Déi nei Diskussiouns-Owender am Réidener Kanton

 

Wéini: 28. November 2019 um 19.30 - 21.30

Wou: am Bistrot vum Centre Culturel "Op der Fabrik"  3, Al Strooss Platen

Diskutéieren, argumentéieren a sachlech streiden! Dat ass e wichtege Bestanddeel vun der Demokratie. Sharen, liken a commentéieren ass einfach, awer wierklech mateneen konstruktiv diskutéieren, manner.


Eis haiteg Gesellschaft huet d’Tendenz ëmmer méi ze polariséieren an auserneen ze driften. Déi verschidde Gruppe bléiwen ënner sech, an dat féiert gären zu Ofspaltungen.


Dowéinst, wëlle mir am Réidener Kanton d’Diskussiounskultur erëm opliewe loossen; duerch Diskussiouns-Owender, wou sech Jonk an Al treffen, wënsche mir eis ee respektvollen Austausch fir déif Rëss an der Gesellschaft entgéint ze wierken. Wann Iech gesellschaftlech Themen um Häerze leien, wann Dir gutt Iddien hutt an Dir iwwer di aktuell Entwécklungen an eiser Welt an an eisem Kanton wëllt matschwätzen, dat kommt op eisen éischten Diskussiouns-Owend.

Wärend dësem éischten Owend, steet de Klimawandel um Programm.
> Wat fir Gedanke maacht Dir Iech?
> Wat kënnen d’Auswierkunge vum Klimawandel bei eis sinn?
> Firwat brauch d’Transitioun esou laang?
> Wat kënne mir bei eis am Kanton maachen?
> ……

Wann dës Diskussiounsronn Uklang fënnt, wëlle mir sou Veranstaltunge reegelméisseg organiséieren. Um Enn vun all Diskussiounsowend gëtt d’Thema vum nächsten Owend zesummen definéiert.
Dës Owender sinn oppen, Dir engagéiert Iech just fir deen Owend.

Mir freeën eis op interessant a konstruktiv Gespréicher!

Nach Froen?
Mellt Iech an der Réidener Infostuff!
Caroline Schmit - T 26 62 08 01 22
Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!