info: wwoof.net) a si mat der Permakultur a Kontakt komm. D’Permakultur hat een immensen Impakt op mech an huet mech och gläichzäiteg u meng Kandheet erënnert, wéi ech menge Grousselteren um Haff gehollef hunn. Zënter ech zréck zu Lëtzebuerg sinn, versichen ech, mat der Hëllef vu menger ganzer Famill, dem Haff nees neit Liewen anzehauchen.

Wat ass Permakultur?

Permakultur ass eng Ofkierzung fir 'Permanent Agrikultur' a schafft just mat den Elementer aus der Natur. D’Ziel ass dat vollt Potential vun all Plaz op der Welt kënnen ze erkennen a just mat deem ze schaffe wat d’Natur engem op der Plaz bidd, ouni brauchen op Sprëtzmëttelen, chemeschen Dünger, iwwerméisseg Energie-Ressourcen a wäiten Transport zréck ze gräifen.

Mir brauchen eng ganz nei Approche an eiser Liewensmëttelproduktioun, déi op Respekt a Wäert-Schätzung vun eiser Äerd baséiert. D’Permakultur erméiglecht eis zerstéierte Buedem ze regeneréieren an ee fruchtbaren, resilienten a nohaltege Produktiounssystem opzebauen.

Wéi wëlls Du dat lo ëmsetzen?

2016 ass d‘Joer vun den Experimenter, dësen Haff spruddelt nëmme vu Potential. Am Moment konzentréieren ech mech op de Gaart an d‘Produktioun vu gesondem Buedem, nieft aner méi klenge Projeten.
Et ass mir einfach wichteg dat traditionellt Wëssen iwwert Uplanzen, mat deem neie Wëssen aus der Permakultur ze verbannen an dat de Mënsche méi no ze bréngen.

Wat ass Däi Message un d’Lieser?

Wann‘s Du wëlls Deel vun dëser aktueller globaler ekologescher Transitioun sinn, da looss Dech vu näischt a kengem zréckhalen! An de Bicher an um Internet ass all Informatioun heizou fräi zougänglech. Maach just dat wouvun Du iwwerzeegt bass!

An der Permakultur, gëtt et fir all Problem eng ganz einfach Äntwert. Mat opwennegen, deieren high-tech Erfindunge léise mer menger Meenung no d’Problemer vun der Welt net, d’Léisung läit an der Erkenntnis an am Verstoe vun der Natur sou wei an eiser Verbindung zur Natur.

Fir méi Info kontaktéiert mech:  Raoul Heusbourg vu Sëll   Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

Raoul Heusbourg vu Sëll

Jean-Paul Mousel: De gréisste Stroum-Produzent an der Gemeng

De Jean-Paul Mousel huet e landwirtschaftleche Betrib zu Kaalmes mat Mëllech-Kéi. 2013 huet de Jean-Paul 2 Photovoltaik-Anlage vun insgesamt 158 kWp installéiere gelooss.

Wéi ass et dozou komm, dass Du de gréisste Stroumproduzent aus der Sëller Gemeng gi bass?

Ech dreemen zënter laangem vun enger Wandmillen op der Kaalmeser Kopp. Well et awer immens komplizéiert ass sou eppes zu Lëtzebuerg genehmegt ze kréien, hunn ech no enger Alternativ gesicht fir meng eegen Energie ze produzéieren. A sou sinn ech op d‘Sonnenenergie an d’Photovoltaik komm. Ech hätt och gären nach méi Solar-Moduler geluecht, mee leider ass de Moment keng Plaz méi am Kaalmeser Stroum-Nëtz.

Wann d‘Anlag regelméisseg gebotzt gëtt, produzéiert se genau dat, wat bei der Planung berechent gouf. Si produzéiert dräimol méi wéi mir an eisen zwee Haushälter an am Betrib verbrauchen a spuert pro Joer 33 Tonne CO2 an (mam aktuelle lëtzebuerger Stroum Mix berechent). Dat ass sou vill wéi 3,2 Hektar Bësch pro Joer un CO2 ophuelen.

Hues Du soss nach Projeten am Beräich vum Klimaschutz fir di nächst Joren?

Mir sinn derbäi eng Holzhackschnëtzel-Anlag ze plangen, déi iwwert ee klengt Wärmenetz 4 Haiser an de Betrib hëtze wäert. Da gëtt eis CO2-Bilanz nach eng Kéier ee gutt Stéck verbessert!

