Dëst sinn kuerz a kannerfrëndlech (3-5km) Trëppeltier an den 10 Gemenge vum Kanton Réiden an an der Gemeng Mäerzeg.

Iert Dir eng Safari maacht, checkt w.e.g. di aktuellsten Opléisung (ënnert der jeeweileger Safari).

WICHTEG : PLACKE NET ZEVILL IWWERDECKEN, an awer trotzdeem genuch fir d'Spannung ze behalen!!

Villmools Merci am Viraus fir Är Mathëllef a weiderhi flott Safarie gewënscht!
 

Wat brauch ech fir meng Safari?

Dës Tier sinn net all ausgezeechent, dowéinst ass et gutt fir nieft der Kaart aus dem Bichelchen och nach d'Erklärunge mat Fotoen erofzelueden, op déis Du ënnerwee ëmmer kanns zougräifen. Dës kanns Du ënnert de verschiddenen Tier eroflueden (-> Wegbeschreiwung). Fir déi Tier, déi ausgezeechent sinn (Sëll, Koulbich, Rëmmereg, Mäerzeg, Naturpur, Ranschelt) gitt w.e.g. einfach der Beschëlderung no.

Falls Du d'Bichechele net hues, kanns Du och di entspriechent Säiten vun all den Tier eenzel eroflueden (->Extrait Bichelchen). Géi heifir och ënnert déi verschidden Tier kucken, soss hei de kompletten PDF vum Bichelchen. 

Verschidde Safarien ginn iwwer geheimnisvoll Weeër, déi am Summer liicht zougewuess kinnte sinn, dowéinst am beschten eng laang Box undinn (och gutt fir Zeckebësser virzebeugen). Bei Reen, kinnte verschidde Weeër matscheg sinn, dowéinst w.e.g. ëmmer zoue Schong unhunn.

De Special fir d'Kanner

Op all Wee si 4 Schiferplaque mat engem Indice vun engem Mamendéier (Säugetier) verstoppt. Dës si meeschtens un engem Holze-Piquet fixéiert, deen an de Buedem geschloen ass. W.e.g. nëmmen d'Schiferplaque kucken a net versichen den Holze-Piquet rauszezéien. Et wier och super, wanns Du d'Schiferplaque kinnt rëm bëssi mat Blieder verstoppen, fir dass et och nach spannend bleift fir déi, déi no Dir kommen. Merci villmools.

Fir d'Indicen, déi op de Schiferplaque gemoolt si bësser interpretéieren ze kënnen, invitéiere mir Iech di flott Déierekaarte vun der ANF am Virfeld mat Äre Kanner duerchzehuelen. Dës ginn all d'Informatiounen un, déi Dir braucht fir optimal op d'Safarie virbereet ze sinn. Zousätzlech och am beschten eng Kéier d'Erklärungen fir d'Indicen ukucken ;-) (och am Bichelchen op Säit 130 & 131)

D'Eltere kënnen och eng Foto vun all Verstopp ënnert de verschiddenen Tier virfannen (->Opléisung), wou gewise gëtt, wou dat genaut Versteck vun all Schiferplaque ass.

Problemer ënnerwee?

Hues Du eppes ënnerwee fonnt, wat net klappt (gebrache/verschwonne Schiferplaque, Problemer um Wee, ....)? w.e.g eng Mail schreiwen mat der Nummer vun der Safari an der Nummer vum Indice (1-4) : Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein! ODER um FACEBOOK Grupp "Safari am Wëlle Westen" mellen.

Download vum GPX

Op dësem Geoportail-Link kanns Du d'Safarien als GPX / KML - Datei eroflueden.

Belounung fir d'Kanner

Hues Du op mannst 15 Déiere entdeckt? Da kriss Du ee Safari-Survivor Diplom heemgeschéckt. W.e.g. heifir di leschte Säit am Bichelchen ausfëllen an un d'Tourist Info Atert Wark (1, Millenhaff L-8706 Useldeng) schécken. Et gëtt keng Date-Limite fir dësen Diplom, Dir braucht Iech also net ze hëtzen fir op mannst 15 Safarien dëst Joer ofzeschléissen. 

 

 Mir wënschen Iech vill spannend Entdeckungstouren an eisem Wëlle Westen a passt gutt op Iech an och w.e.g. op eis Natur op!

Dëse Projet vum Syndikat Kanton Réiden gouf zesumme mat der ANF, dem Schifermusée vu Maartel, de Biekerecher Millepätteren, dem regionale Bureau vun Natura2000 an der Tourist-Info vun Useldeng ausgeschafft. Mir soen dëse Partner villmools Merci hier gutt Zesummenaarbecht.

 

 ------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------

Komplett Bichelchen (136 Säiten - low resolution): DOWNLOAD

Extrait Erklärungen (2 Säiten): DOWNLOAD

Extrait Lëscht mat Iess / Drénkméiglechkeeten (1 Säit): DOWNLOAD

Déierekaarten: DOWNLOAD

Fir all d'Informatiounen zu deenen eenzelne Safarien (eenzel Safari-Extraiten aus dem Bichelchen/ Erklärunge mat Fotoen / Opléisung vum Verstopp), gitt w.e.g. op d'Säit vun der respektiver Safari:

Safari Biekerech; Safari Einer; Safari Eischt; Safari Sëll; Safari Useldeng; Safari Foulscht; Safari Koulbich; Safari Rued; Safari Rëmmereg; Safari Schweech; Safari Wal; Safari Mäerzeg; Safari Dellen; Safari Kéiber; Safari Pärel; Safari Misärsbréck; Safari Naturpur; Safari Randschelt; Safari Viichten; Safari Nojem

 

 

Verschenkt dëst Joer dat Wäertvollst wat Dir hutt!

