Velo am Réidener Kanton
All d'Vëlosweeër aus dem Réidener Kanton fannt Dir och um Geoportail.
Alle Radwege des Kanton Redingen finden Sie auf dem Geoportail.
Tous les itinéraires cyclables du Canton de Redange se trouvent sur le Geoportail.
Download
DOWNLOAD PDF CARTE VELO
DOWNLOAD PDF TOUR EN VELO CANTON DE REDANGE
GPX Dällchen West Tour: http://g-o.lu/3/SoBJ
GPX Jhangeli West Tour: http://g-o.lu/3/l5hV
GPX Wisen West Tour: http://g-o.lu/3/X6IC
30 Info-Tafelen quiersch duerch eise Kanton
Am Summer 2019 sinn 30 Info-Tafelen laanscht eise Vëlospisten bei touristeschen Attraktiounen oder op kritesche Plazen opgeriicht ginn.
Mir hoffen, dass dës ville Vëlosfuerer bei hiren Entdeckungen duerch eise schéine Wëlle Westen hëllefen an nei Vëlosfuerer unzitt.
Vëloskaart vum Westen
De Kanton Réiden huet iwwer di lescht 4 Joer zesumme mat der Leader-Regioun Lëtzebuerg West an der Gemeng Mäerzeg ee Vëlosweeër-Netz ausgeschafft. Dës kommunal Vëlosweeër sinn am September an Oktober 2016 ausgeschëldert ginn. Nierft de Schëlder, déi d'Uertschaften ausweisen, hu mir och zwee touristesch Touren ausgeschëldert:
- den Wisen West Tour: (Kaart) Des mëttelschwéier bis schwéier Tour vun 38km verleeft vu Réiden op Rammerich, Ueschdrëff, Ranschelt a Bëschruedt op Prooz an Osper iert et zréck op Réiden geet. Ennerwee fuert Dir laanscht d'Schiefergrouwe vu Maartel, d'Biekerecher Millen an d'Kiirch an de Musée Thillenvogtei zu Ranschelt. Beschreiwung op Outdooractive
- den Dällchen West Tour (Kaart). Des mëttelschwéier Tour vun 25km geet vun Useldeng, Rippweiler, Iewerleng, Reimberg, Béiwen zréck vun Useldeng. Ennerwee kann een de Geologie-Musée zu Reimberg besichtegen, d'Useldenger Buerg an de berühmten Mosaik vu Vichten. Beschreiwung op Outdooractive