Vläit kenne mer och iergendwann awer nach weider Solar-Zelle leeën, wann d‘Kapazitéit hei am Nëtz sollt erhéicht ginn. An ech dreemen nach ëmmer weider vu menger Wandmillen!

Mir wëllen eis och weiderhin un de Renaturéierungs-Projete vu Baachen a Beemplanz-Aktioune vu SICONA bedeelegen. Sou schafe mir nach weider Liewensraim fir de Steekauz, deem seng Verbreedung di leschte Jorzéngte staark zréckgaang ass. Dank dësen Aktiounen, ass de Steekauz zënter e puer Joer rëm zu Kaalmes doheem.

Wat ass Däi Message un d’Lieser?

Mat erneierbaren Energie kann ee sécherlech gutt säi Bäitrag zum Klimaschutz bäidroen. De Moment awer waarde mer ongedëlleg un dee scho laang versprachenen Uschloss vu Kaalmes un d’Kläranlag. Eng uerdnungsgemäss Ofwaasserentsuergung ass jo awer och dout wichteg fir den Ëmweltschutz...

Ech hoffen, dass dësen Uschloss viru menger Wandmillen ageweit gëtt!

Jean-Paul Mousel vu Kaalmes Photovoltaïque Anlag zu Kaalmes

Lena mam Corinne Wagner & Olivier Stéphane vu Sëll: Ech ginn ze Fouss oder mat der Trotti an d’Schoul!

D‘Lena geet oder rullt all Dag mat sengem Papp Olivier oder senger Mamm Corinne an d’Schoul. Si wunne 500 Meter wäit wech vun der Sëller Schoul, wou d‘Lena an d‘Spillschoul geet.

Haut ginn ëmmer méi Kanner mam Auto bei de Busarrêt oder an d’Schoul gefouert. Firwat haalt Dir weiderhin drop, dass d’Lena ze Fouss an d’Schoul geet?

Et deet einfach gutt moies um Wee fir an d’Schoul frësch Loft ze schnapen an e bëssen dobaussen ze sinn als Iwwergaang zwëschen der Schoul an doheem. Wann ee mam Auto bis bei d’Schoul gefouert gëtt, ass dat net de Fall. Mir fannen et interessant de Wiessel vun de Saisone matzëerliewen. Lo am Fréijoer héiert een d‘Villercher sangen, am Hierscht spille mer mat de Blieder déi eroffalen, am Wanter stampfe mer duerch de Schnéi.... Dat alles ass méi flott wéi Autofueren!

Natierlech muss ee sech e bëssen Zäit huelen, et sëtzt een oft méi séier am Auto wéi ee kucke kann! Mee di wéineg Zäit, di ee mam Auto gewënnt, mécht all di aner Virdeeler vum ze Fouss goen net wett: eng besser Gesondheet an ee méi héicht Wuelbefannen, eng Connectioun zu sengem Ëmfeld, méi sozial Kontakter,...

Wat mengt Dir sinn d‘Ursaachen, dass net méi Kanner ze Fouss an d‘Schoul ginn?

Engersäits ass et sécherlech aus zäitleche Grënn, vill Eltere setzen hier Kanner um Wee fir op d‘Aarbecht bei der Schoul of. Anerersäits ass et bestëmmt och duerch de steigende Verkéier an di vill Autoen, Trakteren an Camione bedéngt, déi ze séier duerch eis Dierfer fueren. Dat bréngt mat sech, dass et vill méi geféierlech fir d'Kanner um Trottoir ginn ass. D'Eltere bréngen dann ebe léiwer hir Kanner mam Auto an d'Schoul, wéi dass se hir Kanner selwer ze Fouss an d'Schoul goe loossen.

Eng 3. Ursaach ass vläicht déi, dass et einfach eng Saach vun der Gewunnecht ass. Et ass méi praktesch a méi kammoud mam Auto ze fueren, ënnert dem Virwand : “O, et reent haut",  oder " Et ass ze kal”... an da sëtzt ee schonn am Auto!

Wat sinn an ären An d’Virdeeler fir d’Kanner wann se ze Fouss an d’Schoul ginn?

Et besteet keen Zweiwel, dass ze Fouss goe méi gesond ass wéi Autofueren. Et ass och bewisen, dass ze Fouss goe positiv Auswierkungen op de Kanner hier Perséinlechkeets-Entwécklung a Léier-Fäegkeet huet. 

