Interview mam Marc Schroeder, dem Direkter vun der DEA (Distrbution d’Eau des Ardennes)

Vu wou kënnt d’Drénkwaasser an eise Gemengen hier, déi bei Iech Member sinn (Gemengen Ell, Groussbus, Préizerdaul, Rammerich, Sëll, Useldeng, Viichten a Wal)?

Ouni ze vill an den Detail ze goen, kënne mer soen, dass d’Gemenge Groussbus, Préizerdaul, Sëll, Useldeng a Viichten hiert Drénkwaasser vun der Kaalmesser Béik Quell a vun Useldeng (Quellen a Pëtzer) kréien. D’Gemengen Ell, Rammerich a Wal kréien eng Mëschung vu Grondwaasser a SEBES-Waasser, also Uewerflächewaasser aus dem Stauséi.

Kaschbuer-Quell: Eng vun de 6 DEA-Quellen tëschent Éiner a Schweech. © DEA

De Klimawiessel bréngt méi dréchen a waarm Summere mat sech an di leschte Wantere wore leider och ze dréchen. Gläichzäiteg wiisst eis Bevëlkerung stänneg (am Kanton Réiden: 44% tëschent 2000 an 2020). Wat ass di gréisst Erausfuerderung fir Iech?

Effektiv huet sech d’Awunnerzuel an eise Member-Gemengen iwwer di leschte 40 Joer verduebelt. De Gesamtverbrauch ass doduerch natierlech an d’Luucht gaangen, de Pro-Kapp- Verbrauch par contre geet an eise Gemenge liicht erof (d’Corona – Joer 2020 ausgeschloss). Vun Ufank Juni bis zum Congé collectif hu mir een héije Verbrauch. De Spëtzeverbrauch gëtt verstäerkt, wann d’Temperaturen iwwert 30 Grad klammen. Di héich Temperaturen hu bis elo kloer méi ee groussen Impakt op de Verbrauch gehat wéi de Waassermangel wärend enger Dréchent. Mee säit de leschte laangen Drécheperioden am Summer, si verschidde Privatpëtzer an der Landwirtschaft dréche ginn an dës Betriber hu sech dee Moment un d’Drénkwaassernetz ugeschloss. Bei der Gréisst vu verschiddene Mëllechbetriber mécht dës abrupt Hausse vill aus, besonnesch wann sech méi Betriber gläichzäiteg uschléissen.

Wäerte mir dann awer och an Zukunft nach ëmmer genuch Waasser hunn?

Jo, wat d’Quantitéit ugeet, braucht Dir Iech mëttelfristeg keng Suergen ze maachen. Mat der neier Opbereedungs-Anlag zu Eschduerf kënne mir och an Zukunft op den den Akaf bei der SEBES zeréckgräifen. Dem Spëtzeverbrauch am Summer probéiere mir mat enger intelligenter Steierung vum Reseau entgéint ze wierken. Aktuell hu mir eng Späicherkapazitéit vun 22.000 m3. Dës erlaabt et eis fir 4-5 konsekutiv Spëtzeverbauchsdeeg gutt ze iwwerstoen. Wou mir nach méi dru schaffe mussen, ass d’Qualitéit vun eisem Grondwaasser ze erhalen. An dësem Eck gëtt et vill intensiv Landwirtschaft; wat d’Nitrater ugeet, weist d’Tendenz no uewen an d’Pestiziden, déi de Moment nach ënnert de Grenzwäerter leien, mussen am A behale ginn, fir dat mir och an Zukunft eis Quellen a Pëtzer kënne benotzen.

D’Béik Quelle vu Kaalmes mat Pompelstatioun. © DEA

Dowéinst d’Aféierung vun Drénkwaasserschutzzonen?
Ganz richteg. Eis Schutzzone sinn ausgewisen a mir schaffen un der Ëmsetzung vun de Moossnamen. Fir méi effektiv kënnen ze schaffen, goufen um nationale Plang déi iwwert 80 Drénkwaasserschutzzonen a 7 regional Gebidder regruppéiert, dovunner ass eent am Atertdall. An dësem Gebitt huet sech d’DEA mat hire Partner zesumme gedoen an een Animateur agestallt. Op dëse Schutzzone soll och zesumme mat de Baueren an de Partner vun der Berodung - Convis, Landwirtschaftskummer an IBLA - geschafft gi fir Schutzmooss-namen ëmzesetzen. Mir sinn an de Startlächer fir dës Coopération unzegoen, mee wéinst Corona ass alles a Verzuch geroden (Informatiounsveranstaltunge sinn nach net méiglech).

Wéi oft maacht Dir Miessunge bei de Quellen a Pëtzer?
Bei eise 6 Quelle gëtt d’Schüttung (Débit) all zwou Woche gemiess. Et kann ee soen, dass d’Quellen 3-6 Méint brauche fir z.B. op eng Dréchent ze reagéieren. Esou gesi mir d’Impakter vun engem dréchene Wanter am Fréijoer. De Waasserspigel an eise Pëtzer gëtt en continu gemooss, hei gesi mir och d’Effekter vun dréchene Wanter. Mee de System reagéiert méi lues. Eis Quelle leien all am Bësch a ginn esou net staark vun der Landwirtschaft beaflosst. D’Pestiziden a Nitrater an de Buerlächer a Quelle ginn all Mount gemooss. Haaptsächlech bei eise Buerlächer ginn d’Pestiziden an d’Nitrater iwwert d’Joren konstant erop.

Wéi wäit kënnen d’Gemengen Iech an der Drénkwaasser-Versuergung (quantitativ & qualitativ) entgéint kommen?
Punkto Infrastrukturen gëtt et sécherlech nach Spuerpotenzial duerch d’Detektioun vu Fuitten an de Gemenge-Réseauen. Bei Baugeneemegunge vu gréissere Betriber wier et entscheedend ze kucken, ob d’Waasserquantitéit ka geliwwert ginn. Schlecht fir d’Regeneratioun vun eise Grondwaasserreserven ass d’Versigelung (Zoubaue vum Bueden), deemno ass all Uewerfläch, déi duerchlässeg bléift, immens wichteg. A virun allem, ëmmer versiche mam gudde Beispill virzegoen a spuersom mam Waasser ëmgoen, souwuel an der Verwaltung wéi och am ëffentleche Raum (Bewässerung an Dréchenzäiten). Et wier och schéin ze gesinn, wann d’Gemenge vun deene Betriber géinge Produkter kafen, déi aktiv Waasserschutz ëmsetzen an op Pestzide verzichten. Da musse mer eis och bewosst sinn, dass dat kéint méi kaschten.

Wat kann ech als Privatpersoun maache fir den zukünftegen Erausfuerderungen am Beräich vun der Waasserversuergung entgéint ze kommen?
All Drëps, déi aus dem Krunn kënnt, huet Drénkwaasserqualitéit. Et ass ee groussen Opwand fir dës héich Qualitéit an ausräichender Quantitéit jidderzäit zur Verfügung ze stellen. Deemno wënsche mir eis, dass mir dëst genéissen a respektéieren.
An eisem Gaart kënne mir och eng gewëssen Diversitéit akzeptéieren an eis d’Fro stellen, ob chemesch Keulen wierklech néideg sinn. Mat der Aart a Weis, ewéi mir eis Ëmgéigend plangen an ënnerhalen, kënne mir eisen Deel zum Waasserschutz bäidroen.