All Akaf huet ee méi oder manner groussen Impakt op eis Äerd. Fir d’Produktioun vu ville Materialien aus eisem Alldag ass enzwousch op eiser Äerd eppes ofgebaut ginn (Metaller, Pëtrol, …). Soulaang mir an enger Welt liewe, wou net alles ëmmer rëm kann héichwäerteg recycelt ginn, endegt villes an der Dreckskëscht.

Wann Dir dëst Joer net nëmmen Ären Allerléifsten, mee och eiser eemoleger Äerd wëllt ee klenge Kaddo maachen, da schenkt hinnen e bëssi vun deem Kostbaarste, wat mir hunn:  ZÄIT.

„Das Schönste, was Du jemandem schenken kannst ist Zeit… Denn damit schenkst Du ihm ein Stück von Deinem Leben“ (Unbekannt)

 

Wéi wier et zum Beispill mat engem Zäitbong fir:

- eng entspanend Kappmassage

-  zesumme Fotoe vu fréier ze kucken

- ee Vollmound-Spadséiergang

- ee Spillowend doheem

- zesumme Kichelcher ze baken

- Blummen ze planzen

- ee Nomëtte Kleeder ze tauschen

Dowéinst lued hei Ären Zäitbong erof! Oder gitt Iech ee fir 1€ an d'Infostuff (43, Grand rue 8510 Réiden) kafen.

Mir wënschen Iech eng ganz freedeg a flott Zäit zesummen!

Tour du Duerf 2021 am Kanton Réiden

Aktiv Vëlosfuerer am Kanton: 317

dovunner Gemengeréit: 14

Gesamt gefuere Kilometer: 54.335 km (entsprécht engem Tour ëm den Äquator + der Iwwerland-Distanz vu Réiden op Kapstadt/Südafrika)


De Kanton Réiden huet den 1. Präis landeswäit an der Kategorie „meeschte Vëloskilometer“ gewonnen, d’Gemeng Wal raumt gläich 2x of: eemol an der Kategorie „meeschte Kilometer pro Awunner“ an eemol fir de „vëlosaktiivste Gemengerot“.


Awer och d’Resultater vun de Gemengen Uselding a Groussbus loosse sech weisen: si deele sech de nationale Podium mat der Gemeng Wal an der Kategorie „meeschte Kilometer pro Awunner“


Dës groussaarteg Resultater sinn de Verdéngscht vun eisen 317 Vëlosfuerer, deene mir ee ganz grousse Merci ausdrécken. Et ass nëmmen duerch hier Ausdauer an hiren Asaz, dass eis Gemengen an de Kanton ëmmer rëm esou gutt ofschneiden. Dëst ass nämlech di 3. Kéier, dass de Kanton di éischte Plaz am Tour du Duerf gewënnt.


Am Kader vun dëser Campagne, huet bal all Gemeng e Vëlostour fir seng Bierger organiséiert. Bei dëser Occasioun haten d’Bierger d’Méiglechkeet, fir hier Iddie fir de Vëlo hire Gemengeverantwortleche matzedeelen an an engems Kilometer fir hier Gemeng ze sammelen.

De 27. Oktober sinn d’Gewënner aus eisem Kanton vum Präsident vum Syndikat Kanton Réiden, dem Thierry Lagoda, an der Réidener Aula geéiert ginn. No der Präisverdeelung ass dëst supert Resultat gefeiert ginn.

 

 

 

Safari Nojem

Extrait Bichelchen

Wegbeschreiwung

Opléisung

Safari Viichten

Extrait Bichelchen

Wegbeschreiwung

Opléisung

Safari Randschelt

Extrait Bichelchen

Wegbeschreiwung - ëmmer dem Zeeche vum Randschelter Pad goen

Opléisung

Safari Naturpur

Extrait Bichelchen

Wegbeschreiwung - ëmmer dem gréngen Zeeche vum Naturpur nogoen

Opléisung

https://www.klima.lu/images/Safari/16_Mis_Ople1.pdfEng provisoresch Foussgängerbréck ass um Chantier vum Wier installéiert ginn, esou kënnt Dir dës Safari rëm maachen.



Safari Misärsbréck

Extrait Bichelchen

Wegbeschreiwung

Opléisung

Safari Pärel

Extrait Bichelchen

Wegbeschreiwung

Opléisung

Safari Kéiber

Extrait Bichelchen

Wegbeschreiwung

Opléisung

Safari Mäerzeg

Extrait Bichelchen

Opléisung

Ëmmer dem Zeeche vum Mäerzeger Themewee nogoen!

Safari Dellen

Extrait Bichelchen

Wegbeschreiwung

Opléisung

Safari Wal

Extrait Bichelchen

Wegbeschreiwung

Opléisung