Fir eis ass d‘Zäit um Schoulwee och ee kuerze Moment, dee mer mam Lena zesumme kenne verbréngen, ouni sech zousätzlech mussen op de Stroosseverkéier ze konzentréieren. Mir kënnen dann iwwer seng Erliefnesser vun der Schoul schwätzen oder einfach drop lass quatschen. Mir huelen eis och Zäit eist Ëmfeld ze kucken,  mir treffe Leit ënnerwee mat deene mir diskutéieren, ... dat mécht alles Spaass.

Wat ass äre Message un d’Lieser ?

Den Trottoir ass fir d‘Foussgänger, d‘Strooss ass fir d‘Autoen! D‘Autosfuerer sollen also esou parken, dass d‘Foussgänger nit mussen an d‘Strooss auswäichen.

D‘Autosfuerer sollen an den Uertschaften de Code de la Route respektéieren (d.h. max. 50km/h) an un d‘Foussgänger denken!

 

 

Claude Wiltgen: Ee Bësch-Gaart zu Schweebech

D‘Famill Wiltgen vu Schweebech huet scho villes an de leschte Joren ëmgesat fir hiren ekologesche Fouss-Ofdrock ze verklengeren: eng Pelletheizung, eng Reewassseranlag, Solarzellen, den 2. Auto verkaf an eng strikt Offall-Trennung um Wunnhaff a Baaltches.

Zënter de Claude d‘Formatioun Permakultur Design bei CELL (Centre for Ecological Learning Luxembourg – www.cell.lu) matgemaach huet, ass hien sou begeeschtert, dass hien direkt ee Bësch-Gaart bei sech doheem geplangt huet an d’lescht Joer ugefangen huet ze realiséieren.

 Wat ass ee Bësch-Gaart ?

 Mat engem Bësch-Gaart versicht een esou gutt wéi méiglech di ideal natierlech Verhältnisser, di an engem Bësch herrschen, ze reproduzéieren, fir méiglechst vill a villfälteg Uebst a Geméis ze ernten, an dat mat méiglechst wéineg Aarbecht!  Well wann ee mat der Natur schafft, mécht si d‘Aarbecht an et brauch een absolut keng chemesch Hëllefsmëttel! 

Ee Bësch-Gaart ass sou opgebaut: et geet u mat klengem Gewächs (Geméisgaart), da komme Straicher (allméiglech Bieren), Mëttelstämm (Quidden, Quetschen, Hielenner,...) an zum Schluss Héichstämm Beem (Biren, Äppel, Quetschen, Nësserten,...).

Et funktionéiert einfach herrlech gutt, scho bei menger éischter Ernt am Geméisgaart d‘lescht Joer hunn ech wahnsinneg Quantitéiten erausgeholl. 

 Firwat huet Dech dëst Konzept iwwerzeegt ?

 Nodeems ech vun engem Kolleg heivunner héieren hat, hunn ech d’lescht Joer um Permakultur Design Cours vu CELL deelgeholl. Dës Astellung huet mech iwwerzeegt, well een hei mat der Natur funktionéiert a well een näischt Kënstleches bäifüge muss.

An Däitschland ginn et grouss Bauerebetriber, déi reng mat Permakultur schaffen an dat wor mir Beweis genuch, dass et di richteg Schinn ass fir eis Liewensmëttel-Produktioun!

 Si Bësch-Gäert Denger Meenung no eng méiglech Léisung fir engersäits eis CO2-Emissiounszieler an anerersäits deem ëmmer méi groussen Drock op eis limitéiert Buedem-Ressourcen entgéint ze kommen?

 Op jiddefall! Mat der Permakultur kann een op enger minimaler Fläch enorm Erträg kréien, dovu kann ee sech bei TERRA um Eecherfeld iwwerzeegen. Natierlech brauch een e gesonde Buedem, dee leider haut zimlech seelen ass. Et muss ee vill kompostéieren an de Buedem just liicht oplockeren an net ëmgruewen, well duerch d’Ëmgruewe  gëtt di ganz Struktur am Buedem op d’Kopp gehäit.

 Wat ass Däi Message un d’Lieser?

 Engagéiert Iech an der Transition-Beweegung a schreift Iech an d’Permakultur Course bei CELL zu Biekerech an! Do léiert Dir nieft der Permakultur och vill ganz intressant Leit kennen. De Film ‘DEMAIN’ weist ganz andrécklech op ekologesch Léisungen hin, di jidderee selwer bei sech ka realiséieren an sou zu engem méi respektvollen Ëmgang mat der Natur ka bäidroen.

 Claude Wiltgen vu Schweebech 

Miranda Welter: Een Haus mat der grénger Hausnummer

Der Miranda Welter ass 2009 di gréng Hausnummer fir hiert ekologescht Haus zu Kapweiler an hir nohalteg Liewensweis unerkannt ginn.

Wat ass di gréng Hausnummer?

Dir kennt äert Haus oder är Wunneng mat der Checklescht “Gréng Hausnummer” selwer testen (http://mouvement.oeko.lu/hausnummer). Wann Dir op d‘mannst 360 vu 600 Ponkten erreecht, gëtt Iech di gréng Hausnummer unerkannt. Obwuel mir an engem alen Haus vu virun 1865 zimlech ofgeleeë leien an dowéinst net all d'Critèrë vun der Lescht erfëllen, hu mir 420 Ponkten.

Hei e puer Beräicher, déi mir zënter 1991 am Laf vu 25 Joer ëmgesat hunn: eng 8 kW PV-Anlag, eng thermesch Solaranlag, e Brennwertgerät, Lehm- a Kallekbotz bannen a baussen, Biedem aus massivem Holz mat Perlite an Holzfaser isoléiert, mir brauche wéineg Stroum (3204 kWh 2014/15) a Waasser (95 m3/2015), a benotze Reewaasser fir d'Toilette an d'Wäschmaschinn. Mir fleegen e grousse Bongert, deen ons vill Uebst liwwert, mat engem Weier, lokalen Hecken an ale Beem, an e Gaart fir kleng faarweg Friichte mat onsem eegene Kompost. Ons Mataarbechter sinn de Mupp, d‘Kaazen, d’Kanéngercher, d‘Hénger an déi zwou Alpaka-Dammen, si lafe frei an droen hiren Deel zur d’Biodiversitéit bäi.

Wat wor är Motivatioun fir no dëse Richtlinnen ze bauen?

Meng Motivatioun fir an Harmonie mat der Natur ze liewen ass scho vill méi al wéi di gréng Hausnummer! Ech krut des Liewensweis souzesoen an d’Wéi geluecht, zënter der Pëtrolskris an de 1970er Jore sinn ech an der Transitioun. Als al Indianerin/Hippie ass mäi Wonsch fir eppes bäizedroen ëmmer present :

“ Ech liewen déi Wäerter, déi ech an der Welt wëll gesinn”.

Wat ech am Liewe man, dréckt dëse Wonsch aus. Ech hoffen, dass ech op mengem Liewenswee e puer Mënschen inspiréiere fir dës Ännerungen och pro aktiv ze gestalten. Et geet net nëmmen drëm fir eiser Äerd manner wéi ze dinn; loosst eis elo esou liewen, dass de mënschlechen Impakt der Äerd gutt deet! Dofir brauche mir eng gemeinsam Visioun! Wéi wëlle mir liewen ?

Dir passt och gutt am Alldag op dass Dir méiglechst wéineg Offall produzéiert. Wéi gi Dir do vir?

Meng 60 L Dreckskëscht gëtt héchstens eemol am Mount eidel gemaach, éischter manner. Alles wat vun de Planze kennt geet hannescht op de Kompost. Do servéiere sech d’Déieren, d'Vullen, d'Mueden an d'Bakterien. Als Veganer produzéiere wéineg Offall a kaafe kee Gedrénks. Alles gëtt sortéiert an di Plastik-Tuten, déi iwwereg bleiwe, ginn an de Recyclingscenter.

Wat ass äre Message un d’Lieser?

Ech wëll d’Lieser encouragéieren, bei sech ze spiere wat se wierklech brauche fir glécklech ze sinn. Wat si meng reell Bedierfnisser a wat brauch ech fir déi ze erfëllen? Dir wäert mierken, dass Dir a Wierklechkeet wéineg braucht, fir zefridden a gesond ze sinn!

Ech wënschen eis all Courage, fir e puer léif Gewunnechten a Fro ze stellen! Dee brauche mer, fir ganz séier a selwer déi Ännerungen ëmzesetzen, déi néideg si fir eis Äerd ze versuergen. Déi Ännerungen, déi eis vu baussen imposéiert ginn, wäerten ons wuel net gefalen!

Miranda Welter vu KapweilerPhotovoltaïque um Daggréng Hausnummer  

Yves & Myriam Conter-Steffen vu Sëll: Mir wëllen d’Bongerten erhalen!

D’Myriam an den Yves Conter-Steffen vu Sëll hunn 2006 de Betrib vum Yves sengen Elteren iwwerholl. Hir alldeeglech Aarbecht versichen si sou gutt wéi méiglech am Aklang mat der Natur ze verriichten. De Betrib besteet nieft der Mëllech- a Fleeschproduktioun och nach aus enger Brennerei, an där d’Uebst vun hiren 280 Uebstbeem zu Branntewäi verschafft gëtt.

Dir hutt nach vill Bongerten. Iwwerall soss am Land ginn d’Bongerten awer ëmmer méi seelen. Firwat?

Eis Äppel-, Biren-, Mirabellen-, Quetschen- a Kiischtebeem gi schonn zënter ville Generatioune gefleegt an ënnerhalen. Et ginn e puer Grënn firwat d’Bongerten awer lues a lues am Land verschwannen:

  1. Den Drock op landwirtschaftlech Fläche gëtt ëmmer méi grouss duerch Bauland, Kompensatiounsmoossnamen, asw. Dofir sinn ëmmer manner Bauere bereet Wise mat Beem ze beplanzen.
  2. Wann de Bongert bis steet, gëtt en als geschützte Biotop klasséiert, et dierf ee kee Bam méi wech man, keng Äscht verbrennen, et kritt ee méi schwéier eng Baugenehmegung op deem Terrain,... dat schreckt af.
  3. D‘Aarbecht, déi een huet fir esou e Bongert ze ënnerhale, steet net an der Relatioun zum Wäert vum Uebst, dat d‘Leit da léiwer bëlleg zu jidder Joreszäit an d‘Geschäfter kafe ginn.

Baueren hunn net ëmmer een einfache Stand an eiser Gesellschaft. Trotz hirem immens wichtege Bäitrag zur Liewensmëttelproduktioun, ginn sinn oft beschëllegt d’Biodiversitéit ze zerstéieren an d‘Drénkwaasser mat Nitrater a Pestiziden ze verschmotzen. Dass dëst ganz oft eng falsch Klischee-Virstellung ass, beweist Dir mat äre villen Ëmwelt-Moossnamen.  

Och wa mir kee Bio-Betrib sinn, wëlle mir eise Beitrag zum Ëmweltschutz leeschten. Dowéinst setze mir villes ëm:

  1. Zu Schweebech hu mer an enger Wiss zesumme mam Fierschter 3 Weiere mat Hecken a Beem ugeluecht. Säitdem huet sech den Heckefresch och rëm ugesidelt an et ass impressionant wéi vill Biodiversitéit bemol hei entstanen ass.
  2. An enger Wiss zu Useldeng, déi direkt un d‘Atert grenzt, clôturéiere mer zënter Joren en Uferrandsträifen. Sou kommen d’Béischten bis Mëtt Juli net méi un d’Waasser an d‘Vigel an d‘Inten kënne sou a Rou bréien.
  3. Eis Mëllechkéi hu während 8 Méint am Joer Dag a Nuecht fräie Weidegang a kënne, wann si wëllen, direkt vum Stall eraus an d'Wiss goen.
  4. Do dernieft hu mir eise Pestiziden-Asaz staark reduzéiert.
  5. Mir ënnerhalen 2,8 km Hecken an hunn eng Holzhackschnëtzel-Anlag, déi 2 Wunnhaiser an de Stall hëtzt. Och d‘Brennerei gëtt mat Stéckholz gehëtzt.
  6. Fir den eegene Verbrauch hu mir ee ganz grousse Gaart mat enger Zär, Hochbeet a Kraider Spiral, wou mir Uebst wéi Äerdbier, Hambier a Kréischelen an all Geméis op biologesch Aart a Weis planzen a séine fir et direkt z’iessen an anzefréieren. Deemno kafe mir bal ni eppes wat mam Fliger importéiert ass.

 Wat ass äre Message un d’Lieser?

Wann ee bei sech ufänkt, seng Gewunnechten am Alldag bëssen ännert, awer och oppasst, wat en ësst a beim Kafen iwwerleet wou dat hir kënnt, ... Mat sou Geste, ka jiddereen säi Bäitrag zum Klimaschutz leeschten.

Myriam an Yves Conter-Steffen vu Sëll

Renée & John Kaufmann - Berens vu Sëll: Sech fir seng Iwwerzeegungen engagéieren

D’Renée an de John vu Sëll engagéiere sech schonn zënter Jore fir hir Gemeng: ugefaang huet et an de 90er Jore mam Duerf-Atelier, dunn ass et mat der Ëmwelt- a Schoulkommissioun a mam BiergerAtelier weidergaang, iert si 2014 Member vum Sëller Klimateam gi sinn.

Firwat ass Iech d‘Engagement an ärer Gemeng sou wichteg?

Et kann ee bei sech doheem versichen eng heele Welt ze schafen, mee mir si jo awer Deel vun enger Gemeng, engem Land, enger Welt, wou mir  ëmmer rëm mat Problemer konfrontéiert ginn. Fir eis geet et drëm mat unzepaken, ze hëllefen, ze handelen. Mir sinn der Meenung, dass d‘Mënschen hier Identitéit net aus sech alleng schafen, mee aus der Begéinung mat aneren, aus der Interaktioun. Bei eisem Engagement, komme mir mat anere Bierger zesumme fir iwwer Problemer ze diskutéieren an sou eppes beweegt ze kréien.

Wat ass är Visioun vun enger liewenswäerter Gemeng?

Fir eis ass eng liewenswäert Gemeng, eng Gemeng mat engem gudde sozialen Zesummenhalt, wou d’Bierger sech treffen a mat bestëmme kennen,  wou et kleng Stroossen, wéineg Autoen, vill Spadséier- a Vëlosweeër ginn a natierlech wou et vill Natur gëtt.

An eisen Aen, mécht de villen Traffik eng Uertschaft dout, d’Leit treffen sech net méi op der Strooss, d’Interaktioun an d’Liewensqualitéit gi verluer, mir falen an eng individualistesch Gesellschaft.

Eng Boule-Plaz op enger zentraler Plaz oder e Gemeinschaftsgaart géing d’Bierger vläit rëm méi zesumme bréngen. De Kontakt, d’Kommunikatioun, den Austausch vun Iddie mussen einfach oprecht erhale bleiwen. Dëst ass am Alldag leider oft schwéier, well mer enzwousch anescht schaffen an eis Verbindung mat eisem Duerf ëmmer méi schwaach gëtt.

Natierlech si Veräiner, Museken an de lokale Commerce och ganz wichteg. Dowéinst hu mir eis immens iwwer di nei Bäckerei gefreet!

Wéi kënne mir des Visioun erreechen?

Amplaz ze kloen, soll een aktiv ginn a sech selwer abréngen! De Kontakt mat anere Bierger sichen, Iddien diskutéieren an handelen!

Genau sou wéi de Charlie Chaplin am Film “The Great Dictator” sot:

“Ihr, das Volk, habt die Macht, das Leben frei und schön zu gestalten – aus diesem Leben ein wundersames Abenteuer werden zu lassen. Lasst uns also – im Namen der Demokratie – diese Macht anwenden – vereinigt euch! Lasst uns kämpfen für eine neue Welt.

Wat ass äre Message un d’Lieser a Politiker?

Mir bezweiwele ganz staark, dass et sou eppes wéi nohaltege Wuesstem gëtt. Loosst eis ophalen eist Land ëmmer weider zou ze bauen an haalt op eis e Wuesstem vun 3-4% Aarbechtsplaze pro Joer als néideg ze verkafen! Kaum ee Mënsch hei am Land wëll an 20 Joer duebel esou vill Aarbechtsplazen hei am Land hunn - wann dat och duebel esouvill Leit, Verkéier, a Wunnengen heescht. Kee Verkéiersproblem a keng Wunnengsnout kennen esou laangfristeg geléist ginn.
Denkt drun, dass mir eist Land, eise Kanner weiderreechen! Loosst eis also sou nohalteg wéi méiglech liewen! 

 

Man & Raoul mam Tun, Jo, Lou a Lili Clausse vu Sëll: “ Unsere kleine Farm...?"

D’Famill Clausse huet net nëmme Schwäin, Hénger an Inten, mee si wunnen an engem vun de wéinegen Haiser an der Gemeng, déi praktesch komplett mat Holziewe gehëtzt ginn.

Wéi kënnt et, dass Dir mat Holz hëtzt?

Enn den 1970er Jore sinn ech eraus aus der Stad geplënnert, fir mäin Dram vum Landliewen ze realiséieren. Ech hunn deemools ugefaang dësen Haff ze renovéieren. Déi al Masuttsheizung ass nach dran, mee well se ni benotzt gëtt, ass se net méi an der Rei. Eisen Haff gëtt nämlech zënter Jore mat zwéin Holziewe gehëtzt, ee steet an der Kichen an een am Wunnzëmmer.

Mir kafe Laangholz vun der Gemeng, dat gëtt da vum Man, Tun an mir geschnidden a gerass fir an eis Iewen. Déi Aarbecht dobaussen an der Natur ass zwar ustrengend, mee dat gefält äis an ass eis Aart a Weis fir « Sport » ze maachen.

D‘Liewe bei äis doheem spillt sech am Wunnzëmmer of, well et hei ëmmer waarm ass, hei gëtt giess, geléiert, geschwat, gelaacht, erzielt, … Am Wanter fannen d’Kanner et moies e bësse schwéier, fir aus dem waarme Bett erauszeklammen. Mir sinn awer dervun iwwerzeegt, dass mir manner oft krank sinn, eise Kierper ass einfach méi robust ouni Heizung!

Wat woren Är Grënn, fir eng kleng “Farm” ze grënnen?

Zum Dram vum Landliewe gehéieren natierlech Déieren! D‘autant plus, wou d’Ställ vum Haff eidel stoungen, huet misse Liewen an dësen Haff erakommen! Ech hu fir d’éischt Schof gehal, duerno sinn déi 2 Haflingerpäerd mat engem Schéiferhond derbäi komm.

Wéi ech 2005 mat der Gemengepolitik ugefaang hunn, hat ech manner Zäit. Lues a lues hu mer d’Schof duerch Schwäin ersat. D’Schwäi brauchen nämlech net esouvill Auslaf.

Eisen Tun huet sech vrun e puer Joer eng 30 Hénger a 4 Inte kaaft, haaptsächlech fir Eeër ze produzéieren. Hien huet eng 7 Clienten am Duerf. Et geet awer net ëmmer duer fir d’Demande ze decken.

Ass et net ze schwéier, besonnesch fir d’Kanner, är Schwäin herno um Teller ze gesinn?

Et kritt een eng aner Bezéiung zu den Déieren, si hunn e ganz schéint Liewe bei äis, gi gutt gefiddert an hannert den Ouere gekraazt, mee den Doud gehéiert zum Liewe vun den Zuuchtdéieren derzou. Mir genéissen a wäertschätzen eist Fleesch.  D’Lili hat am Ufank zwar refuséiert fir d’Fleesch vun eise Schwäin z’iessen, mee herno huet hatt et awer ganz gutt fonnt!

Wat denkt Dir, wat dëst alles de Kanner bréngt?

Ech mengen, dass si eng aner Bezéiung zur Natur a Realitéit kréien. Si gesinn, dass d‘Fleesch net am Supermarché am Cellophan op d‘Welt kënnt. Well eis Masuttsheizung sou gutt wéi ni geet, mierken si séier wéini Wanter a Summer ass. Si realiséieren, dass e waarmt Haus keng Selbstverständlechkeet ass a vill Aarbecht mat sech bréngt.

D’Jo fënnt nach: “Dass et wichteg ass, ze wësse vu wou mäin Iessen hierkënnt. Am McDonalds z.B. huet ee keng blass Ahnung, wat do alles am Fleesch dran ass. D‘Iesse schmaacht einfach besser, wann ech weess, dass meng Famill vill Aarbecht dra gestach huet.”

Wat ass Äre Message un d’Lieser?

Kommt mir versichen, äis de Realitéite vum Liewe méi bewosst ze sinn! D‘Schaffen a Wibbelen, sech engagéieren, dat kann dem Liewen e Sënn ginn! Wéi sot de Voltaire: “Il faut cultiver notre jardin.”

Fotoen: Michi Scheitler, Sëll

Famill Clausse vu Sëll Famill Clausse vu Sëll Famill Clausse vu Sëll